Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rachel Maclean schléit zeréck

Virtuell Realitéit

D'Rachel Maclean schléit zeréck

D'Kënschtlerin Rachel Maclean, Joergang 1987, gouf an hirer schottescher Heemecht scho wärend hirem Konschtstudium entdeckt. Hir Videoe sinn net just duerch hir jäizeg Faarwen, mee och duerch de grad esou jäizegen Humor opgefall. Viru fënnef Joer huet d'Rachel Maclean eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg ausgestallt: d'Expo am Casino mam Titel "Ok, You've Had Your Fun" war e grousse Succès. 2020 ass d'Videokënschtlerin nees do, also: "Rachel Maclean" strikes back.

auto_stories

5 min

"Souvenirs, souvenirs": huet de Sänger Bill Ramsey viru ronn 60 Joer ironesch gehuerelt. Ma, Souvenirshoppen hu bis haut iwwerlieft, bidde kéipweis Salz- a Peffermillen, Schnéikugelen, Porte-cléë mat Motiver, déi typesch fir d'Land sinn.

An der Rachel Maclean hirem Virtual Reality-Clip gi mir matzen an elauter Touristegadgeten aus England wakereg, et ass däischter, natierlech reent et, Fläscheschlësselen vum Big Ben, Täscheluuchte mat der Kinnigin, Téikane vum Route Master Bus hu riseg Alice in Wonderland-Dimensiounen ugeholl.

Tourismus an Identitéit

De Sujet Tourismus beschäftegt d'Rachel Maclean zanter Laangem. Eng Ënnerkategorie vum Nation Branding, mat där am Idealfall vill Geld gemaach ka ginn. A Schottland wierke Kultfigure wéi d'Nessie wéi en Tourismusmagnéit, obschonns d'Monster vu Loch Ness sech zanter Joren net huet blécke gelooss.

Mee wat huet dat mat enger Identitéit ze dinn? Wat mat "Mir wëllen iech eist Ländche weisen"? Näischt: Tourismus trëfft an deem Fall net op Gaaschtfrëndschaft; Tourismus als Invest. Esou wéineg Oppenheet ass net no der Rachel Maclean hirem Goût, an datt se ëmmer manner gëtt, nach manner. Dowéinst huet si op déi fir si rezentst Tragedië reagéiert.

"Ech hat mir virgeholl, déi politesch Evenementer vun de leschte véier bis fënnef Joer kënschtleresch ze verschaffen. Zemools natierlech de Brexit, d'Ligen an der Campagne. Demokratie an England ass also en Theema, mee ech cibléieren d'Demokratie am allgemengen, well do ass d'Gefill, datt eng Aart archaesche politesche System neie Poids kritt, den Internet gëtt beméit, Uni-Chercheure vu Cambridge entwéckelen Algorithme fir déi politesch Campagne. Mech interesséiert, wou déi zwou Welten openee knuppen a wat doduerch entsteet."

Brexit

Zeréck an déi virtuell Realitéit: nach éier een Äntwerten op all seng Froe fonnt huet, kommen op eemol eng Sportlerin an e Businessmann gelaf. Amplaz vu Käpp hu si Handyen um Hals, op den Ecrane sinn allerdéngs hir Gesiichter ze gesinn. An da geschitt eppes komplett Onerwaartes: allebéid froen si no Suen, versichen deen aneren auszestiechen.

"Et schéngt mir, wéi wann de Brexit doraus resultéiert, datt mir déi englesch Geschicht net korrekt opschaffen an hannerfroe kënnen. Da wiere mir nämlech eventuell capabel, eng nei national Identitéit ze kreéieren. Dat Ganzt hätt also manner mat der EU, mee mam Fait ze dinn, datt een England gedanklech nach ëmmer mat engem Empire verbanne wëllt. Mäi Virtual Reality-Clip thematiséiert, wat d'Gefill vun Onsécherheet ausléise kann. An eisem Land wuessen aktuell Inegalitéiten, d'Zuele vu Kënnegunge klammen. De Referendum stoung fir Verschiddener fir d'Iddi, d'Kontroll nees zeréck ze erueweren, eng zimmlech mächteg Iddi, wann s de dech paralyséiert fills: op eng abstrakt Manéier kanns de dir d'Kontroll iwwer däi Liewen, deng Experienzen zeréckhuelen. Domat hunn d'Brexit-Politiker gespillt. An ech spillen dann elo och domat a menger Aarbecht."

Interaktivitéit

An net just domat: d'Rachel Maclean jongléiert op e puer Niveauen. Iwwerdeems wou hiren Assistent mir de VR-Casque iwwer de Kapp gezunn huet, huet hie mir eng Aart Telecommande an de Grapp gedréckt. Eng Aart Handy, wéi hie sot, fir Fotoen ze maachen.

Eréischt no an no versteet een, e wéineg iwwerwältegt vun all deenen Andréck, datt een nach vill méi domat maache kann. An datt fir d'Rachel Maclean Traditiounen zwar ganz harmlos iwwer d'Sprooch un nächst Generatioune virugi ginn, mee sech doduerch duerchaus enges Daags och an Handlungen ausdrécke kënnen.

"Ech hu selwer Erfarung a Saache Videospiller gesammelt. Mee ech denken, datt och en Ufänger verschidde Reaktiounen instinktiv a sech huet: wann eng onheemlech Kreatur dir op engem Ecran entgéint kënnt, wäerts de op déi schéissen. Du bréngs schliisslech net wierklech een ëm a sécher ass sécher. A mäi Clip wollt ech eng relativ primitiv Funktioun abauen, déi dofir suergt, datt jiddwereen, an deem Moment, wou hien d'Fäegkeet kritt, ze schéissen, weess, wat en ze dinn huet, ouni sech nach laang Froen ze stellen. Ech denken, datt Kritiker op déi Manéier Videospiller analyséieren: si interesséiere sech net just fir d'Aart vu Gewalt, mee och fir d'Panoplie vu méiglechen Interaktioune beim Spiller."

Ufanks vun hirer Karriär huet d'Rachel Maclean sämtlech Rollen an hire Videoen iwwerholl, well si ëmmer disponibel war an dat keen zousätzleche Budget bedeit huet. Mee iergendwéi ass hir dat bis haut bliwwen. Obschonns een zemools beim Businessmann bal net gleewe kann, datt eng reng weiblech Fraennues hanner der Knoll mat Ekzema stécht.

"Dat huet mir erlaabt, Notioune wéi Gender, respektiv d'Fluiditéit dovunner, ze analyséieren. An dann och d'Iddi vun der Identitéit als Maskarad: also eppes, wat een un- an ausdoe kann. Ech spille sämtlech Rollen. Dat schéngt absurd: normalerweis géifs du haut e Mann fir eng Männerroll casten, mee ech spillen als Fra och de Mann, an zwar an all Alter. Dat verdäitlecht d'Absurditéit vun Notioune wéi Identitéit an Gender."

D'Rachel Maclean bombardéiert eis mat konterbonte Biller an traditionelle Symboler. Dat Ganzt mat enger gudder Portioun Humor. Dat kléngt no Amusement, sech fale loossen, ouni hanner d'Fassad ze kucken?

De Public beweegen

Net, wann ee mat den Nuancë spillt: d'Rachel Maclean verwandelt faarweg a jäizeg, déi gutt Portioun Humor an eng fett, respektéiert weder Dimensiounen nach Perspektiven. Well si beim Kreéieren awer ëmmer iergendwéi e Public am Kapp huet an d'Intentioun, dat ze beweegen.

"Ech hoffen dat! Ech wëll, datt meng Aarbecht accessibel ass, dowéinst wielen ech Referenzen, déi de Gros vun de Leit haut kenne missten: Computerspiller, an deenen een Zombien erschéisst, Concourse fir jonk Talenter op der Tëlee. Spectateure kommen an eng vertraut, an awer op eemol onheemlech, Ambiance. Dat soll dozou ustoussen, iwwer dat nozedenken, wat mir all ze dacks als selbstverständlech gesinn."