Chamberwahlen 2018 D'Problemer vum Lëtzebuerger Filmsecteur léisen

Wéi ass et der lokaler Kinosproduktioun iwwer déi lescht Legislaturperiod ergaangen? Villes an der Lëtzebuerger Filmproduktioun ännert sech. Et gëtt souguer mëttlerweil doriwwer geschwat, ob dee ganze Filmsecteur, deen am Medieministère ugesidelt ass, net an de Kulturministère eriwwergeréckelt soll ginn. Fir d'Realisateuren a Filmproduzenten ass dat keng zefriddestellend Léisung.

Interview Christian Mosar / Chris Zeien

Donato Rotunno an d'Bady Minck
Donato Rotunno a Bady Minck

De Realisateur a Filmproduzent Donato Rotunno gesäit de Problem e bësse méi komplex. "Ech wënsche mir vun engem Minister, datt en eise Secteur als Industrie ënnerstëtzt an als kulturellen Objet unerkennt, déi zwou Saache gehéieren einfach zesummen." Et kéint een net einfach soen, "elo réckele mir einfach alles an ee Ministère". De Filmsecteur wier vill méi wéi Kultur. E wier och Educatioun, Pedagogie, nei Technologien an Aneres. Den Donato Rotunno erhofft sech, datt den nächste Minister dat verstoe géif.

D'Bady Minck geet och dovun aus, datt de Lëtzebuerger Filmsecteur e Kommunikatiounsproblem hätt. "D'Leit mengen ëmmer, datt de Kino nëmme "Bling Bling", Staren, Schampes a rouden Teppech wier. "Mee mir ginn do eis Filmer verkafen. Wa mir net zu Cannes wieren, da kéinte mir nëmmen hallef sou vill Filmer maachen, well do ass déi ganz Welt vum Film", seet d'Realisatrice an d'Filmproduzentin.

"Mir feieren eise Secteur all zwee Joer, dat ass richteg, mee dat ass wierklech net geklaut, an dertëschent schaffe vill Leit immens vill", sou den Donato Rotunno.

D'Bady Minck géif sech e Minister wënschen, deen Zäit fir déi Filmschafend huet, sou wéi dat viru Jore gewiescht wier. "Eisen Audiovisuells-Minister koum op Cannes an op Berlin an huet eis nogelauschtert, wéi eng Problemer et am Secteur gëtt, an hien huet déi Problemer dann, zesumme mam Filmfong geännert. An du koum de Staatsminister, an natierlech hat dee keng Zäit. Hien ass mol net op Cannes komm, wéi eisen "Amour Fou" zu Cannes gelaf ass." D'Problemer, déi de Lëtzebuerger Filmsecteur an de leschte Jore gehat hätt, wieren dofir och net geléist ginn, bedauert d'Bady Minck.

Villfalt muss ënnerstëtzt ginn

D'Bady Minck an den Donato Rotunno begréissen, datt de Lëtzebuerger Filmfong vill verschidde Genre vu Filmer ënnerstëtzt. Am Lëtzebuerger Filmsecteur géife ronn 1.000 Leit schaffen, déi während verschiddene Perioden net schaffe kéinten, well keng Produktioune géife lafen.

"Dat heescht, et ginn einfach Momenter, an deenen Techniker Aarbecht brauchen. Wann eng Villfalt do ass, dann ass d'Chance méi grouss, datt si och schaffe kënnen", seet den Donato Rotunno. Anerersäits brauch een och e Budget, fir dës Villfalt kënnen ze garantéieren. An Zukunft misst eng separat Finanzéierung fir Projete virgesi ginn, déi op nei Technologien, wéi zum Beispill déi virtuell Realitéit, setzen.

D'Bady Minck stellt iwwerdeems a Fro, ob Televisiounsemissioune wéi "En Zëmmer ze verlounen" op RTL a "Krieg der Träume" op ARD an ARTE missten ënnerstëtzt ginn. Eng méiglech Ënnerstëtzung misst eleng vun der Qualitéit ofhängeg gemaach ginn.

An der Mediathéik:

Invité am Moies-Magazin / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Filmfong Riicht eraus
Riicht eraus

Méi wéi zwee Drëttel vun de staatleche Subventioune fir de Filmsecteur fir 2018 si scho verdeelt. D'Lëtzebuerger Filmproduzenten hunn Angscht, datt d'Projete mussen op Äis geluecht, oder souguer annuléiert ginn.

IMG_6958.JPG
Lëtzebuerger Dag zu Cannes

D'Lëtzebuerger Filmproduzente kritiséieren d'Regierung. Et wieren net genuch Suen do an et géif keen Dialog ginn. D'Industrie géif den Ament un engem neie Modell schaffen, fir d'Suen anescht ze verdeelen.

Sam Klebanov
Filmfestival Cannes

Wäert Blockchain d'Filmindustrie laangfristeg veränneren? Dat ass eng Fro, déi dëst Joer zu Cannes um weltwäit gréisste Filmmarché am Mëttelpunkt steet. An dat fir déi éischte Kéier.

Ruben Östlund
European Film Awards

Zënter 30 Joer vergëtt d'Europäesch Filmakademie déi europäesch Filmpräisser. Dëst Joer war eng schwedesch Produktioun besonnesch erfollegräich. D'Zeremonie war eng politesch Affär.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen