E Paschtouer, deen de Glawe verluer huet an drënner leit; eng Fra, déi mam Zuch an enger Gare ukënnt an déi - dem Uschäin no - keen um Quai erwaart; e Mann, dee vun engem fréiere Bekannten op der Strooss ignoréiert gëtt, well en dee viru Jore schlecht behandelt hat ... Dat sinn nëmmen e puer vun den Episoden aus dem schwedesche Film ''About Endlessness'' vum Roy Andersson.
De Routinier Andersson ass beim Stil bliwwen, deen hien och schonn a viregte Wierker wéi ''A Pigeon Sat on a Branch Reflecting on Existence'' oder ''You, the Living'' entwéckelt hat: fix Kamera, laang Opnamen, luest Spill vun den Acteuren, blatzeg-stëbseg Faarftéin.
Gefill vun der Onendlechkeet
Sou triste et och ass, dat wat een do um Ecran zerwéiert kritt - a vläicht grad dowéinst -: et ass dacks immens witzeg! Natierlech e ganz speziellen, distanzéierten, subtille schwaarzen Humor, deen ee vun engem Aki Kaurismäki kennt - just, datt de Roy Andersson nach e gudde Schotz méi melancholesch an depressiv eriwwer kënnt, wéi säi finnesche Kolleeg!
Pessimismus, an awer ...
Dës Suite vun Episoden, déi deels onofhängeg vunenee sinn, deels mat Personnagë besat sinn, déi - wéi de Paschtouer - méi dacks erëm kommen, an déi eng weiblech Off-Stëmm kommentéiert (d'Personifizéierung vun der Onendlechkeet?), ginn an der Mëtt vum Film duerch e freedegen Intermezzo ënnerbrach: dräi jonk Frae bleiwe virun der Terrass vun engem Bistro stoen a fänken un, um Rhythmus vun der Musek ze danzen. An da geet et weider: um Maart virum Fëschstand bläert op eemol e Mann eng Fra un a schléit si an d'Gesiicht, eemol, zweemol, dräimol, éier d'Leit ronderëm ufänke mat reagéieren.
''About Endlessness'' ass vun der Form hier immens maîtriséiert. Dëse poetesche Film, deen och alt emol an dat Iwwernatierlecht kann eriwwer goen, hannerléisst e pessimistescht Bild vun enger liewensmidder Mënschheet. An awer seet um Enn ee vun de sëllege blutteidele Personnagen: ''et ass alles fantastesch!''
''About Endlessness'' leeft um LuxFilmFest nach dëse Samschdeg 14. Mäerz um 11 Auer an der Cinemathéik.