Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nationalbibliothéik um Wee vun der Transformatioun

Nationalbibliothéik

D'Nationalbibliothéik um Wee vun der Transformatioun

Wéi eng Projete si finaliséiert a wat sinn d'Visioune fir d'Zukunft? De Claude Conter ass zënter 2020 Direkter vun der Nationalbibliothéik, déi 2019 aus dem Zentrum an dat neit Gebai um Kierchbierg geplënnert ass.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fënnef Projete sinn elo an der Nationalbibliothéik finaliséiert ginn. Den éischten ass d'Migratioun op en neie System, deen erlaabt d'Gestioun vun Donnéeë vu méi wéi 80 Bibliothéiken zu Lëtzebuerg ze optimiséieren. Kuerz heescht dee Projet ALMA.

"Mir hunn am Moment ongeféier 1,1 Millioun e-booken an eisem Repertoire dran an déi hu missen un de Mann, un d'Fra bruecht ginn. Mir hunn do missen eis Vue iwwerdenken an op en neie System migréiere wou mer et vill méi einfach hunn, elektronesch a Print-Dokumentatioun zesummen ze bréngen", seet de Carlo Blum.

Prêt numérique

Op hirer Internetsäit eluxemburgensia.lu wëll d'Nationalbibliothéik bis 2030 sämtlech Monografien a Périodiquë vum Lëtzebuerger Fong numériséieren.

"Am Respekt vun den droits d'auteur wëlle mer dat alles och doheem zougänglech maachen, am Sënn vun engem Prêt numérique", sou de Claude Conter.

Déi Inhalter op deene keng droits d'auteur méi drop sinnm fënnt een um Site eluxemburgensia.

Visiteurszuel huet sech méi wéi verduebelt

D'Nationalbibliothéik ass net just e Lieu, wou een Bicher ausléine kënnt, et ass och e Raum vun der Recherche, Studenten, Chercheuren an natierlech och Buchliebhaber hale sech och gäre méi laang op an der BNL. D'Zuel vu Persounen, déi sech an der Nationalbibliothéik ophalen huet sech innerhalb vun enger Joer verduebelt an dofir ass decidéiert ginn d'Ëffnungszäiten ze verlängeren.

An eng weider Ännerung, déi dem Public entgéint kënnt: Vun elo un, kann ee sech iwwer Myguichet.lu an d'Nationalbibliothéik aschreiwen.