Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ëmmer méi iranesch Frae kämpfen ëm hir Rechter"

Film

"Ëmmer méi iranesch Frae kämpfen ëm hir Rechter"

Am Drama YALDA geet et ëm d'Verzeien, de Klassekrich an d'Roll vun der Fra am Iran. Dës Lëtzebuerger Co-Produktioun ass elo am Kino ze gesinn. Interview mam iranesche Realisateur Massoud Bakhshi.

auto_stories

5 min

Michel Delage: An Ärem Drama YALDA setzt Dir eng Reality TV-Emissioun an Zeen, an där zum Dout Verurteelter d'Famill vum Affer kënnen ëm Verzeiung bieden an der Doudesstrof entkommen. Hei ass et eng jonk Fra, déi wéinst Doudschlag un hirem vill méi ale Mann condamnéiert ginn ass. Déi spannend Fro ass, ob d'Duechter vun deem Mann der Täterin verzeit oder net. Gëtt et esou Emissiounen am Iran wierklech oder hutt Dir se erfonnt?

Massoud Bakhshi: An den éischte Versioune vum Dréibuch gouf et keng Emissioun, just d'Geschicht vun enger Fra, déi zum Dout verurteelt ass. E Frënd huet mech dunn op déi Emissioun opmierksam gemaach, well ech keng Tëlee kucken. Si war e bëssen anescht ewéi déi am Film, mee och do goung et ëm Verzeiung. Allerdéngs mat ganz verschiddenen Invitéen a Geschichten, woubäi déi populäersten Episoden déi waren, an deenen et ëm den Doud goung.


De ganzen Interview mam Massoud Bakhshi lauschterenplay_arrow


Ech hunn dat alles dramatiséiert, iwwerdriwwen, méi spektakulär gemaach. Mee de Prinzip, datt an enger Live-Emissioun d'Famill vun den Affer ëm Verzeiung gefrot gëtt, ass dee selwechten. D'Emissioun gouf et zwielef Joer laang. No mengem Film gouf se net méi produzéiert.

Am Film frappéiert besonnesch d'Modernitéit vun där Emissioun. Wärend een an Europa un esou Biller gewinnt ass, wierkt et an engem iranesche Kontext ewéi den Zesummestouss tëschent Modernitéit an Traditioun. Ass et dat, wat Dir wollt ausdrécken?

Jo. Am Film geet et ëm d'Kontraster an d'Widderspréch bannent der aktueller iranescher Gesellschaft. Den Iran huet eng relativ al a räich Kultur, mat enger Geschicht, enger Zivilisatioun, déi Dausende Joren huet.

Den Titel vum Film YALDA bezeechent e vir-islamescht Fest, en zoroastrescht Fest, dat et schonn zanter iwwer 3.000 Joer gëtt. D'Famillje kommen am Ufank vum Wanter zesummen wärend der längster Nuecht vum Joer. De Begrëff "Yalda" kënnt aus der klassescher persescher Sprooch an heescht "déi grouss Gebuert". D'Iraner wossten, datt duerno d'Nuechte nees méi kuerz ginn, datt d'Fréijoer kënnt, datt Hoffnung besteet.

Fir op Är Fro zeréckzekommen: jo, et geet ëm Kontraster. Engersäits d'Modernitéit, déi och duergestallt gëtt mat Biller vun Teheran, enger Megalopolis, an där dagdeeglech 16 Millioune Mënschen zirkuléieren. Anerersäits sinn et ganz al Traditiounen a Bräich.

Ënnerschiddlech Fraen, tëschent Kitsch a Klassekrich

Mee och tëschent de Personnagë gëtt et Kontraster. Am Film sinn op d'mannst zéng weiblech Personnagen, an all eenzelen ënnerscheet sech vun deenen aneren. Besonnesch déi zwou Haaptprotagonistinnen, Mona a Maryam. Et gesäit ee gutt, datt d'Maryam aus enger benodeelegter Schicht vun der Gesellschaft kënnt. D'Mona ass dogéint eng ganz modern, gebilten, räich Fra. Si huet finanziell Interessien a wëllt d'Land verloosse fir anzwousch anescht liewen ze goen.

Visuell ginn déi Kontraster mat där Emissioun duergestallt mat enger ganz kitscheger Atmosphär vun Telerealitéit, eppes wat et esou op der ganzer Welt gëtt, an dann och d'Geheimnisser an där Geschicht.

Den iwwergeuerdente Kontrast ass de Klassekrich, ënner anerem an der Zeen vum Accident. Zesumme mam Verzeien ass de Krich tëschent de soziale Klassen ee vun den universellen Themae vum Film. D'Welt vun haut ass wierklech gespléckt tëschent enger Minoritéit, déi räich ass a gären alles fir sech hätt, an der Majoritéit, déi immens ënner den Ongerechtegkeeten an Ongläichheete leide muss.

Dir hutt vun den ënnerschiddleche Frae geschwat, déi net all déi selwecht Interessien hunn. Mee et gëtt am Film och e groussen Ënnerscheed tëschent de Fraen an de Männer. Et sinn d'Männer, déi d'Muecht an der Emissioun hunn, déi kontrolléieren, wat d'Frae soen däerfen a wat net...

Et ass net alles schwaarz a wäiss. Ech hu grad probéiert, esou no ewéi méiglech un der Realitéit vun der iranescher Gesellschaft drun ze sinn. Et gi vill Fraen, déi aktiv sinn. Am Film gesi mer op d'mannst fënnef Fraen, déi an der Regie schaffen. D'Technikerposte sinn all vu Frae besat.

An der éischter Versioun vum Dréibuch hat ech och Männer, déi sech ëm d'Regie bekëmmert haten. Wärend menger Visitt vun engem richtegen Tëlees-Plateau hunn ech gemierkt, datt do haaptsächlech Produzentinnen a Realisatricë geschafft hunn. Den Zenario hunn ech doropshi geännert: et ass eng Fra, déi d'Antenn kontrolléiert, si huet déi gréisste Muecht.

Nuancéiert Fraeportraiten

Et ass mer drëms gaangen, d'Personnagen ze nuancéieren. D'Maryam ass an där Geschicht scho bal en Affer. An awer ass et net ganz onschëlleg. Et gesäit een an et spiert een unhand vun Detailer, datt et vun deem Luxusliewe mat sengem "temporären" eelere Mann ugezu war. Am Film kënnt dann iergendwann een zimmlech radikale Wiessel vum Bléckwénkel: ewech vum Maryam an hin zum Mona. Och d'Mona ass op eng Manéier en Affer an dëser ganz schwiereger Situatioun.

An de Medie gëtt net onbedéngt e korrekt Bild vun den iranesche Frae gewisen. Am Iran si vill Fraen aktiv. Datt et op den Universitéite méi Studentinne gëtt ewéi Studenten ass entscheedend. Et weist, datt dat Land wierklech am Gaangen ass sech ze beweegen, et ass an engem permanenten Iwwergang. Dat wäert d'Zukunft veränneren. Frae kämpfen ëmmer méi ëm hir Rechter, an der Gesellschaft mee och an der Famill.