Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beck - Orphans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Scheedung, nom Doud

Film

No der Scheedung, nom Doud

"Moving on", vun der jonker koreanescher Realisatrice Yoon Dan-Bi, zeechent e sensibele Familljeportrait mat deem jiddweree sech dierft identifizéieren. Aus der offizieller Kompetitioun.

auto_stories

3 min

Et ass Summervakanz. Zesumme mat hirem viru Kuerzem gescheete Papp plënneren dat jonkt Okju a säi klenge Brudder bei de Bopa, en eelere Wittmann, deen eleng am Haus wunnt. Iergendwa kënnt och d'Tatta dobäi - och an hirer Koppel klappt et net méi esou richteg. De Bopa gëtt ëmmer méi krank an ass op Hëllef ugewisen. Kann hien nach laang am Haus wunne bleiwen?

Realistesch Duerstellung vum Alldag

Déi jonk Koreanerin Yoon Dan-Bi (Joergang 1990) huet mat hirem éischte Longmetrage "Moving on" en onopfällegen an delikate Familljeportrait gezeechent. Dat ass och d'Stäerkt vun deem Film, deen op eng onopgereegt, realistesch Duerstellung setzt.

Eng Zeen léist déi aner of, op eng ganz "natierlech" Aart a Weis, mat enger Successioun vun Alldagssituatiounen. Gefilmt gëtt gréisstendeels am Haus, dobannen oder dobaussen am Gaart. Et kuckt een der Famill no, wéi si ësst (vill Iesszeenen!); wéi d'Kanner spillen, sech langweilen; wéi de Papp, e Reesender, sech niewelaanscht mat engem Handbuch weiderbilt; wéi sech owes op d'Schlofegoe virbereet gëtt, asw.

D'Zentral Figur vum Grousspapp

Entscheedend sinn awer d'Relatiounen tëschent deenen engen an deenen aneren, an déi ee lues a lues Abléck kritt. Dat soss rouegt Okja vertraut sech just senger Tatta un, zum Beispill wann et ëm de Jong geet, mat deem et eng Bezéiung wëllt ufänken. Wichteg ass och den Impakt vun der Mamm vun de Kanner, déi am Film praktesch net ze gesinn ass: de klenge Bouf steet zu hir, d'Meedchen net, wat e Konflikt tëschent de Geschwëster ausléist.

An dann ass do déi zentral Figur vum Bopa, e Personnage, ëm dee sech permanent muss gekëmmert ginn, deen ni e Wuert seet, ëmmer nëmmen do sëtzt, an dee keen eegestännegt Liewe schéngt ze hunn. An enger touchanter Zeen awer iwwerrascht dat jonkt Okja den ale Mann, wéi deen owes en aalt Lidd iwwer eng vergaange Léift lauschtert, Aen zou a mat engem liichte Laachen am Gesiicht: denkt hien u seng verstuerwe Fra? Oder vläicht un eng aner Persoun? De Film beäntwert déi Fro net.

Wéi den Titel et scho seet, behandelt "Moving On" de Sujet vum Liewen duerno: d'Zäit no der Scheedung, wann och d'Kanner bei engem Elterendeel musse wunnen; d'Zäit nom Doud vun den Eltere respektiv Grousselteren, deen hei als Fluchtpunkt, als logesch nächst Etapp am Liewe vun der Famill am Raum steet. Trotz senge reng koreaneschen Aspekter traitéiert de Film op eng ganz sensibel Manéier en universelle Sujet, mat deem sech jiddweree misst kënnen identifizéieren.


"Moving on" leeft nach eng Kéier um LuxFilmFest, dëse Freideg 13. Mäerz um 14h am Utopia.