Am Vietnam vum 19. Joerhonnert gëtt dat 14 Joer jonkt May déi drëtt Fra vun engem Grondbesëtzer. Wärend d'Meedchen no an no de Fonctionnement vum Liewen um Gutt a seng eege Sexualitéit entdeckt, huet et sech zum Zil gesat, fir hire Mann ee Jong op d'Welt ze setzen.
Ee Béischt gëtt gebuer. Raupe produzéiere Kotteng. Den Här peitscht ee vu sengen Dénger aus. Ee Kand kënnt op d'Welt. Een Hong gëtt ausbludde gelooss. D'Hochzäitsnuecht leeft iwwert d'Bühn, no deem selwechten, éiwege Ritual. ''The Third Wife'' weist de Portrait vun enger Gesellschaftsuerdnung, déi sech praktesch mat den Naturgesetzer deckt.
Dem Schicksal ausgeliwwert
D'Liewen ass eng permanent Widderhuelung vun deem selwechten Zyklus. D'Zäit vergeet roueg wéi d'Joreszäiten, déi sech ofwiesselen. Oder wéi d'Waasser, dat fléisst - ee vun de grousse Motiver an dësem vu Symboler iwwerluedenen, kontemplative Film, deen de luesen Tempo virgëtt.
Grad ewéi alles aneschters an der Natur hunn d'Mënschen hir Plaz, hir Funktioun an der strenger Hierarchie vun där klenger Gesellschaft. Och dem Här seng dräi Fraen huelen hiert Schicksal wéi selbstverständlech a Kaf, zum Beispill wann et drëms geet, seng sexuell Wënsch z'erfëllen. Si mussen sech hirem vu Gott gewollte Schicksal ënnerwerfen - fir d'Fräiheet vum Eenzele bleift do net vill Plaz.
D'Léift als Stéierfacteur
Fir Handlung ze dramatiséiere féiert déi jonk Regisseurin Ash Mayfair d'Léift als dee grousse Stéierfacteur an d'Geschicht an. Allerdéngs schéngt ee géint d'Schicksal nëmmen unhand vun enger transgressiver Form vu Léift (Inzest, Homosexualitéit) unzekommen. Dësen Affront géint d'Naturgesetzer gëtt da mat Ongléck, mam Dout bestrooft...
An der allgemenger Rou vum éiwege Liewenszyklus wierkt d'Gewalt vun dëse Gefiller nëmme wéi e Fonken, wéi e sporadeschen Donnerschlag. Déi geleckte Bildästhetik am Genre ''luxe, calme et volupté'' bei den Naturopnamen oder de gefilmte Gesiichter suergt fir ee weidere Kontrast : d'Liewen ass eng wonnerschéi Blumm, mee eng gëfteg Blumm.
Ambivalent Sexualitéit
An ''The Third Wife'' stécht och déi erotesch Atmosphär ervir. D'Sexualitéit gëtt net nëmmen als Mëttel zum Zweck duergestallt (Kanner maachen, den Här befriddegen), mee och als Quell vu weiblechem Pleséier. Besonnesch dat jonkt May, deem seng sënnlech Lëpse vun der Kamera ënnerstrach ginn, entdeckt dës Ambivalenz : mol als Symbol vun der Ënnerdréckung duerch d'Schicksal, mol als Moment an deem een esou eppes ewéi Fräiheet kann ausliewen.
Fir en éischte Long-métrage ass ''The Third Wife'' sécherlech eng Reussite, ee Film, dee sech duerch seng formell Schéinheet an och seng Kohärenz auszeechent.
"The Third Wife" leeft nach dëse Méindeg 11. Mäerz um 18.30 an der Cinemathéik, an en Donneschdeg 14. Mäerz um 16.30 am Utopia.