D'Zukunft, déi de Bablet eis weist, ass eng Verlängerung vun eiser Géigewaart, well den Theema vu der BD ass de Klimawandel an déi sozial Konflikter, déi domat verbonne sinn, sief dat elo Migratioun oder de Kampf ëm knapp Ressourcen.
D'Carbone wëllt sech fir d'Mënschen engagéieren an ass iwwerzeegt, datt kënschtlech Intelligenz hir Problemer léise kann. De Silicium wëllt par conter mat de Mënschen näischt ze dinn hunn a léiwer esou vill wéi méiglech vum Planéit gesinn, éier e komplett zerstéiert ass.
Dem Mathieu Bablet seng zeechneresch Stäerkt läit bei Landschaften a speziell bei der Architektur. Et gi impressionant Biller vu Stied, déi zu Ruine verfalen, wéi vun Naturspektakel, mat deenen den Zeechner e melancholesche Bléck op d'Welt an hir Verännerung entwërft.
Zwar stéiert eng heiansdo schwéierfälleg Pedagogik, mee soss lount sech dës BD, net nëmmen, well et en opulent Wierk op technesch héijem Niveau ass, mee och, well et hir geléngt, eng ongewéinlech, zäitlech kompriméiert Perspektiv op d'Klima-Kris ze entwéckelen.