Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Identitéitssich an enger hyperglobaliséierter Welt

Kultur

D'Identitéitssich an enger hyperglobaliséierter Welt

"Hytte" heescht op norweegesch eng Hütt an ass och den Titel vum éischte Longmetrage vum Lëtzebuerger Regisseur Jean-Louis Schuller. De Film gouf am Kader vum LuxFilmFest gewisen an ass och vun haut Mëttwoch un am Ciné Utopia programméiert.

auto_stories

4 min

De Luc, Mëtt Véierzeg, getrennt a Papp vun engem klenge Meedchen, verléisst Lëtzebuerg a Richtung Norwegen. Middlife crisis jäizt aus alle Poren an déi arktesch Schéinheet a Keelt soll Äntwerte ginn. De Versuch sech ze besënnen, e responsabele Papp ze sinn, sech dem Mëttelstandsliewen zu Lëtzebuerg unzepassen an zefridden ze ginn, dat geléngt net esou einfach. Labber Bekanntschaften, Partye mat vill Alkohol an Danz, d'Rees duerch onbekannt Landschafte sollen dat Friemt, dat Stéierend aus him eraus wäschen, soit e Mann op der Sich no sech selwer.

Op der enger Säit, e Mann, deen net weess, wat e wëllt, voller Virwëtz an Oppenheet, op der anerer Säit, eng Ex-Fra, déi meckert, datt hien sech dovu gemaach huet an e Kand, dat a senge jonke Jore scho begräift, datt ee sech net onbedéngt op Mënschen, déi och frou mat engem sinn, verloosse kann...

Dem Luc gefällt dat raut Klima a Liewen am héijen Norden an no enger duerchdanzer Nuecht gesäit hien eng Gestalt, déi matzen an dëser äiseger a plakeger Landschaften um Buedem schléift. Iwwerraschenderweis handelt et sech hei och ëm e Lëtzebuerger. Et ass de Mike Tock, an der Roll vum Mike. Ass de Luc irritéiert a begeeschtert, bleift de Mike distant, erkläert ouni vill Emotiounen, datt hien op der Sich ass no enger Hütt fir seng primär Instinkter rëm ze fannen a verschwënnt.

Des Renconter beweegt de Luc an hie mécht sech op d'Sich nom Mike, no dëser ominéiser Hütt. Ënnerwee begéint hien Ingrid, eng jonk Norwegerin, gespillt vun Ingrid Liavaag, déi an dëser haarder Welt eens gëtt, en Deel vun hier ass an de Luc ass faszinéiert vun dëser jonker Fra, déi voller Liichtegkeet a Liewensfreed mat zwee Féiss um Buedem steet.

Eng Solitude ass och ganz no beim Nordpol net ze fannen

Et entwéckelt sech eng Relatioun, mee de Luc huet de Mike net vergiess an net opginn... Op senger Rees léiert hien och eng Rei russesch Aarbechter kennen an een dervun erzielt hie vu sengem Dram, mat de verdéngte Suen eng Fra ze bestueden a Kanner ze kréien. E Liewensmodell, dat de Luc hannert sech gemengt huet ze hunn a genee de Contraire ass vun deem, wat hie sicht a wat de Mike him suggeréiert.

Fënnt de Luc dës Hütt an de Mike a wéi eng Äntwerten a Léisungen a wéi ee Luc wäert hien do fannen?

Mat Hytte huet de Jean-Louis Schuller säin éischte Long-métrage realiséiert. Dëse Film soll d'Identitéitssich an enger hyperglobaliséierter Welt hannerfroen, ass an der Synopsis ze liesen. Den Aspekt vun der Hyperglobaliséierung ass sécherlech intelligent a villfälteg duergestallt, néierens ass ee méi verschount vu Publicitéiten, Souvenirsbutteker, a vun der virtueller Welt, vu Croisières-Schëffer... Et ass eng permanent Kollisioun vun onberéierter an onendlecher Natur mam sougenannten technesche Fortschrëtt, eng Sich no sech selwer, eng Solitude ass och ganz no beim Nordpol net ze fannen.

D'Sich no sech selwer bleift ze iwwerflächlech duergestallt

An do ass dann den zweete Volet, deen net esou richteg gelénge wëll. Dës Sich no sech selwer bleift iwwerflächlech, d'Presenz vum Mike, dee ganz séier als den Alter-Ego vum Luc z'erkennen ass, bleift ze vill am Hannergronn, hätt sécher vill méi ze soen, dat Geheimnisvollt bleift ze vill geheim an do geet de psychologeschen Effekt verluer.

Wat Schued ass, well et muss een hei soen, datt de Luc Schiltz hei säi schauspillerescht Talent absolut iwwerzeegend beweist, an de Mike Tock hätt ee gären an der Roll vum verwarloosten, vun der Welt uegeekelten Eremit méi gesinn an héieren.

Et ass en sprocken, raue Film, dee villes weist an awer och leider villes verstoppt. An och wann een dem Luc seng gesäit, sou feelen dem Film einfach d'Couille fir nach eng weider Grenz ze iwwerschreiden an déi plakeg Onsécherheet a Verluer sinn an dëser hyperglobaliséierter Welt ze verdäitlechen.