Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grenze vum staatleche Gewaltmonopol

VOD

D'Grenze vum staatleche Gewaltmonopol

De franséischen Documentaire "Un Pays qui se tient sage" thematiséiert d'Policegewalt wärend de Gilets jaunes-Protester. E wichtegen Denkustouss iwwer déi autoritär Tendenze vun den Demokratien. Op Sooner.lu ze gesinn.

auto_stories

3 min

Policegewalt wärend de Protester vun de Gilets jaunes war an de grousse franséische Medie laang keen Theema. Wat net heescht, datt de Sujet a Frankräich net bekannt war. An de soziale Medie ware massiv Handy-Opnamen zirkuléiert iwwer CRSen an aner Uerdnungskräften, déi mat ''Flashballs'' ob Manifestante geschoss a se mat Knëppele brutal zerschloen haten: nieft deem engen oder aneren Doudege goufen Dosende Manifestante schwéier blesséiert. Vill haten duerch d'Gummiskugelen en A verluer, e Symbolbild fir dës Gewalt.

D'UNO-Mënscherechtskommissioun hat esouguer déi franséisch Regierung zur Moderatioun opgeruff, e Message, dee sech normalerweis autoritär Staate mussen unhéieren.

"Allo @Place_Beauvau - c'est pour un signalement"

Deen a Frankräich vill diskutéierten Documentaire ''Un Pays qui se tient sage'' weist en Zesummeschnëtt vun Handy-Filmer, déi tëschent November 2018 a Februar 2020 uechter den Hexagon gefilmt gi waren. De Realisateur, Buchauteur a Journalist David Dufresne hat am Laf vun de Protester Filmmaterial gesammelt an eng Zort Inventaire vun exzessive Policeaktiounen opgestallt, e Comptage, deen een deemools iwwer Twitter konnt suivéieren.

Seng Messagen hat den Dufresne ëmmer och pro forma an ironesch un de franséischen Inneministère adresséiert, wuel wëssend, datt Polizisten an der Reegel kaum Konsequenzen hu musse fäerten.

Staatsmonopol vun der legitimmer Gewalt

Säin Documentaire verlängert déi Aarbecht duerch eng kritesch Reflexioun iwwer d'Roll vun der Police an der Gesellschaft. Kann een hei nach vum legitimme Gewaltmonopol vum Staat schwätzen, sou wéi den däitsche Soziolog Max Weber en definéiert hat? Ass d'Police do, fir d'Populatioun oder fir de Staat ze beschützen? Ass d'Gewalt, déi vun der Police ausgeet, ëmmer legal a legitim, an d'Gewalt, déi vu sozial Ënnerdréckten ausgeet, ëmmer illegal an illegitim?

Den Titel vum Film ''Un Pays qui se tient sage" bezitt sech op eng Episod, an där Poliziste Schüler forcéiert haten, dobaussen op de Knéien ze sëtzen, mat den Äerm iwwer dem Kapp. Ee Polizist hat déi Zeen mat sengem Handy gefilmt a gesot: ''voilà une classe qui se tient sage!''. War d'Police do nach an hirer Roll?

Ze Wuert kommen zwou Dose Fraen a Männer, där hir Nimm net am Film selwer, mee eréischt zum Schluss genannt ginn, dorënner den Affekot William Bourdon, de Schrëftsteller Alain Damasio, d'Juristin Monique Chemilier-Gendreau, fréier Manifestanten, Journalisten, Universitären, Police-Gewerkschaftler, asw. Si schwätzen entweder eleng an d'Kamera oder sinn am Dialog mat enger zweeter Persoun, si kommentéieren d'Biller, déi se op engem Ecran gewise kréien.

Déi allermeeschten Intervenante hunn eng kritesch bis ganz kritesch Astellung vis-à-vis vun den Asätz vun der Police wärend de Maniffen. Dat Ongläichgewiicht kritt um Enn vun dësem engagéierten Documentaire eng Erklärung: eng ganz Rëtsch vun héije Responsabele vun der Police-Hierarchie wollten op Nofro hin net beim Film matmaachen.

Den Ausnamezoustand: déi nei Normalitéit?

De Montage ass zimmlech einfach gehalen: Sequenze vu Policegewalt oder Ausenanersetzunge mat Manifestante wiessele sech of mat Kommentare vun den Intervenanten. E méi sophistiquéierten Zesummeschnëtt ass, wéinst der Stäerkt vun de Biller, och guer net néideg.

Ëmmer erëm ginn d'Plaze vun de fréieren Affrontementer a rouegen Zäite gewisen: de Kontrast soll den Ënnerscheed tëschent Normalzoustand an Ausnamesituatioun ënnersträichen. A genee dat entsprécht enger vun de wichtege Froen, déi de Film opwerft : riskéiert dat, wat ee wärend de Gilets-jaunes-Protester gesinn huet, net zu engem neien Normalzoustand ze ginn?

Autoritär Tendenze bannent den Demokratien, dat Theema ass scho méi laang an der Diskussioun. Den Documentaire ''Un Pays qui se tient sage'' liwwert e wäertvolle Bäitrag, fir sech Gedanken iwwert d'Entwécklung vun eisen eigentlech op Fräiheet baséierte Regimmer ze maachen.