Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Teskey Brothers - Man Of The Universe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gewënner vum Lëtzebuerger Architektur Präis

LUCA

D'Gewënner vum Lëtzebuerger Architektur Präis

De Lëtzebuerger Architektur Präis steet dëst Joer am Zeeche vu sozialen an ekologesche Konzepter. D'Gewënner goufe vun engem onofhängege Jury a fënnef Kategorien ausgezeechent. Zousätzlech zu de Juryspräisser gouf et och de Prix d'honoraires vum LUCA an de Publikumspräis.

auto_stories

2 min

Dem Jury no ass déi wichtegst Kategorie déi vun de bewunnte Gebaier. Et ass hei, wou de Mënsch lieft, wou et drëms geet, sech doheem a wuel ze spieren. An dësem Beräich gouf e sozialen a Generatiounen iwwergräifende Wunnprojet ausgezeechent.

Al a Jonk zesummebréngen

De Projet vum Architektur Bureau Arlette Schneider ass an der Millebaach an der Stad a gouf vun der SNHBM an Optrag ginn. De Jury huet net nëmmen d'Konzept gutt fonnt, bei deem Al a Jonk an enger Residenz zesumme wunnen, mee och d'Realisatioun.

De Bau zeechent sech aus duerch detailléiert Finitiounen zum Beispill am Trapenhaus an am Gaart. Déi gemeinschaftlech Beräicher si sympathesch gestalt a sollen zum Begéinen alueden. Bei de Materialien huet de Jury déi reduzéiert Palett iwwerzeegt. Keen High Tech, mee Zillen aus Terre cuite gestalten d'Fassad. E Material, dat einfach an der Hierstellung ass an d'Gebai gutt an d'Landschaft afüügt.

An de weidere Kategorië goufen e Jugendhaus mam Numm Maison Jeune Peuple zu Déifferdeng, ausgezeechent, d'Passerelle vum Pont Adolphe an den Tram an der Stad.

D'Motivatioun vum Jury

Den Florian Hertweck, e Member vum Jury a Professer fir Architektur op der Uni Lëtzebuerg, gëtt eis en Abléck an d'Motivatioune vum Jury:

"Das prämierte Projekt ist vielleicht das Aushängeschild, aber man sollte sich die Palette aller Finalisten anschauen und wie die ihre Position quasi verteidigen in Bezug zur Stadtentwicklung und Landesentwicklung von Luxemburg. Und da braucht es in der Tat neue Konzepte, braucht es zum Beispiel neue Genossenschaften, Kooperative. Da geht es viel mehr um gemeinschaftliches Planen und Entwickeln. Da geht es um Mobilitätsfragen, deshalb auch die Tram natürlich, deshalb auch die Fußgängerbrücke unter der Brücke in Luxemburg Stadt. Also die Fragen, die unsere Gesellschaft interessieren heute, die Alterung der Gesellschaft, soziale Ungleichheit, Mobilitätsfragen, das sind die Fragen, wo wir als Architekten und natürlich auch Ingenieure und Landschaftsarchitekten Antworten darauf entwickeln wollen."

Vill Auszeechnungen

Nieft de Präisser huet de Jury och Mentiounen u weider zéng excellent Projete verginn. Net nëmmen de Jury, mee och de Public konnt zanter dem 12. Dezember online ofstëmmen an huet de Luxembourg Learning Center um Belval vun den Architekte Valentiny HVP erausgesicht.

De Prix d'Honoraire gouf un d'Wunnkooperativ Ad HOC vergi fir hiren Pionéiergeescht am participativen Wunnen ze valoriséieren.