Bibliothéik D'BNL huet hir Dieren opgemaach

Dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg huet hir Dieren dem grousse Public opgemaach. No zéng Joer Planifikatioun, fënnef Joer Konstruktioun a véier Méint Plënnere vu méi wéi 40km Dokumenter huet déi nei BNL elo all hir Fongen a Servicer zesummen op enger Plaz. Déi nei Bibliothéik soll eng Plaz sinn, déi all Mënsch usprécht, seet d'Directrice vun der Nationalbibliothéik, Monique Kieffer.

Valerija Berdi / cbi

BNL
Déi nei Nationalbibliothéik iwwerrascht mat ënnerschiddleche Raim

An der neier Bibliothéik sinn 1,8 Millioune physesch Dokumenter ënnerbruecht. 200.000 international a lëtzebuergesch Ouvragë sinn am grousse Liessall direkt accessibel. Fir d'Leit ze guidéieren, gëtt et eng Signaletique, engersäits déi schrëftlech, déi un de Regaler ubruecht ass, da eng digital, déi nach ausgebaut gëtt.

D'Nationalbibliothéik vu baussen

Wann een an der Sichmaschinn no engem Buch sicht, an d'Buch am Liessall steet, da kritt een op engem Ecran ugewisen, wou genee d'Buch steet. D'BNL ass am Gaang och Appen auszeschaffen, fir d'Sich nach méi einfach ze maachen. Dës Appe wäerten an den nächste Wochen disponibel sinn.

Prejugéen entgéint wierken

D'Bicher an de Regaler sinn nom Dewey-System klassifizéiert, zéng Haaptberäicher vun 000 - fir Informatik - bis 900 - Geschicht a Geographie - sinn am Liessall opgedeelt. Och d'Luxemburgensia ass am thematesche Klassement integréiert ginn, "well mir gemengt hunn, dat wier der Luxemburgensia de beschten Déngscht geleescht. Do wier se am visibelsten, engersäits, datt déi vill Auslänner - dat ass de gréissten Deel vun eisen Notzer - datt si Lëtzebuerg besser kenneléieren", seet d'Monique Kieffer.

Mee et wier och fir d'Lëtzebuerger, well déi hätten heiansdo Prejugéë géigeniwwer vu Lëtzebuerger Publikatiounen a mat dëser Integratioun géif een deene Viruerteeler entgéintwierken.

Eng praktesch Architektur

Iert een awer an de grousse Liessall kënnt, ass een um Niveau drënner am Beräich wou Zäitschrëften, Zeitungen a BDen, Mangaen a Lëtzebuerger nei Publikatiounen ze fanne sinn. E Rayon mat Aktualitéitstheme soll och méi Präsenz kréien. "Dat ass och geduecht, fir Leit, déi presséiert sinn, déi sech e bëssen entspane wëllen, fir sech do ëmzekucken." sou d'Monique Kieffer.

Den Thierry Hirtz an d'Monique Kieffer

Dat ganzt Gebai ass esou gebaut, datt sou mann wéi méiglech Energie verbraucht gëtt. De Magasin, wou d'Bicher gelagert a versuergt ginn, ass ganz aus Bëtong, "sou datt de Bëtong hëlleft den thermeschen Equiliber relativ séier hinzekréien", erkläert den Thierry Hirtz, responsabelen Architekt vun de Bâtiments publics. 18 Grad Celsius a 50 Prozent Fiichtegkeet sinn d'Konditiounen ënner deenen d'Dokumenter hei gutt konservéiert ginn.

Nieft dem Liessall, gëtt et awer och e Museksraum mat engem elektresche Piano, Audiokabinnen a Carrelen, also isoléiert Aarbechtsraim, wou ee sech eleng oder zu méi zréckzéie ka fir ze schaffen. Mat enger gratisser Lieskaart kann all Mënsch Accès zu allem kréien, wat d'BNL ze bidden huet.

Méi zum Thema

D'Wierder an d'Faarwe vun der Natur
Een Thema, e Buch

D'Wierder feelen eis sief et fir och nëmmen déi banaalste Landschaft ze beschreiwen. Mee dat war net ëmmer esou, schreift de franséischen Historiker Romain Bertrand a sengem Essai.

Valerija Berdi
Frankfurter Buchmesse

Et ass dat zweet Joer, wou de Kulturministère Lëtzebuerger Literatur op der Frankfurter Buchmesse matdréit. D'ALAC an d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren organiséieren de Stand dëst Joer.

Programm

Net verpassen

  • Am Gespréich: Chaild

    Chaild

    De Kënschtler iwwer säi Coming-out, seng Musekspläng a seng perséinlech Approche zur artistescher Kreatioun.

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen