Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Australier mussen der Wourecht an d'Ae kucken

Luxfilmfest

D'Australier mussen der Wourecht an d'Ae kucken

Fir an der Zukunft de richtege Choix ze treffen, muss Australien sech mat senger Geschicht auserneesetzen, seet den Australier Warwick Thornton. Mat sengem Film "Sweet Country" wëllt de Realisateur d'Australier un d'Originne vum Land erënneren.

auto_stories

5 min

Warwick Thornton

MP: Fir mech ass "Sweet Country" e Film iwwert d'Identitéit vun den Australier. Kann een dat esou soen?

WT: Absolut, ech si jo selwer en Urawunner, en Aborigine. Ech gesinn, datt e groussen Deel vun eiser Identitéit net geléiert gëtt. Eis Geschicht gëtt als eng romantesch Iddi duergestallt. Mä déi méi schwaarz Säit vun Australien gouf vergiess. Als einheimesche Realisateur ass et fir mech wichteg, d'Australier un eis Identitéit z'erënneren ... wou mir hierkommen. Wann Australien gutt Choixen an der Zukunft wëllt maachen, da muss et iwwert seng Vergaangenheet léieren an de Passé unerkennen.

Australien, wéi et elo existéiert, huet jo eng immens jonk Geschicht. Mä d'Land gouf awer um Réck vu Rassismus a Sklaverei opgebaut ...

D'Australier soen, et gouf um Réck vun de Schof opgebaut. Mä dat stëmmt net, et gouf um Réck vun de Schwaarzen opgebaut. Et ass interessant, datt Dir sot, Australien wier e jonkt Land. Eigentlech ass et eent vun den eelste Länner. D'Kolonialisatioun ass eréischt 240 Joer al. Mä mir als Urawunner schwätze vu 60.000 Joer spiritueller Connectioun mam Land. Also wann Australien eis wëllt als Deel vu senger Identitéit ugesinn, da si mir dat eelste Land vun der Welt. Mä si fänken elo eréischt un, eis e bëssen unzëerkennen.

D'Urawunner hunn haut nach ëmmer net déi selwecht Rechter, wéi déi Wäiss am Land?

Neen, absolut net. An et ass immens schwiereg, well d'Leit mëssbrauchen déi indigen Populatioun. Si nennen eis Vollerten a liddereg. Mä du muss am Kapp hunn, datt wann ee säi Land geklaut kritt an d'Leit mëssbraucht, da kritt ee psychologesch Problemer. Depressioune fänken an de Communautéiten un. Dat ass och an Europa geschitt, wou d'Nazie komm sinn. Wann op eemol eng aner Persoun däi Land klaut, da kommen esou mental Krankheeten op. D'Fransousen, d'Briten, d'Dänen, si hunn alleguerten anere Leit hir Länner geklaut.

Wéi wichteg war et fir de Film, datt Dir selwer aus dem Nothern Territory kommt? Datt Är Origine do ass?

Ech mengen, datt aner grouss Realisateuren och esou e Film hätte maache kënnen. Mä jidderee muss d'Situatioun do verstoen, et muss een dann einfach méi haart schaffen, fir dat selwecht ze verstoen. Wann ech eppes misst an Nordamerika maachen, dann hätt ech och net déi selwecht Connectioun. Ech géif déi Kultur net direkt verstoen, ech misst méi haart schaffen, fir hir Vergaangenheet ze verstoen. An et stëmmt, de Film funktionéiert gutt, well ech vun do kommen, mä anerer kéinten dat och.

De Film ass e Western. Wisou?

"Sweet Country" spillt sech an den 1920er of. An deemools war et einfach genee sou. D'Geschicht baséiert op enger richteger Geschicht aus dem Wëlle Westen. An e Western war einfach den natierlechste Wee, dat ze maachen.

Als Realisateur a Kameramann huet Dir déi wonnerschéi Landschaften aus dem Nothern Territory genotzt. Wollt Dir d'Schéinheet vum Outback weisen?

Wann een an der Wüst ass oder an engem wonnerschéine Bësch an Europa, dann ass et egal, wéi vill Suen ee fir e Film huet, et ass einfach eppes Schéines do. An ech sinn do opgewuess, wou mir gedréint hunn. Ech kennen all déi schéi Plazen. D'Land gëtt engem Alles.

De Rhythmus vum Film spigelt sech am Nothern Territory erëm. Et ass immens waarm an der Wüst, an de Rhythmus am Film ass deemno och lues.

Et waren all Dag 45 Grad. Mä et war gutt fir d'Schauspiller. Well wat et méi waarm war, wat si méi rose gi sinn a méi granzeg. Si hu méi lues geschwat a méi lues agéiert. Et war also d'Wüst, déi alles diktéiert huet. Mir hate keng Kontroll doriwwer.

Dir hutt zesumme mat Ärem Jong a mat Ärer Duechter gedréint. E Familljefilm?

Jo, meng Duechter war dat klengt Meedchen am Film a mäi Jong war Realisateur vun der zweeter Unitéit. Als Papp fannen ech et immens wichteg, all d'Diere fir deng Kanner opzemaachen an hinnen Opportunitéiten ze ginn. Ech versichen ëmmer meng Famill dobäi ze hunn, an déi Leit, mat deenen ech schaffen, sinn och wéi meng Famill.

Den Haaptprotagonist Sam Kelly gëtt vum Hamilton Morris gespillt. Hutt Dir vun Ufank un un hie geduecht?

Neen, guer net. Ech hunn eng Persoun gebraucht, déi aus der Géigend kënnt, vun Alice Springs. Een, deen eng spirituell Connectioun mam Land huet, een dee mir méi ka ginn, wéi ech kann dirigéieren. Ech wollt keng professionell Schauspiller aus Sidney, ech wollt een, dee wierklech an der Wüst gebuer ass. Déi Leit sinn Deel vum Land, vun zentral Australien. Ech ka Leit léieren ze schauspillern, dat ass einfach. Mä ech kann net déi spirituell Connectioun zu engem Land léieren.

Wéi war d'Reaktioun op de Film an Australien?

Gutt, e bréngt Millioune vun Euro eran. Et ass en immens donkele Film, an d'Australier si mam Film konfrontéiert. Wat schéin um Kino ass, ass datt d'Leit iwwer de Film schwätzen. Iwwert dat Schwaarzt vum Film, iwwert d'Geschicht vun Australien. Si froen dann hir Kollegen, datt si mat hinnen de Film kucke kommen. Dat ass schéin um Kino, et ass eng kollektiv Saach. Et ass net wéi wann een eleng mam Laptop am Bett setzt.

Warwick Thorntonplay_arrow