Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Collective vum Alexander Nanau

#Venezia76

Collective vum Alexander Nanau

Jiddweree kennt et, wann engem bürokratesch Prozesser de leschten Nerv kaschten. Wa se bis emol net just nerven, mee och nach Liewe kaschten, dann huet eng Gesellschaft seriö Problemer. Genee dat huet den Documentaire Collective zum Thema. Dës rumänesch-lëtzebuergesch Koproduktioun hat déi Deeg zu Venedeg "Ausser Kompetitioun" seng Weltpremière.

auto_stories

4 min

Mëtt November 2015 waren d'Ae vun der Welt op Paräis geriicht. Kuerz no néng Auer owes hunn do Terroristen eng sëlleche Plazen ugegraff - ënner anerem de Concertssall. Knapp zwou Woche virdrun - den 30. Oktober - ass zu Bukarest am Colectiv - engem Club - während engem Concert e Feier ausgebrach. 26 Leit si bei dëser Katastroph ëm d'Liewe komm. Bal 150 goufen der blesséiert. Zimlech séier huet sech awer erausgestallt, datt d'Boîte esou gutt ewéi kengem Sécherheetsstandard Rechnung gedroen huet.

D'Rumäne sinn du massiv op d'Strooss gaangen - wuelwëssend, datt absolute Schmu bedriwwe gouf a well déi Responsabel vum Club natierlech keng Autorisatioun hätten dierfe kréien - an hunn dofir gesuergt, datt d'Regierung zeréckgetrueden ass.

Foto: Rotten Tomatoes

Bis zu de virgezunne Wahlen an engem knappe Joer sollt eng Interimsregierung de rumänesche Staatsapparat oprecht erhalen. An et ass op deem Punkt, wou dem Alexander Nanau seng nei dokumentaresch Aarbecht Collective usetzt. Well d'Geschicht ass nach laang net eriwwer.

An de Wochen a Méint no der Tragedie stierwen an de Spideeler nach emol bal 40 Mënschen. Net jiddwereen huet schwéier Verbrennungen, stierft awer un Infektiounen.

D'Fro vun der Responsabilitéit

Fir d'Froe Wéi? a Firwat? ze beäntweren, suivéiert dem Nanau seng Kamera virop eng Zeitungsredaktioun - eng Sportszeitung, mine de rien - un där hirer Spëtzt de Fondateur a Chefredakter Catalin Tolontan steet. Mat Hëllef vu Whistleblower fënnt hien a seng Redaktioun eraus, datt de rumänesche Produzent vun Antiseptika systematesch Produite verdënnt, se domadder ineffikass mécht an déi un d'Spideeler verkeeft.

Foto: Rotten Tomatoes

De Film Collective huet natierlech e ganz präzisen, lokal verbonnene Skandal zum Ophänkert, mee wat Collective hannendrun erzielt ass déi Systematik a vermeintlecht Selbstverständlechkeet vu korrupten Dynamiken, déi sech duerch all Muechtstäck duerchzitt a wéi en toxesche Schläim duerch all Ritz drëpst. A Rumänien. Op europäeschem Bueden. Op vereenten europäesche Buedem.

A Rumänien, engem Land, deem - ewéi dëse Film weist - drësseg Joer no der Stierzung vum Ceaușescu de Bumerang vun der bürokratescher a politescher Inertie schonns laang nees an d'Gesiicht zeréckgeschloen ass. Mee d'Péng - déi kollektiv Péng - huet et zwar konnte virausgesinn, mee elo eréischt ze spieren ugefaangen huet.

Eng Diskussioun, déi déi ganz Gesellschaft betrëfft

Collective ass als Wuert am Kontext vun dëser dokumentarescher Aarbecht duebel an dräifach ze verstoen. De Club heescht esou a kollektiv sinn och déi gesamtgesellschaftlech Konsequenzen. Sief et fir d'Zivilgesellschaft a wéi se drop ze reagéieren huet, wann et iwwerhaapt reell méiglech ass, oder sief et fir en demokratesch gewielte Staatsapparat, dee mat senger Aart a Weis d'Zännrieder ze dréien der Demokratie de Mëttelfanger weist a just nëmmen a Kapital- an Eegeninteressien agéiert.

Foto: Rotten Tomatoes

Den Alexander Nanau huet awer net just nëmme Journalisten am Mëttelpunkt. Genee esou kritt hien d'Dieren opgemaach vun engem jonken, neie Gesondheetsminister - dem Vlad Voiculescu - a suivéiert deen, ewéi hie versicht, vu banne géint déi kafkaesk mënschefeindlech Bürokratie unzegoen. Et ass keen allzegrousse Spoiler, wa gesot gëtt, dat déi Lutte - déi kollektiv - vu Journalist a Minister, vu baussen a bannen, ähnlech hoffnungslos Resultater riskéiert ze kréien.

Den Nanau huet an deem Sënn och keng Angscht, de Montage den Devoilementer unzepassen, an ass sech senger Saach esou sécher, datt en verschidde wichteg Protagonisten och emol länger an den Hannergrond triede léisst, fir aneren de Virdergrond z'iwwerloossen. An dat sinn natierlech de Journalist Tolontan an de Minister Voiculescu.

De Film hannerléisst emotional Spuren

D'Kamera- a Soundaarbecht ass konsequent äiskal an d'Dramaturgie acerbe, mee gëtt mat enger maitriséierter Präzisioun duerchgezunn, déi just nëmmen déi duerchduechten, forensesch Aarbechtsethik erëmspigelt. Wann een engem erkläre wéilt, wat et heescht, "géint Wandmillen unzekämpfen", dann ass Collective dat beschten trauregt Beispill.

Et ass awer genee déi Method, déi engem d'Roserei an der Panz géigeniwwer Institutiounen an dem System zum Hals erausquelle léisst. Esou vill méi, ewéi wann een eng militantesch Dokuaarbecht zerwéiert kritt. Wann ee bis eng Kéier gesinn huet, ewéi et sech Wierm an oppene Wonne bequem maachen, da bleift just nach eng Fro iwwereg: Wéi ass dat nëmme mënscheméiglech? Op europäeschem Bueden. Op vereentem europäeschem Buedem?