Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ click and collect!

Frankräich

click and collect!

Zanter dem Reconfinement a Frankräich hunn de leschte Weekend och d'Librairië mussen hir Dieren zoumaachen. Bicher géifen net zu den essentielle Besoinen zielen, an esou si souguer an de Supermarchéen d'Bicherregaler mat engem roude Band ofgetrennt. Mat der Initiativ "click and collect" sollen d'Librairien ënnerstëtzt ginn, mee dat huet och am leschte Lockdown net geklappt.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / DLeonis

"Depuis hier nos portes sont fermées en application des nouvelles mesures de confinement.

Mais du mardi au samedi de 10h à 18h nous serons à votre disposition pour vous conseiller par mail ou par téléphone, traiter vos commandes, et nous serons présents à la librairie pour tous vos retraits et demandes.

Les paiements par CB peuvent se faire par téléphone, devant notre porte et par internet..."

Ass op den Internet-Säiten a soziale Medien vun de Librairië vu Metz ze liesen. Bicher gehéieren der franséischer Regierung no, am Géigesaz zu der Schwäiz an och zu der Belsch, net zu den Grondbesoinen an esou sinn d'Bicherbutteker zou.

Fir de Librairen an och de Lieser entgéintzekommen, gëtt et awer d'Méiglechkeet Bicherbestellungen an der Entrée vun de Librairien ofzehuelen, an fir d'Livraisoun mat der Post méi attraktiv ze maachen, goufen d'Tariffer erofgesat.

Just 10 bis 15 Prozent vum Chiffre d'affaires

Mee dat alles geet net duer fir d'Librairien um Liewen ze halen. "Click and collect" hätt och beim leschte Confinement just 10 bis 15 Prozent vum gewinnte Chiffre d'affaires ausgemaach. D'Leit géifen an eng Librairie goen fir ee Buch ze kafen a mat dräi bis véier Bicher erausgoen an normalen Zäiten, esou d'Feststellung vun de Librairen.

Elo hu sech och franséisch Schrëftsteller fir d'Bicherbutteker agesat. De Beststeller-Auteur Sylvain Tesson huet un der Aktioun "Rallumez les feux de nos librairies" vun enger Paräisser Librairie deelgeholl an d'Luuchte symbolesch ugemaach. Hien huet och ugebueden, viru Chrëschtdag seng signéiert Bicher selwer am Quartier ze liwweren.

Méi wäit geet nach de Philippe Claudel. Den Auteur aus der Lorraine huet den Opruff gemaach: "Libraires, de grâce, désobéissez!" D'Bicherhändler sollen am Respekt vun de Sécherheetsmesuren hir Dieren erëm opmaachen, "afin que la culture prenne la place qui lui revient, et que l'ignorance ne tue pas davantage que n'importe quel virus". Dem Claudel säi Verlag Stock huet och matgedeelt, datt de Claudel seng Gewënnbedeelegung um Verkaf vun de Bicher de Librairen zoukomme léisst.

Eng Rei Buergermeeschteren, esou wéi dee vun Dijon, hunn decidéiert de Librairë gesetzlech ze erlaben, hir Butteker erëm opzemaachen. Esou wäit wëllt d'Buergermeeschtesch vu Paräis net goen. D'Anne Hidalgo mécht zesumme mat der Kulturministerin Roselyne Bachelot den Opruff, vu "Click and collect" ze profitéieren an op Commandë bei Amazon ze verzichten.