Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christiane Neudecker- Der Gott der Stadt

Literatur

Christiane Neudecker- Der Gott der Stadt

Der Christine Neudecker hire leschte Roman "Der Gott der Stadt" huet all d'Ingredienten, déi e Buch brauch fir ze begeeschteren. Bedréckend a spannend, atmosphäresch an intelligent. An dat Ganzt an engem rasanten Tempo an accaparéierende Stil geschriwwen. Der Valerija Berdi hire Liestipp fir dat neit Joer gutt unzefänken.

auto_stories

3 min

"Der Meister und Margarita

Das Bildnis des Dorian Gray

Und Faust. Ach, Faust -

Wir verkaufen unsere Seelen

Wir unterzeichnen mit Blut.

Herzblut muss es sein."

Herzblutt ass sécherlech de roude Fuedem vun der Christiane Neudecker hirem gutt 650 Säite staarke Roman "Der Gott der Stadt". Den Titel, e Gedicht vum jonk verstuerwenen, expressionistesche Lyriker Georg Heym, ass den zweete wichtege Volet. Déi ausgebilte Regisseurin huet e phenomenale Groussstadroman geschriwwen, an dësen Aspekt ass déi zeideg, blénkeg, säfteg an extasesch Kiischt op dësem decken, räichen a villschichtege Kuch.

Mee ëm wat geet et?

Fënnef éiergäizeg Studente ginn op enger renomméierter Schauspillschoul zu Berlin ugeholl an hire Prof, de Korbinian Brandner stellt hinnen eng bal onméiglech Aufgab: Si sollen dem Heym säi Faust-Fragment op d'Bün bréngen.

Am Laf vun der Geschicht léiert een déi fënnef ganz ënnerschiddlech Studente kennen, an d'Haaptfigur ass d'Katarina, wuel den Alter-ego vun der Schrëftstellerin Christiane Neudecker.

Fënnef Studenten, fënnef Charakteren, déi all hir Schietsäiten hunn, déi mol zesummen, mol géintenee schaffen, déi bereet sinn, hir Séil ze verkafen fir dem Däiwel, dat ass de Brandner, ze gefalen.

E Labyrinth vu Gebaier a Stroossen

Eng Tragedie an der Tragedie, dramatesch Zeenen, dramatesch Personnagen an d'Kuliss ass d'Stad Berlin.

Seele liest een esou eng gelonge Beschreiwung vun enger Groussstad, op Säiten a Säiten gëtt een an de Stroum vu Berlin eragezunn, an e Labyrinth vu Gebaier a Stroossen, Gerécher a Geräischer, Luuchten a Blëtzer, Däischtert an Ënnergrond, et ass een an der Christiane Neudecker hirem Roman net tëschent Himmel an Hell, mee am Himmel an an der Hell, eng Atmosphär, déi alles verschléngt, vun där ee sech selwer verschlénge léisst.

An et kënnt een eben net dolaanscht un dem Alfred Döblin säi "Berlin Alexanderplaz" ze denken, an dee selwechte Malaise ze empfannen, deen tëschent Faszinatioun, Angscht an Ofneigung entsteet.

Der Christiane Neudecker geléngt et och d'Lieserinnen an d'Lieser an d'Welt vum Theater a vu Schauspillschoulen anzeféieren, ze weisen, wéi haart d'Brieder vun de Büne sinn, an datt et bei Wäitem net esou friddlech a romantesch zougeet, wéi ee sech dat mol gären virstellt.

Et ass awer och e Plädoyer fir d'Kultur. Net just fir den Theater, mee och fir d'Literatur, wéi wichteg dës Elementer fir de Mënsch sinn a wéi wichteg et ass, Konscht an all hire Formen ze vermëttelen. E klenge Bemol - d'Protagoniste si mat Momenter e bësse klischeehaft gezeechent, mee vläicht muss dat sinn, fir de Kuch ronn ze maachen. Op alle Fall, e wonnerbaart a beandrockend Stéck Literatur!