"Je pourrais entrer dans ce village perché dans les Apennins d'Ombrie et y déposer mam mémoire, circuler dans les rues désertes et interroger la poussière. Je pourrais repeupler ces chemins avec ce qu'on m'a raconté, remettre dans chaque maison ses personnages."
D'Carla Lucarelli huet hir Erënnerungen an dëst schmuelt Band deposéiert, Erënnerungen, déi, wéi den Titel et scho verréit, ass et eng Usammlung vu Momentopnamen, mol méi kloren, mol méi floue Souveniren aus de Joren, wou de Mënsch sech selwer ëmmer méi begräift, säin Ëmfeld erfuerscht a sech de Gemeinsamkeeten an den Ënnerscheeder mat anere bewosst gëtt.
Carla Lucarelli ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet italienesch Elteren, déi op Lëtzebuerg immigréiert sinn an d'Verbonnenheet mat der Famill, déi esou wäit fort ass an d'Verlaangeren no den suergefräien an erfëllende Momenter, déi si als Kand am Heemechtsduerf vun hirer Mamm erlieft huet, hunn eng grouss Presenz an dësem Buch.
"An den zwou Welten eens ginn ass d'Konscht"
Eng Presenz, déi si wuel mat ville Mënschen, déi déi selwecht oder änlech Geschicht hannert sech hunn, deelt. Well et ass net just dat Liewen an den zwou Welten, déi e Kand prägen, mee et ass virun allem d'Konscht an den zwou Welten eens ze ginn, wat eng Erausfuerderung ass.
Ganz am Ufank beschreift déi Erwuesse Lucarelli e Gespréich mat hirer Mamm, déi et bereit op Lëtzebuerg komm ze sinn, déi mengt, et wier besser gewiescht an Italien ze bleiwen, an dëse Regret duerchzitt ganz subtil déi ganz Kandheet vun der Autorin.
Et ass keng reng Opzielung vun erliefte Momenter, mee dat wat dat klengt Carla an diverse Situatioune geduecht a gefillt huet. Den éischten Dag an der Spillschoul vun engem Kand, dat kee lëtzebuergesch schwätzt, just italieenesch, mee et ass net dës sproochlech Barrière, déi an der Erënnerung Virrang huet, mee d'Faarwen, déi de Schoulsall dominéieren an d'Opreegung esou vill Neies kennenzeléieren.
Momenter, Gefiller a visuell Detailer hu Virrang
Momenter virum Séissegkeetestand an der Epicerie zu Téiteng, Erënnerungen déi jiddwereen deele kann, deen an de 70er Joren e Kand war, an dofir ass et ëmsou méi beréierend, wéi et der Carla Lucarelli geléngt ganz treffend dës excitant Gefiller ze beschreiwen:
"Derrière son comptoir, l'épicière, impassible: Fir wéi vill Frang? Pour combien de Francs? Et alors la joie, la nervosité, l'anticipation de ce bonheur que va être ce petit sachet plus ou moins rempli de soleils multicolores pleins d'une pouder blanche acidulée, de bonbons à base de gomme arabique, de crocodiles verts et rouges, de longue bandes noires enroulées à la réglisse, de colliers et bracelets (...) Le moment est essentiell. Ce moment où il faut choisir. J'avance d'un pas pour me pencher au-dessus de la vitrine. On ne peut pas tout avoir pout cinq francs..."
Freed a Frustratioun, en Deel vun enger Gesellschaft sinn, sech awer ëmmer erëm bewosst ginn, datt een iergendwéi net ganz dozou gehéiert, dozou awer gehéiere wëllt, an der Schoul, bei de Schoulkolleegen a sech awer och distinguéiere wëllt, déi eege Perséinlechkeet entwéckelen an dat spigelt sech dann am Choix vun der Faarf vun der Füllfieder oder dem Kommiounsrack.
Et si ganz intimistesch Momenter, déi d'Carla Lucarelli mat enormer Sensibilitéit hei mat de Lieser deelt, Opnamen, déi en duusst an nodenklecht Kand zum Virschäin bréngen. E Buch, dat ganz vill Identifikatiounspotenzial a sech dréit, bestëmmt fir Mënschen mat Migratiounshannergrond, ganz sécher fir déi, déi an de 70er Joren am Minett opgewuess sinn. Et ass awer och e Buch, dat jiddweree liese soll, well et esou mënschlech ass, well et esou beréierend ass, ouni an déi klassesch belanglos Nostalgie ze verfalen. E melancholescht Buch, dat een einfach frou mécht.