AutorInne-Lies Carla Lucarelli

An hirem rezente Wierk "Enfance, instantanés" geet d'Carla Lucarelli an hir Kandheet zeréck. Um Mikro vum Valerija Berdi verréit d'Schrëftstellerin mat italieenesche Wuerzelen, wéi si et erlieft huet en Auslänner ze sinn, firwat et hir wichteg war dës Erënnerunge festzehalen a wisou si mat 50 Joer de Besoin hat eng Biografie ze schreiwen.

Carla Lucarelli

An der Mediathéik:

AutorInne-Lies / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Jos Kayser
Autorinne-Lies

Hien huet méi spéit mat Publikatiounen ugefaangen, seng Protagonisten sinn oft ganz skurril Perséinlechkeeten. D'Valerija Berdi ass mam Lëtzebuerger Auteur Jos Kayser duerch de Bësch getrëppelt.

Romain Butti
Autorinne-Lies

Hie gehéiert zu den neie jonke literaresche Stëmmen an huet nach weider Talenter ze bidden. D'Valerija Berdi war bei de Romain Butti schelle fir eis Serie Autorinnen- an Autore-Lies.

Programm

Net verpassen

  • 23.1. Riicht eraus mat der Blanche Weber

    Blanche Weber

    Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Aartestierwen. Och Ëmweltschützer bréngen et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Firwat? Ënner anerem doriwwer schwätze mer mat der Mouveco-Presidentin.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen