Essai fir Essai entlarvt de Robert Pfaller d'Infantiliséierung vun de Mënschen ënnert dem Neoliberalismus. "Wofür es sich zu leben lohnt. Elemente materialistescher Philosophie" (S. Fischer Verlag, 2011) an "Erwachsenensprache. Über ihr Verschwinden aus Politik und Kultur" (S. Fischer Verlag, 2017) sinn nëmmen e puer Beispiller.
Attacken op en erwuessenen Ëmgank mat Alkohol an Zigaretten, beispillsweis, an allgemeng op alles, "woufir et sech ze liewe lount", diagnostizéiert den éisträichesche Philosoph als Deel vun enger neoliberaler Strategie. Déi bestéing doranner, fir d'Gesellschaft ze splécken an eng gerecht Verdeelung vum Räichtum ze verhënneren.
Schäindebatten
A sengem rezente Buch "Zwei Enthüllungen über die Scham" (S. Fischer Verlag, 2022) beschäftegt sech deen u psychanalytescher Theorie (Lacan, Žižek) inspiréierte Philosoph ënnert anerem mat Cancel culture- oder Woke-Aktivismus. Och hei hätt een et mat Elittephänomener ze dinn, déi politesch Schäindebatte géife fërderen.
Op der Leipziger Buchmesse Enn Abrëll huet sech de Michel Delage mam Robert Pfaller ënnerhalen. Et gëtt ëm Barbie-Poppe mat Down-Syndrom, ëm déi falsch verstane Mechanismen hannert der Schimmt, ëm eng lénk Kritik vu Woke-Aktivismus an déi méiglech Verschäerfung vun dësen neoliberalen Taktiken.