Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Buschtawéiermeeschteren

Netflix

Buschtawéiermeeschteren

Firwat dominéieren indesch-amerikanesch Kanner déi an den USA populär Buschtawéier-Concoursen? Den Documentaire "Spelling the Dream" sicht no Äntwerten. Leider net op all Fro, trotz interessanten Usätz.

auto_stories

3 min

Kanner a Jugendlecher buschtawéieren op enger Bün schwéier Wierder, déi d'Jury hinne virgëtt. Houfreg Elteren zidderen am Publikum fir hir Meedercher a Bouwen. De Publikum, deen am Sall oder virun der Tëlee sëtzt, staunt iwwer d'Wëssen an d'Fäegkeete vun deene jonke Leit.

Buschtawéier-Concoursen hunn an de Vereenegte Staaten eng laang Traditioun. De Sam Rega huet a sengem Documentaire ''Spelling the Dream'' dës Traditioun opgegraff, andeems hien eng Kuriositéit ervirhieft: Kanner mat indeschen Originne si besonnesch staark an där Zort vu Kompetitioun. Zanter engem gudde Joerzéngt dominéiere si den nationale ''Spelling Bee'', wéi dëse Concours heescht, deem seng Final op enger nationaler Tëleeschaîne iwwerdroen a vu Millioune Spectateure gesi gëtt. De Film sicht no Erklärunge fir déi Dominanz.

Indesch Immigratioun an den USA

Am Documentaire komme fréier Gewënner zu Wuert, bekannt Perséinlechkeete mat indeschen Originnen, dorënner de Star-Journalist Fareed Zakaria, d'Eltere vun deene jonken Talenter an natierlech déi iwweraus selbstbewosst Haaptprotagoniste selwer. Déi besonnesch Fäegkeete vun deene Kanner hunn näischt mat eventuell bessere Genen ze dinn, heescht et am Film. Als Haapterkläerung gi villméi hir Familljegeschicht, respektiv hire sozio-ekonomeschen Hannergrond beméit.

Zanter der Mëtt vun den 1960er Jore gouf an den USA besonnesch d'Immigratioun vu qualifizéierte Mënschen a vun hire Famille begënschtegt. Indesch Immigrante waren dacks ausgebilten Ingenieuren an Dokteren, déi sech trotz hirem beruffleche Status ni ze schued waren, fir an Amerika ënner bescheidene Konditiounen unzefänken a sech lues a lues eropzeschaffen.

Hiren Éiergäiz fir et an der Ëmfangsgesellschaft zu eppes ze bréngen a sech iwwer dee Wee ze integréieren, hu si hire Kanner weiderginn. Déi an der indescher Kultur verwuerzelt Méisproochegkeet gëllt als weideren Atout fir an der Konscht vum Buschtawéieren ze exzelléieren.

Mechanisme vum Buschtawéieren indirekt behandelt

Datt et net duergeet, Eltere mat indeschen Originnen ze hu fir ze wëssen, wéi déi komplizéiertst Wierder aus dem Dictionnaire geschriwwe ginn, och alt emol Begrëffer aus Friemsproochen, gëtt am Film net ausdrécklech gesot. Och net, datt een et hei manifestement mat Kanner ze dinn huet, déi besonnesch begaabt sinn.

Den Documentaire setzt sech och net wierklech mat de kognitive Mechanismen hanner dem Buschtawéieren auserneen. Et gëtt héchstens drop higedeit, wéi ee vun de Jugendleche seng Trainingsmethod erkläert. Zesumme mat sengen Elteren huet hien eng op essentiell Wierder reduzéiert informatesch Datebank zesummegestallt. De Jong béchst also net blann den Dictionnaire auswenneg, mee léiert systematesch, wéi sech aus engem Wuertstamm eng ganz Partie aner Wierder ofleede loossen.

Film leet ze vill Wäert op dat Spektakuläert

''Spelling the Dream'' behandelt wuel dat klassescht Theema vun den Elteren, déi hir talentéiert Kanner zu Héchstleeschtunge wëllen drécken. Fazit: Kanner maachen nëmme begeeschtert weider, wa si sech wierklech fir déi bestëmmten Aktivitéit interesséieren. Des weidere vermësst een en Ausbléck op déi berufflech Karriär, déi ee mat esou sproochleche Capacitéite kann an d'A faassen. Ganz kuerz ernimmt ee vun de Pappe Firme wéi Google oder Facebook, fir déi hie säi Bouf gär enges Daags schaffe geséich.

Den Documentaire bleift am grousse Ganzen net oninteressant, ënner anerem well en d'Fro opwerft vun de rassistesche Reaktiounen, déi de Succès vun dësen indesch-amerikanesche Kanner a Jugendleche provozéieren. De Realisateur Sam Rego leet de Fokus awer ze vill op den Aspekt vun der Kompetitioun, vum Buschtawéier-Concours a senge verschiddenen Etappen, amplaz de ''Spelling Bee'' als Pretext ze huelen, fir iwwer Sproochen, Wëssen an de Léierprozess opzeklären. Den Aspekt vun der spektakulärer sportlecher Leeschtung iwwerweit ze däitlech dat Informatiivt a Pedagogescht, dat hei vläicht méi interessant gewiescht wier.