Theaterfederatioun Brauch Lëtzebuerg eng Kënschtlerzeen?

Et war d'Haaptvisioun vun der Carole Lorang, wou se Presidentin vun der Theaterfederatioun ginn ass, nämlech eng Federatioun fir de ganze Secteur vum "Spectacle vivant" ze sinn. Mee och soss huet d'Theaterfederatioun sech erneiert, a gesäit sech als Plattform fir d'Revendicatioune vum Secteur ënnert d'Leit se bréngen.

Jean-Claude Majerus / cbi

IMG_0890.jpg

Wann een déi fundamental Fro "Brauch Lëtzebuerg eng Kënschtlerzeen?" kéint beäntwerten, wier et och einfach drop ze reagéieren an d'Konsequenzen anzeschätzen, seet d'Carole Lorang. Eréischt da kéint een en anstännege Projet realiséieren, deen och eppes duerstellt.

De Wëllen an eng aktiv Zeen z'investéieren

Den Ament misst ee sech kloer doriwwer sinn ob Kënschtler, Denker a Kreativer fir d'Gesellschaft eng Bedeitung hätten, an ob se och e wichtegen Apport fir d'Gesellschaft bréngen, seet d'Presidentin vun der Theaterfederatioun Carole Lorang. Grad da missten déi Leit och d'Méiglechkeet an den Encadrement kréien fir hir Aarbecht ze maachen.

Eng Theaterfederatioun fir de ganze Secteur

Zanter datt d'ASPRO (Association des artistes indépendants et intermittents du Spectacle) Member vun der Theaterfederatioun ass, sinn och d'Kënschtler vertrueden. Bis ewell waren dat just Theateren an aner Strukturen. Fir d'Carole Lorang kann ee keng Federatioun sinn déi versicht sech ze veränneren, ouni déi ze froen, déi fir d'Inhalter responsabel sinn. Mee och hei stellt d'Carole Lorang als Presidentin vun der Theaterfederatioun d'Fro: "Brauch d'Lëtzebuerger Gesellschaft Theaterfederatioun?" A wa se da géif gebraucht ginn, hätt se och Proposen ze maachen.

Net ëmmer iwwer Kultur a Suen diskutéieren

Fir d'Carole Lorang misst et an éischter Linn ëm de Projet goen, an e Projet géif ebe kaschten. Och Projeten am Gesondheetswiesen oder an der Educatioun hätten hire Präis. An do géif net direkt iwwer Sue geschwat ginn, mee éischter wat ee mam Projet wéilt vermëttelen. Am Milieu vum "Art de la scène" wier et selwecht, a natierlech géif et och schonn eleng e materielle Präis ginn, mee dat wier an anere Beräicher net anescht, esou d'Carole Lorang.

Kulturassisen a Wahlen

Am Kader vun den Assises culturelles gëtt de Kulturentwécklungsplang presentéiert, an de 14. Oktober si Chamberwahlen, e wichteg Joer fir Theaterfederatioun. Fir d'Carole Lorang wier et elo eng Urgence, et kéint een elo net waarden. D'Theaterzeen géif ëmmer méi grouss ginn an d'Theaterfederatioun bräicht dréngend Äntwerten, och wann bei de Responsabelen an der Kultur eng "Prise de Conscience" ze spiere wier.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Jo Kox & Guy Arendt

En éischte Bilan no de Kultur-Assise ass gezunn ginn. Dat grousst Zil ass e Kulturentwécklungsplang, deen sech an de nächste Jore realiséieren soll.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen