Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berliner Clubkultur a Gefor

Kultur

Berliner Clubkultur a Gefor

De Coronavirus stellt d'Berliner Nuetsliewen virun eng existenziell Kris. D'Clubbe kämpfe mat der Ongewëssheet, wéini a wéi et weidergeet. Verléiert Berlin hei um Enn e Stéck vu senger Identitéit?

auto_stories

3 min

D'Berliner Griessmühle (Foto: Archiv)

Clubkultur gehéiert zum Selbstverständnis vu Berlin, der Partymetropol vun Europa. Zanter Mëtt Mäerz sinn d'Dieren vun de Clubben awer wéinst dem Coronavirus zou. A wärend sech d'Situatioun fir d'Restauranten, Bistroen an Bare lues awer sécher nees normaliséiert, bléift d'Nuetsliewen weiderhin an der Ongewëssheet, wéini a wei et weidergeet. Am Ufank vun der Pandemie hunn e puer Clubbe zu der Verbreedung vum Virus bäigedroen, zanterdeem gëlle si als Superspreader. Fir de Lutz Leichsenring vun der Berliner Clubkommission - engem Interesseverband - ass kloer: den Normalbetrib am Nuetsliewen ass eréischt méiglech, wann et een Impfschutz gëtt. Bis dohi mussen d'Clubben ëm hiert Iwwerliewe kämpfen. Trotz staatleche Finanzsprëtzen ass dat fir hie keng einfach Aufgab.

"Wir fahren nur auf Sicht von ein oder zwei Monaten, dann ist das Geld wieder zu Ende, was über Spendeneinnahmen, staatliche Zuschüsse oder eigene Rücklagen bis jetzt ausgereicht hat. Wir gehen davon aus, dass sich ab August wieder alle Clubs in einer großen Notlage befinden".

Clubbe fuerdere méi laangfristeg Léisungsusäz

Den Dialog mat der Politik wier gutt, seet den Leichsenring, och wann d'Finanzhëllefen fir vill Clubben oder Festivalorganisateuren net duer ginn oder se sech opgrond vun hire Strukture guer net fir dës qualifizéieren. D'Proprietärin vum beléifte Berliner Club Gretchen sot kierzlech an engem Interview, et wier fir vill Betriber onméiglech herno d'Scholden an Kreditter zeréckzebezuelen. Och den Leichsenring mengt, datt et eng méi längerfristeg Solutioun muss gi wéi Kreditter, déi just vu Mount zu Mount hëllefen a keng Sécherheet schafen.

"Die Darlehen bringen uns nicht wirklich weiter, weil einfach die Möglichkeit sie zurückzuzahlen kaum besteht. Teilweise laufen die Mietverträge nicht so lang wie die Laufzeiten der entsprechenden Darlehen, außerdem sind auch die Margen zu gering, um Kredite zurückzahlen zu können. Es läuft also auf das Thema Mietschuldenerlass hinaus."

Scholdenerlooss bei de Loyeren an Direkthëllefen

Och wa verschidde Clubben elo als Terrass oder Béiergaart benotzt ginn, wier dat keng laangfristeg Léisung. Nëmme mat konkrete Mesurë wéi eben engem Scholdenerlooss bei de Loyere kéint een d'Clubbe retten. Doniewent sinn awer och Direkthëllefen néideg. Mat der Initiativ United we stream, bei där virtuell DJ-Sets aus Clubbe gestreamt goufen, konnt d'Clubkommission eleng zu Berlin iwwer eng Hallef Millioun u Spenden generéieren. Genee esou wichteg war awer och d'Siichtbarkeet vum Nuetsliewen an der Politik.

"Es ist diesem Streamingportal zu verdanken, das immer wieder diese Message nach außen getragen hat, dass hier Clubs und Künstler in Not sind. Damit haben wir es in sehr viele Leitmedien geschafft, was auf der Verhandlungsebene und im Dialog mit der Politik sehr geholfen hat."

Bei aller Ongewëssheet bléift de Leichsenring awer optimistesch, datt een d'Majoritéit vun de Clubben zu Berlin duerch d'Kris brénge kann, och wann et sécherlech Spueren hannerloosse wäert. Grad elo muss Berlin beweisen, datt d'Nuetsliewen effektiv en integralen Deel vu senger Identitéit ass.