Radioen

On air

Espresso Beats  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng onwarscheinlech Libesgeschicht tëschent de Casen

Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Eng onwarscheinlech Libesgeschicht tëschent de Casen

Dem Bastien Vivès seng sëllege Publikatioune goufe verfilmt, mat wichtege Präisser ausgezeechent a kenne keng Genre-Grenzen. Seng neiste BD "Dernier week-end de janvier" erzielt mat spuersame Mëttele vun enger onwarscheinlecher Libesgeschicht am Comicmilieu, déi sech bal net ze erkenne gëtt.

auto_stories

5 min

Zanter ronn fofzéng Joer ass de Bastien Vivès e feste Bestanddeel vun der franséischer BD-Zeen. Seng sëllege Publikatioune goufe verfilmt, mat wichtege Präisser ausgezeechent a kenne keng Genrë-Grenzen.

Vu klassescher Aventure iwwer Erotik a Manga bis hin zur Graphic Novel iwwerrascht de Vivès reegelméisseg de Public. Säi neist Buch heescht "Dernier week-end de janvier", ass bei Casterman erauskomm an ass eng Libesgeschicht - allerdéngs eng, déi sech op den éischte Bléck net ze erkenne gëtt.

Wie sech an der Welt vu der BD auskennt, weess, datt de leschte Weekend am Januar, den "Dernier week-end de janvier" aus dem Titel, den traditionelle Rendezvous fir de Festival vun Angoulême ass, de bedeitendste Comicfestival an Europa. Dat ass de Milieu an och den zäitleche Kader, an deem d'BD sech ofspillt. Hiren Held ass e Comiczeechner, deen um Ufank vun der Geschicht zu Angoulême ukënnt an zum Schluss erëm heem op Paräis fiert. Dertëschent entwéckelt sech eng Libesgeschicht, mee eben net direkt.

En Zeechner ouni Passioun

Dem Bastien Vivès geet et fir d'éischt emol drëm, säi Protagonist virzestellen, an dat mécht en, wéi bal alles an dëser BD, mat ganz reduzéierte Mëttelen. Mir léieren de Zeechner Denis Choupin kennen, e Mann Ufank bis Mëtt fofzeg mat Schnurri a Pilotebrëll, dee stonnelaang op engem Stand sëtzt an Dedicacë mécht.

Hien ass als Kënschtler net ouni Succès, mee e geet senger Aarbecht éischter routinéiert no, illustréiert grad eng Serie a néng Bänn mat Titel "Opération Hitler", eng historesch BD ouni groussen Usprooch - och fir den Zeechner net, dee sech beschwéiert, datt e just ëmmer déi selwecht Uniformen a Panzere mole muss.

Tëschenduerch gi mer awer och gewuer, datt den Denis um Ufank vu senger Karriär richteg ambitiéis war, zu de jonke Wëlle gehéiert huet, quasi. Lo schéngt d'Zeechnen et awer éischter Broutberuff fir hien ze sinn, dee Fra a Kand ernäert, mee wou keng grouss Passioun derhannert stécht.

D'Passioun kënnt dann iwwer Ëmweeër an d'Geschicht, mee si bezitt sech natierlech net méi op d'Zeechnen. Wärend de Denis um Stand vu sengem Editeur sëtzt, trëtt eng Fra, d'Vanessa, un hien erun a freet no enger Dedicace fir hire Mann, dee grad op engem anere Stand an der Schlaang steet fir d'Dedicace vun engem nach méi bekannten Zeechner.

Tëschent deenen zwee entwéckelt sech ee kuerzt Gespréich, dat iwwerflächlech bleift, mee wou een awer trotzdeem mierkt, datt iergendeppes geschitt, iergendeppes, wat net esou richteg an de Kontext vum Comicfestival passt.

D'Vanessa erschéngt wéi e Wiesen aus enger anerer Welt, dat den Denis verzaubert, woubäi den Bastien Vivès sech all Iwwerdreiwung, all Kitsch, all Sentimentalitéit verbitt. Hie geet ëmmer ganz subtil vir a schafft mat klenge Pinselstrécher, wann e sou wëllt, mat klenge Gesten an Undeitungen, déi vill bedeiten.

D'Karikatur vun engem Comicfestival

Eppes verännert sech beim Denis a Vanessa, an de ganze Kontext vum Comicfestival gëtt op eemol onwichteg. Wann ee gemengt huet, "Dernier week-end de janvier" wier eng BD iwwer d'Welt vun de BD, vläicht souguer en Hommage un Angoulême, huet ee sech geiert.

Angoulême taucht éischter als Karikatur op, als Plaz, wou erwuessene Männer sech iwwer d'Liblingsserien aus hirer Kandheet ënnerhalen a wéi Teenager hiren Idoler nolafen. De Coup de foudre tëschent Vanessa an Denis hieft d'Erzielung op e ganz aneren Niveau, bréngt eppes Eeschtes, Woueres an d'BD eran.

No hirer éischter Renconter kënnt eng laang Zäit vun der Ongewëssheet an der Handlung. Nodeem d'Vanessa erëm fort ass an och dem Denis seng Zäit um Stand eriwwer ass, trëfft hie si zoufälleg duerno op der Strooss mat hirem Mann, dem Marc, an déi dräi decidéieren, zesummen eppes iesse goen.

De Marc ass ganz erfreet iwwer dës nei Bekanntschaft a stellt dem Denis sëllege Froen iwwer d'BD-Zeen an d'Liewen als Zeechner. Dësen äntwert him bereetwëlleg, mee huet natierlech eppes aneres am Sënn. Allerdéngs, et geschitt wéineg.

Iwwer déi nächst puer Deeg gi sech de Denis an de Marc an d'Vanessa nach e puer mol Rendezvous; den Zeechner hëlt d'Koppel mat op Partyen, wou déi normal Visiteure vum Festival guer net hikommen. Mee, souguer wann den Denis an d'Vanessa eng Kéier kuerz eleng sinn, bedreiwen si just Small Talk.

Eng Leidenschaft, déi sech net weist

Et gëtt keng grouss Gefillsausbréch oder Libeserklärungen an "Dernier week-end de janvier", mol kee wierkleche Flirt iwwer Blécker, Wierder oder Gesten. Et spiert een, datt déi zwee an hire Bezéiungen net glécklech sinn a sech zoueneen higezu fillen, mee ëmmer nëmmen tëschent den Zeilen, tëschent de Casen.

Do stécht déi ganz Virtuositéit vum Bastien Vivès; hien erzielt déi ganzen Zäit vun enger Leidenschaft, déi sech net weist. Et gëtt net vill Dialoger a guer keng Gedankeblosen an der BD, iwwer déi mer kéinten an de Kapp vun de Figuren erakucken a gesinn, wéi et ënner der Surface ausgesäit, mee just d'Surface: monochrom, roueg, realistesch, niichter Biller an engem reegelméissege Layout.

Och am Stil gëtt et keng grouss Expressivitéit, mee et muss ee genau kucken, fir aus de Konstellatioune vun de Personnagen, aus minimmen Undeitungen eppes erauszeliesen. Zum Schluss gëtt et dann e bëssi méi dramatesch, mee dramatesch am Verhältnis zu deem, wat virdru war. Am Verglach mat anere Libesgeschichten hält sech d'BD ëmmer nach zeréck.

Esou ass "Dernier week-end de janvier" ass eng beandrockend BD, déi prezis opgebaut an erzielt ass, an och originell, grad well se op vill typesch Elementer vun Amour fou Geschichte verzicht.

Et kéint e bal soen, datt et eng Libesgeschicht als fir Leit, déi net gäre Libesgeschichte liesen, well hinnen déi ze sentimental ze sinn. Hei bleift alles ganz sober, allerdéngs net ënnerkillt: D'Passioun ass reell am Comic, dat ass net ofzestreiden, an dat ouni grouss Gesten eriwwerzebréngen ass dat, wat dem Bastien Vivès ganz formidabel geléngt.