Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal e wierklech grousse Film

The Report vum Scott Z. Burns

Bal e wierklech grousse Film

Wann um Enn vum Joer d'Kinossortien all am Grousse Kino beschwat goufen, kucke mir op dëser Plaz reegelméisseg op Netflix-Produktiounen. Mee wann och do näischt Neies leeft, da muss den Tom Dockal op aner Streaming-Plattforme wiesselen. Wéi zum Beispill Amazon Prime. Déi produzéieren och eegene Contenu. Wéi zum Beispill de Polit-Thriller "The Report" mam Adam Driver an der Haaptroll.

auto_stories

4 min

Den Adam Driver wënnt dëst Joer de Präis vum meeschtbeschäftegsten Hollywoodstar. Am Ganze véier Haaptrolle kann hien 2019 op säi CV verbuchen. Elo ganz rezent am Ofschlosskapitel vu "Star Wars" als Kylo Ren, dann am Netflix-Scheedungsfilm "Marriage Story" vum Noah Baumbach an zesumme mam Jim Jarmusch huet hien de Festival vu Cannes opgemaach. Den Zombiefilm "The Dead Don't Die" huet de Kinosecran zu Lëtzebuerg zwar nach net gesinn, mee dat kann een dann am neie Joer an der Cinemathéik nohuelen.

Deen am mannste mediatiséierte Bäitrag ass "The Report", geschriwwen a realiséiert vum Scott Z. Burns, laangjäregen Acolyt vum Steven Soderbergh. Ganz rezent hu si um Panama Papers Film "The Laundromat" kollaboréiert. Änlech engagéiert opdeckend ass elo "The Report".

De Film erzielt, wéi et zum Rapport koum, deen d'CIA-Foltermethoden am Kontext vum War on terror no 9/11 opgedeckt huet. Eng Kommissioun vum amerikanesche Senat superviséiert d'Geheimdéngschter. Déi huet iergendwann Wand dovunner kritt, datt d'CIA systematesch Videoe vu Verhéier mat presuméierten Terroriste geläscht huet. Doropshin huet dës Kommissioun, vun der Senatrice Dianne Feinstein bis 2015 geleet, en Investigateur an eng bipartisan Ekipp an de Keller vun de CIA Archive gesat, fir e Rapport op d'Blat ze kréien, firwat dat wier.

Konsequent bis kuerz viru Schluss

De Rescht ass Geschicht an einfach op Wikipedia nozeliesen. Den 2012 approuvéierte 6.700 Säite laange Committee Study of the Central Intelligence Agency's Detention and Interrogation Program, deen dunn 2014 an enger entschlaakter, bal 600 Säite kuerzer Fassung - wann och staark geschwäerzt - ëffentlech gouf, huet confirméiert, wat veschiddener souwisou geduecht hunn. Mat sougenannten enhanced interrogation methods hu Sous-traitanten, déi fir d'CIA geschafft hunn, drop lass gefoltert, ouni awer och eng nennenswäert Informatioun erauszekréien. Bal 120 Mënschen sinn esou gefoltert ginn.

Bon, wéi realiséiert een e Film, un deem senger Wuerzel d'Geschicht vum Entstoe vun engem Text steet. D'Margharete von Trotta stoung virun e puer Joer mat hirem Hannah Arendt Film viru genee deem nämmlechte Problem. Just, den amerikanesche Kino huet eng Joerzéngten al Traditioun, wat esou politesch engagéiert Filmer ugeet. Eng - entre guillemets - Traditioun, déi mat sech bréngt, datt een elo "The Report" mat esou Filmer wéi "All The President's Men" oder méi rezent "Spotlight" vergläiche kéint.

Den Adam Driver an de Rescht vum Casting - ënner anerem d'Annette Bening - sinn zu engem groussen Deel verantwortlech, datt een dem aarschdréchene Propos suivéiert. Dréche kéinten déi eng verstoen, konsequent an der Handhabung, déi aner. Konsequent bis zu engem ganz präzise Grond géint der Schluss vum Film. Bis dohinner bréngt de Scott Z. Burns et fäerdeg, e faktebaséierend Dréibuch op engem faktebaséierende Rapport ze liwweren. Kënschtlech dramatiséiert hien do wierklech näischt a suivéiert eng Dialogzeen no där anerer. Filmtechnesch gesi gëtt do keen Effort gemaach. Am Kontext vum Propos awer konsequent.

"The Report" hëlt an de leschte Minutten de groussen Hummer eraus

Wou de Film awer richteg interessant gëtt, dat ass, wann de Rapport fäerdeg geschriwwen ass, an da versicht gëtt, mat deem erauszerécken. Dem Adam Driver säin Job ass da gemaach, an dann ass et un der Annette Bening hirem Personnage fir ze agéieren. Si steet nämlech am Kräizfeier tëschent dem Investigateur, der CIA, déi alles niéiert an der Partei an hirer Linn. D'Moralspill vun hirem Personnage, esou stellt sech eraus, misst eigentlech d'Kärstéck vum Film sinn an hätt aus "The Report" eventuell e wierklech grousse Film gemaach.

Genee wéi am "Spotlight" - deen eng Zeen hat, an där de Mark Ruffalo den Zepter an de Grapp geholl huet fir e Groussen Ethikmonolog ze halen - esou hëlt "The Report" an de leschte Minutten e bëssi de groussen Hummer eraus. Anerersäits weist "The Report", wéi schlecht aner Filmer wéi "Zero Dark Thirty" oder "Vice" oder och den Errol Morris Documentaire "Standard Operating Procedures" mat sengem Reenactment do stinn.

"The Report" ass natierlech keen "All The President's Men" a profitéiert och net vun der Ensembeldynamik vu "Spotlight", mee ass awer e seriö ze huelende Bäitrag, e Spigel iwwer d'Nowéie vun amerikanesche Politmechanismen.