Netflix Ass et mat Kanner wierklech besser?

Eng Koppel muss sech an der Vakanz mam onerfëllte Kannerwonsch ausernee setzen... ''Was wir wollten'' vun der Éisträicherin Ulrike Kofler behandelt e schwierege Sujet mat enger gewësser Liichtegkeet.

Michel Delage

Filmkritik Was wir wollten.jpg
Lavinia Wilson an Elyas M'barek (Foto: Netflix, SpotOn)

Et ass stresseg, wann ee gär onbedéngt e Kand hätt, et scho méi wéi eng Kéier mat alle méiglechen technesche Mëttel probéiert huet, an et awer einfach net klappe wëll. Fir emol op aner Gedanken ze kommen, fueren d'Alice an den Niklas, eng éisträichesch Koppel vun ëm déi 40, an d'Vakanz op Sardinien. Do hu se allerdéngs eng aner Koppel als Noperen, déi zwee Kanner huet: e klengt Meedchen an e Jugendlechen...

Den Drama ''Was wir wollten'' baséiert op der Kuerzgeschicht ''Der Lauf der Dinge'' vum Schwäizer Schrëftsteller Peter Stamm. Et ass ee vu sëllege Filmer, déi op enger VOD-Plattform (hei : Netflix) gewise gi well se wéinst der Covid-Pandemie net konnten an de Kino kommen. Regie féiert d'Éisträicherin Ulrike Kofler, déi d'lescht Joer den exzellenten ''Der Boden unter den Füßen'' vun hirer Kompatriotin Marie Kreutzer montéiert hat - fir dëse Film ass et ëmgedréint.

Mat de Problemer konfrontéiert

D'Dréibuch ass relativ einfach gestréckt : doduerch, datt si eng Famill mat Kanner virun d'Nues gesat kréien, ginn d'Haaptprotagoniste gezwongen, sech mat hire Problemer auserneen ze setzen. Virop ass et natierlech d'Frustratioun, selwer keng Kanner kënnen ze kréien, wat sech a Selbstzweiwel a Scholdzouweisungen entluet. Gläichzäiteg kritt ee virun Ae gehalen, wat et wierklech bedeit, permanent Kanner an de Féiss ze hunn : dat hëlleft fir ze relativéieren...

Doriwwer eraus mussen d'Alice (Lavinia Wilson) an den Niklas (Elyas M'barek) Problemer ausschwätzen, déi méi latent hir Koppel belaaschten : Manktem u sexueller Loscht fir de Partner, Jalousie, Liewenspläng, déi ausernee ginn... Dës psychologesch Verdéiwung ass eng vun de Stäerkte vum Film, zemools den Toun ni an d'Hysterie verfält.

Déi summerlech Insel-Kuliss op Sardinien, déi besonnesch duerch eng herrlech Palette u volle Faarwe ënnerstrach gëtt, dréit zur allgemeng relaxer Atmosphär bäi. D'Sonn, déi dréckt, gëtt hei net als zousätzleche Stressfacteur benotzt, mee wierkt berouegend.

Noperen als Projektiounsfläch

De Film weist wuel, wéi d'Alice an den Niklas mat hiren Noperen interagéieren. Besonnesch d'Relatioun tëschent dem Alice an dem klenge Meedche gëtt ënnerstrach : d'Fra ka sech momentweis ewéi eng Mamm fillen.

An am Jugendlechen, dee passiv wierkt a sech selwer isoléiert, entdeckt si eng Zort Alter Ego - leider gëtt déi Bezéiung net genuch ausgebaut. Am grousse Ganze bleiwen d'Noperen zimmlech iwwerflächlech (an alle Sënner vum Wuert). Hir eenzeg Funktioun schéngt et ze sinn, dem Alice an dem Niklas eng Projektiounsfläch fir hir eege Situatioun ze bidden.

''Was wir wollten'' ass e Film, deen trotz dem schwierege Sujet eng gewësse Liichtegkeet ausstraalt, net all ze ambitionéiert ass a sech op dat Weesentlecht konzentréiert.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Sébastien Tellier.jpg Filmkritik
ArteKino Festival

Trash-Entertainer oder authentesche Museker? Den Documentaire "Sébastien Tellier: Many Lives" versicht hanner déi franséisch Popvedette ze kommen. Selektioun vum ArteKino Festival.

Queen's Gambit Seriekritik
Netflix

E jonkt Meedchen entwéckelt sech zu engem Schachgenie a rivaliséiert mat der Weltelite. D'Miniserie "The Queen's Gambit" ass kuckenswäert, net nëmme wéinst der plausibeler Duerstellung vu Schach.

Programm

Net verpassen

  • Am Gespréich: Chaild

    Chaild

    De Kënschtler iwwer säi Coming-out, seng Musekspläng a seng perséinlech Approche zur artistescher Kreatioun.

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen