Radioen

On air

Notturno  |  Aoife Nessa Frances - Way To Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass en Dréibuch Literatur?

Literatur

Ass en Dréibuch Literatur?

Fir den Nationale Literaturconcours 2023 sollen Interesséierter en Traitement (Resumé vun der Handlung an Iwwerbléck vun de Personnagen) an dräi Dréibuchdialogen eraschécken. Dat ass awer keng Literatur.

auto_stories

5 min

Joer fir Joer, an dat schonn zënter 1978, organiséiert de Kulturministère en nationale Literaturconcours. D'Zil ass et, déi literaresch Kreatioun hei am Land ze fërderen, an zwar souwuel ënnert de Lëtzebuerger wéi och de Residenten. Mol ginn intresséiert Autorinnen an Auteuren opgeruff Romaner eranzeschécken, mol sinn et Kuerzgeschichten, mol Gedichter wann dann net vläicht Theaterstécker gefrot sinn. Heiansdo gëtt e Sujet festgeluecht oder och e bestëmmte literaresche Genre.

Fir den nationale Literaturconcours 2023, deen elo ausgeschriwwen ass, huet sech de Kulturministère eppes Besonnesches afale gelooss. Am Reglement, dat viru Kuerzem verëffentlecht ginn ass, geet Rieds vun "projets d'écriture scénaristique d'une œuvre cinématographique et audiovisuelle de fiction ou d'animation ou expérimental". Also Dréibicher.

Oder net grad Dréibicher. Gefrot gëtt nämlech just en Traitement, dat heescht e Resumé vun der Geschicht a wéi se chronologesch erzielt gëtt, eng Beschreiwung vun de Personnagen, asw. An dann ass et "une série de minimum trois dialogues échangés entre deux ou trois personnages de l'œuvre cinématographique ou audiovisuelle de minimum 3 et maximum 5 pages chacun."

Ech sinn der Meenung, datt en Dréibuch keng Literatur ass. A wa schonn en Dréibuch keng Literatur ass, ëmsou manner dann en Traitement an dräi Dialogen. An aller Logik kann ech also net dohi goen an e Präis verginn, un deen ech selwer net gleewen.

Fir elo ganz transparent ze sinn, muss ech präziséieren, datt ech gefrot gi war, fir Member vum Jury vum nächsten nationale Literaturconcours ze ginn - dat ass näischt Anormales, datt do och Kulturjournaliste gefrot ginn. Leider hunn ech misste refuséieren.

Wat ass en Zenario?

En Dréibuch ass am Fong geholl just en Tëscheprodukt. Et sinn technesch Uweisungen, fir e Film ze dréinen. Besser Notizzen, wann ee sou wëll, déi x-mol vu ganz ënnerschiddleche Leit kënnen iwwerschafft ginn. Aus dramaturgesche Grënn, mee dacks och fir datt de Film e gewëssene Budget respektéiert - der Fantasie sinn ebe strikt Grenze gesat, eigentlech e Combel... Net ze schwätze vu Realisateuren, déi och scho mol ganz op en Zenario verzichten, wéi de rezent verstuerwene Jean-Luc Godard. D'écriture cinématographique ass dat, wat een um Ecran gesäit.

Natierlech loosse sech och Argumenter fannen, fir de literaresche Charakter vun Dréibicher z'ënnermaueren. Iwwregens koumen déi Argumenter dacks vu Leit, déi gemengt hunn, de Film als eegestänneg Konschtform mussen ze verdeedegen. Et ass e Fakt, datt verschidden Dréibicher duerchaus a Buchform publizéiert a gelies ginn.

Fir der Saach nach méi op de Fong ze goen, kann ee soen, datt och en Dréibuch eng Form vun Erzielung ass. An datt en eng Welt mat de Mëttele vun der Sprooch erschaaft, wat enger Minimaldefinitioun vu literarescher Kreatioun kéint entspriechen. Mee misst dann net och e Kachrezept als literaresch gëllen, vu datt eleng Wierder duerginn, fir sech de gudde Plat virzestellen an engem doduerch souguer d'Waasser am Mond kann zesummelafen ?

An engems hu scho vill unerkannte Schrëftsteller fir d'Filmindustrie geschriwwen, dat ass och eng Tatsaach. Mee ob déi domat ëmmer glécklech goufen, kann ee bezweiwelen. Sief just un e Raymond Chandler erënnert, deen an de 40er Jore kuerz fir Hollywood-Studioe geschafft a sech do eng bluddeg Nues geholl hat. A sengem Essay " Writers in Hollywood " (1945) stellt den Chandler desillusionéiert fest, datt d'Kreativitéit vun den Auteure mol net usazweis zum Droe kënnt, well se total dem bon vouloir vun de Produzenten ausgeliwwert sinn. A wann dee System eppes mat den Talenter mécht, sou den Chandler, dann ass et, datt en se zerstéiert.

Eng Demande vun de Filmproduzenten

Elo kann ee mer natierlech virgeheien, datt dat alles konservativ, reaktionär Argumenter sinn. Datt ech net oppe si fir d'Nouveautéit. An datt ech kee Literaturwëssenschaftler sinn - wat och stëmmt -, deen ouni Weideres mam leschte Stand vum sophistiquéierte konzeptuellen Instrumentarium vu senger Disziplin den ultimative Beweis vun der Literaritéit vu Filmdréibicher kéint erbréngen.

Wann de Kulturministère sech nëmmen all déi Gedanke gemaach hätt... Huet en awer net. D'Iddi, fir den nationale Literaturconcours op Dréibicher z'axéieren, déi kënnt nämlech vun de Filmproduzenten. D'Filmproduzente sinn dréngend op der Sich no valabelen Dialoge fir hir Filmer a Serien. Et brauch ee sech nëmme "Capitani" unzekucken, fir dës éierlech Suerg vun de Produzenten ze verstoen...

Hir Demande gouf vum Conseil national du livre, engem Gremium vu Bibliothecairen, soss Fonctionnairen an deem engen oder aneren Auteur (deen do méiglecherweis eng zousätzlech Akommesquell erkennt), hir Demande gouf also vun deem Conseil positiv aviséiert.

Ouni dem Conseil national du livre elo wëllen ze no ze trieden - ech zweiwelen op kee Fall un der Kompetenz vu senge Memberen: Mee hätt déi Decisioun elo wierklech anescht kéinten ausfalen, wann ee weess, datt d'Lëtzebuerger Filmindustrie mëttlerweil eng helleg Kou ass, de kulturellen Equivalent vun der Finanzplaz, wann ee weess, datt d'Filmindustrie a fester DP-Hand läit, jo, quasi zur Chefsaach erkläert ginn ass - de Filmfong ënnersteet direkt dem Staatsminister Xavier Bettel ? Hätt de Conseil sech ënner deene Konditiounen d'Decisioun kënnen erlaben, datt en Dréibuch keng Literatur ass?

Datt no talentéierten Dréibuchauteure gesicht gëtt ass legitim. Et hätt, mengen ech, keen de Filmfong dru gehënnert, selwer en deementspriechende Concours an d'Weeër ze leeden. Un de Suen hätt et op jidder Fall net geleeën: de Filmfong ass mat iwwer 40 Milliounen Euro d'Joer dotéiert, eng astronomesch Zomm am Verglach mat deem, wat de Staat fir d'Fërderung vu Literaturtalenter ausgëtt. Déi wäerten dann alt e Joer musse pausen.