Radioen

On air

Tockcity  |  Bibiza - Tanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Ich trage meinen armenischen Namen wie einen Hut, den ich auch nicht zum Essen abnehme."

Armenien – gëschter an haut

"Ich trage meinen armenischen Namen wie einen Hut, den ich auch nicht zum Essen abnehme."

Déi däitsch Schrëftstellerin Katerina Poladjan ass 1971 an der Sowjetunioun gebuer, hire Papp ass Armenier an hire Grousspapp ass een Iwwerliewende vum Genozid un den Armenier, dee wärend dem éischte Weltkrich um armenesche Vollek vu Säite vun osmaneschen Zaldote begaange ginn ass. An hirem Roman "Hier sind Löwen", deen am S. Fischer-Verlag eraus komm ass, thematiséiert si dëse Genozid.

auto_stories

2 min

De Roman ass elo op franséisch iwwersat ginn an ass ënner dem Titel "Ici, les lions" am Verlag "Rivages" publizéiert.

D'Katerina Poladjan war laang Jore Schauspillerin an huet an enger ganzer Rei däitsch Filmer a Serië wéi "Tatort" oder "Wilsberg" matgespillt. Si war och Theaterschauspillerin, mee huet hier Bünenaarbecht viru ville Joren opginn.

An hirem Roman "Hier sind Löwen" erzielt si d'Geschicht vun der Protagonistin Helene Mazavian. Si restauréiert al Bicher an aus deem Gronn flitt si dann an déi armenesch Haaptstad Jeriwan. Si entdeckt eng al Bibel a kënnt do enger Geschicht vun zwee Kanner op d'Spuer, déi wärend dem éischte Weltkrich gelieft hunn an op der Flucht virun den osmaneschen Zaldote waren. Et ass awer och der Autorin hier Faszinatioun fir armenesch Handschrëften, déi si am op enger Ausstellung am Staatlechen Handschrëftenarchiv Matenadaran zu Jeriwan entdeckt huet, déi an dësem Roman eng Bedeitung hunn.

Mir léieren an dësem Buch d'Geschicht vun Armenien kennen, awer och dat modernt, also aktuellt Armenien.

Am Gespréich mat der Katerina Poladjan wollt d'Valerija Berdi vun hier wëssen, wou de Besoin hier komm ass, sech mat der Geschicht vun Armenien literaresch ze befaassen, wéi si hier Zäit an Armenien erlieft huet a wisou si mat der Schauspillerei opgehalen huet.


Den Interview mat der Katerina Poladjan play_arrow