Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Annie Ernaux - Mémoire de fille

Buchtipp fir de Summer

Annie Ernaux - Mémoire de fille

Déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux huet mat iwwer 70 eng autobiographesch Erzielung iwwer de Summer 1958 geschriwwen. A "Memoire de fille" geet si op d'Sich no de Gefiller a Gedanken, déi déi 18 Joer al Epiciers-Duechter deemols ëmgedriwwen hunn. Ee Buchtipp fir de Summer vum Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun.

auto_stories

4 min

Eigentlech kennt d'Annie Ernaux déi jonk Fra, déi si mat 18 Joer war, net méi wierklech. Och wa si sech un onendlech vill Detailer erënnere kann, a masseg Bréiwer an Notize bis haut versuergt huet. Just Fotoe ginn et net vum Summer 1958, wéi d'Annie Duschene - esou hire Meederchersnumm - als Monitrice an enger Kolonie fir Kanner zu "S" an der Normandie schafft. Déi jonk Fra ass dee Summer eng éischte Kéier fir länger Zäit vun doheem fort.

D'Geschicht gëtt an der drëtter Persoun verzielt. An der éischter Persoun schwätzt d'Schrëftstellerin just, wa si iwwer hir Bannewelt vun haut schwätzt:

"J'ai voulu l'oublier cette fille. L'oublier vraiment, c'est-à-dire ne plus avoir envie d'écrire sur elle. Ne plus penser que je dois écrire sur elle, son désir, sa folie, son idiotie et son orgueil, sa faim et son sang tari. Toujours de phrases dans mon journal, des allusions à 'la fille de S', 'la fille de 58'. Depuis vingt ans, je note '58' dans mes projets de livre. C'est le texte toujours remis. Le trou inqualifiable."

Gutt, datt d'Annie Ernaux sech dunn awer iwwerwonne krut. Entstanen ass eng deels traureg, deels witzeg, awer ëmmer engagéiert "Coming of Age"-Geschicht. Am Mief vun de spéide 50er spiert ee schonn den Opbroch dee spéiderhin d'68er-Bewegung wäert inkarnéieren.

Beschäftegung mam Lien tëscht Muecht a Sexualitéit

"Memoire de fille" ass 2016 eraus komm. Ee Joer virum Opflame vun der MeToo-Debatt huet d'Annie Ernaux sech och mam Lien tëscht Muecht a Sexualitéit ausenaner gesat. Si verzielt hir éischt Nuecht mat engem Mann, dem Chef-Moniteur "H". D'Zeen an där hatt komplett passiv erlieft, wéi dëse Mann géint säi Wëlle versicht mat him ze schlofen, gëtt net weider kommentéiert. Eréischt méi spéit an der Erzielung stellt d'Auteurin sech d'Fro, ob dëst eng Vergewaltegung war:

"Mon impossibilité encore aujourd'hui d'utiliser le mot viol au sujet de H signifie peut-être que non. Et qu'en est-il de la honte d'avoir été amoureuse folle d'un homme, de l'avoir attendu derrière une porte qu'il n'a pas ouverte, d'avoir été traitée de siphonnée et de putain sur les bords? En ai-je été nettoyée par 'Le deuxième sexe' ou au contraire submergée? J'opte pour l'indécision: d'avoir reçu les clés pour comprendre la honte ne donne pas le pouvoir de l'effacer."

Ouni et genau ze wëssen oder ze wëllen, mécht déi jonk Fra aus einfache Verhältnisser sech no dësem turbulente Summer zimlech zilsécher op de Wee fir eraus ze fannen, wat si am Liewe wëll maachen. No engem kuerzen Detour iwwert d'Enseignantsausbildung, an engem Joer als Au Pair zu London geet d'Annie Ernaux Literatur studéieren mam Zil Schrëftstellerin ze ginn.

Speziell Zort vun Nostalgie

Déi haut 77 Joer Annie Ernaux assuméiert hire Wee dohinner - den Exercice vum Schreiwen huet dozou sécher bäigedroen. A Mémoire de Fille ass anescht wéi ee kéint mengen een nostalgescht Buch. Et ass gedroe vun där Zort Nostalgie, wéi se sech just mat eisen Erënnerungen u vergaange Summeren uspiert:

"Un été immense comme ils le sont tous jusqu'à vingt-cinq ans, avant de se raccourcir en petits étés de plus en plus rapides dont la mémoire brouille l'ordre, ne laissant subsister que les étés spectaculaires de sécheresse et de canicule."