Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anne Rose Terebesi: "Ech weess net wou meng Energie hierkënnt"

Sot Emol

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net wou meng Energie hierkënnt"

D'Anne Rose Terebesi ass Pianistin an Enseignante an der Museksschoul zu Gréiwemaacher, déi viru kuerzem eréischt een neien Disk mat Musek vum Muzi Clementi mam Titel "Con Espressione" eraus bruecht huet.

auto_stories

4 min

Ganzen Interviewplay_arrow


D'Anne Rose Terebesi ass mat Musek opgewuess. Hire Papp war Organist a Chouerdirigent an huet net manner ewéi sechs Chéier dirigéiert. Et ass awer net, datt d'Musek huet misse sinn. Hire Papp huet hir an hire Schwësteren de fräie Choix gelooss.

"Ech sinn domat opgewuess. Dat ware meng éischt Erfarungen, mäi Papp war mäin éischte Lehrer. Dat war elo net dat idealst, well hie jo eigentlech keng Zäit hat an da sinn ech relativ séier zu menger Klavierlehrerin an die Kreismusikschule gaangen an do war ech dann zéng Joer."

Dono huet d'Anne Rose Terebesi zu Mainz weider Musek studéiert a schonn an der Studienzäit ëmmer nees Pianosconcerte ginn.

Um Ufank stoung awer d'Moud

Mee de Museksstudium war awer net den éischte Choix vun der Anne Rose Terebesi, well si wollt u sech Moudendesignerin ginn. Si huet ee Praktikum bei enger Moudendesignerin gemaach a wollt dann och an déi Direktioun goen, well si genee do och hir Kreativitéit konnt liewen.

"Ech hunn eng komplett Schneiderlehre absolvéiert, dräi Joer, wat och net esou liicht war. An do sinn ech no Köln gaangen an hu mäi Fachabitur fir Gestaltung gemaach. An et war kloer, datt mir d'Faarwen an d'Stoffer immens zougesot hunn."

"Ech wollt him méi no sinn."

Nom Doud vun hirem Papp war et awer direkt kloer fir d'Anne Rose Terebesi, datt si Musek wéilt als Beruff maachen, mat ebe wéi gesot dem Studium zu Mainz. Vläicht war et ugangs och eng Therapiegeschicht fir den Doud vum Papp a Form vu Musek ze verschaffen.

"Ech hunn heiansdo och gesot,ech wëll säi Wierk weiderféieren. Ech weess net op een dat esou soe kann. Dach e bësse war et schonn esou fir him méi no ze sinn an der Musek."

"Heiansdo sinn ech och midd."

D'Pianoscoursë ginn, da selwer als Pianistin optrieden, Disken aspillen an dobäi och nach Mamm vu véier Kanner sinn: do ass ee Gefill fir Multi-Tasking schonn net vu Muttwëll. An datt een emol midd ass gehéiert sécher dozou.

"Awer ech weess och net wou meng Energie hierkënnt. Et sinn alles Saachen, déi maache mir Freed. Ech sinn immens dankbar fir meng Astellung zu Gréiwemaacher. Ech sinn immens dankbar fir déi Concerten, déi ech niewebäi maachen. Natierlech et ass wierklech ee Spagat an ech hunn och net esou vill Zäit um Piano ze sëtzen, wéi ech wéilt".

Zanter 2021 ass si Steinway-Artistin

Si sollt ee Steinway-Fligel eraussichen an ass doriwwer a Kontakt mat Responsabele vu Steinway komm. An do koum d'Propose, datt d'Anne Rose Terebesi sech melle soll fir Steinway-Artistin ze ginn. Och wann dat sécher eng Zäitche géif daueren.

An um Enn huet et geklappt. D'Anne Rose Terebesi ass elo Steinway-Artistin a se ass elo an der Steinway-Famill mat groussen Artisten wéi Grigory Sokolov, Sergei Rachmaninov, Diana Krall, Keith Jarret oder Billy Joel.

"Ech sinn extrem houfreg. Ech sinn natierlech och invitéiert ginn an hunn eppes mussen ënnerschreiwen. An elo sinn ech an der Hall of Fame. Ech fannen dat och ëmmer witzeg a schéin. Ech sinn och ganz stolz, mee ech sinn dofir net besser oder schlechter wéi virdrun."

Déi aktuell CD vun der Anne Rose Terebesi ass am Februar dëst Joer eraus komm. Een Disk mat Pianosonate vum italieenesche Komponist Muzio Clementi mam Titel "Con espressione".