Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anarcho-humoristesch Krichserklärung un d'GAFA

Kino

Anarcho-humoristesch Krichserklärung un d'GAFA

Nei am Kino: déi franséisch Komedie "Effacer l'historique", vum Duo Delépine-Kervern, weist dat absurd digitaalt Netz vu Contrainten, dat den Duerchschnëttsbierger gefaangen hält.

auto_stories

3 min

Deen heite Film dierft hei zu Lëtzebuerg mat Interessi wouer geholl ginn. Besonnesch wéinst deem zu Biissen geplangte Google-Datenzenter, deen - sollt en enges Daags a Betrib geholl ginn - e signifikative Brochdeel vum nationale Stroum- a Waasserverbrauch kéint an Usproch huelen.

Déi franséisch Comedie ''Effacer l'historique'' vum Duo Benoît Delépine a Gustave Kervern hëlt déi weltwäit Dominanz vun de GAFA, also den amerikaneschen Internet-Konzerner Google, Amazon a Facebook op d'Schëpp.

D'Auswierkunge vum Digitalen op den Individuum

De Film konzentréiert sech op déi enorm Auswierkunge vun den digitalen Technologien op den Alldag vum Duerchschnëttsbierger. Dee gëtt ëmmer méi an engem Netz vun absurde Contraintë gefaangen: sief et banal verwaltungs-technesch Enmerdementer an eng illusoresch Verbesserung vum Liewen duerch digital Gadgeten, sief et duerch Erpressung unhand vu Sextapes, Mobbing an der Schoul oder d'Tyrannei vum Rating, déi iwwer de Succès oder de Ruin vum geréngsten Ee-Mann-(respektiv Fra-)Betrib entscheede kann.

Dës weidere gëtt analyséiert, wéi den Individuum säi Verhalen ëmmer méi no den neien Exigenze vum Kapitalismus riichte muss. Mam Resultat, datt e frustréiert an eleng do steet.

Mënsch vs digital Megamaschinn

Illustréiert gëtt dës Ausenanersetzung tëschent Mënsch a Megamaschinn duerch eng Successioun vu kuerzen oder méi elaboréierte Gags, an déi en Trio vun Noperen (Blanche Gardin, Denis Podalydès a Corinne Masiero), Awunner vun enger langweileger Cité, verwéckelt ginn (iwweregens ze notéieren: Cameo-Optrëtter vu Benoît Poelvoorde, Michel Houellebecq oder nach Bouli Lanners).

Den Duo Delépine-Kervern beléisst et awer net beim Constat vun der totaler digitaler Ënnerdréckung. D'Computerfunktioun ''Delete history'' oder ''Effacer l'historique'', déi dem Film säin Titel gëtt, steet fir de politesche Programm, dee sech d'Auteuren op de (schwaarze) Fändel schreiwen: tabula rasa, déi komplett Befreiung vun deem, wat dech futti mécht!

An der Traditioun vu gesellschaftskritesche Comédien

Et ass eng anarchistesch-humoristesch Krichserklärung un d'GAFA, déi net zu onrecht als Zentrum vun der Muecht identifizéiert ginn. Solidaritéit gëllt et nei ze entdecken, um Beispill vun de Gilets jaunes op de Rond-pointen uechter Frankräich - och wa mat engem éischter nostalgeschen, desabuséierte Bléck op dës Revolt zeréckgekuckt gëtt.

Den Humor, deen de Film auszeechent, dierft an éischter Linn e méi frankophille Public uschwätzen, mee och déijéineg, deenen den hilarante Kino vun engem Todd Solondz (''Happiness'') eppes seet. Virun allem steet ''Effacer l'historique'', wat den intellektuellen Niveau betrëfft, däitlech iwwer duerchschnëttleche franséische Filmer "fir ze laachen".

Deen heite Film knäppt dogéint un eng erfrëschend Traditioun vu gesellschaftskritesche Comédien un, déi am Frankräich vun den 1960er-70er Jore opgebléit waren, eng Traditioun, déi souwuel méi liichte Kascht à la Charlots, wéi och usprochsvoll Auteuren, wéi de Jacques Tati ëmfaasst.