Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alex Cameron - Country Figs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am permanente Provisorium gefaangen

Nei am Kino

Am permanente Provisorium gefaangen

"Madre", en Drama vum spuenesche Realisateur Rodrigo Sorogoyen, erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi op der Sich no hirem verluerene Kand ass. Spuersam, zeréckhalend, suggestiv.

auto_stories

3 min

D'Elena, déi zu Madrid lieft, huet all Spuer vun hirem sechs Joer jonke Bouf verluer. De leschte Kontakt mat him war iwwer Telefon. De Jong war eleng op iergend enger franséischer Plage, wou säi Papp am Prinzip sollt op hien oppassen.

Zéng Joer méi spéit lieft d'Elena an de Landen op der franséischer Atlantikküst, all déi Zäit huet si do an engem Plage-Bistro geschafft. Enges Daags leeft hir op der Plage e Jugendlechen entgéint, dee si intrigéiert a vun deem si net méi ka lass loossen.

Onméiglechen Deuil

D'Ongewëssheet vun enger Mamm iwwer d'Schicksal vun hirem Kand ass d'Theema vu ''Madre'', engem Drama vum spuenesche Realisateur Rodrigo Sorogoyen. Et kann net d'Geschicht vun engem Deuil sinn, deen de sécheren Doud géif viraussetzen. Well si déi Sécherheet net huet, ass et der Mamm onméiglech, dem Kand definitiv Äddi ze soen.

Wa si net am Bistro schafft geet d'Elena d'Plage op an of. No hirer Aarbecht geet et zeréck an de Studio, wou si eleng lieft, owes d'Klappbett erauszitt a virun der Tëlee aschléift. En neie Partner huet si an Tëschenzäit fonnt, mee dee wunnt déi Säit der franséisch-spuenescher Grenz a kënnt sporadesch eriwwer.

D'Fra ass an enger Zort permanentem Provisorium gefaangen, e richtegt Liewen ass net dran. Bis si op de 16 Joer ale Jean trëfft, dee mat senger Paräisser Famill do Vakanz mécht an hir esou eppes wéi Liewensfreed zeréckgëtt.

Zweedeiteg Relatioun

Ass et en oder ass et en net? Déi Fro suergt natierlech fir d'Spannung am Film. De Realisateur Rodrigo Sorogoyen ass allerdéngs clever genuch ass fir doriwwer eraus ze goen. D'Relatioun, déi sech tëschent der Elena an dem Jean entwéckelt ass nämlech eng ganz zweedeiteg: wärend si an him - wéinstens am Ufank - dat verluerent Kand gesäit, fillt sech de Jugendleche vun där attraktiver Fra ëm Enn 30 sexuell ugezunn.

De Personnage vun der Elena gëtt mat grousser Zeréckhalung vun der Marta Nieto interpretéiert. Datt d'Fra konstant hiert verluerent Kand am Kapp huet gëtt bal ni am Film ausgeschwat, villméi gëtt indirekt op hir Obsessioun higewisen. Déi wäitwénkeleg Kameraastellung, déi d'Bild op de Borde verzerrt, entsprécht dem permanent oppene Bléck, mat deem si sech dorëmmer beweegt. Ronderëm si gëtt vun der ''folle de la plage'' gepëspert.

An da gëtt ëmmer erëm d'Motiv vun der Plage ageblent, mat den héije Wellen a virun allem dem bronkege Mier, an dat sech d'Presenz vum verluerene Kand ka projezéiere loossen. Déi wéineg Momenter, an deenen d'Kand dann ausdrécklech ernimmt gëtt, hunn ëmsou méi Wierkung.

Spuersame Stil, grouss Effekter

Mat där selwechter Spuersamkeet geet de Realisateur mat dramateschen Zeenen ëm. Den Ufank vum Film suergt direkt fir e Schockmoment. Et ass e laange Plan séquence, dat heescht eng eenzeg Astellung, an där d'Mamm an hirer Wunneng mat hirem Kand telefonéiert, an hëlleflos materliewe muss, wéi de Bouf panikéiert éier d'Kommunikatioun definitiv ofbrécht. Dës Ouvertures-Zeen kontrastéiert mam vill méi rouege Rescht vum Film. D'Emotiounen, déi si ausléist, begleeden de Spectateur awer praktesch bis zum Schluss, wierke wéi en Echo no.

Mam Stilmëttel vum Plan séquence an de prezise Kamerabeweegunge knëppt de Realisateur Rodrigo Sorogoyen formell u säi viregte Film ''El Reino'' vun 2018 un. Dës iwwerzeegend Duerstellung vun der Korruptioun an der spuenescher Politik war duerch an duerch hektesch an direkt. ''Madre'' ass am Géigendeel vill méi lues, méi meditativ, méi suggestiv.

Déi grouss Qualitéiten, déi de Sorogoyen deemools schonn ënner Beweis gestallt hat, virun allem datt hien op d'Billersprooch setzt fir seng Geschichten ze erzielen, ginn a sengem leschte Film méi wéi confirméiert.