An engem Duerf an Ostdäitschland 1992 sinn zwee jugendlech Meedercher, allebéid Schwësteren, zesumme verschwonnen. D'Kommissäre Patrick Stein a Markus Bach, deen een aus dem Westen, deen aneren aus dem Osten, sollen d'Enquête féieren. Séier versti se, datt si no engem Mäerder musse sichen, deen nach méi Affer kéint ze veräntwerten hunn. An da kréie béid Polizisten ze spieren, datt si an där vum Chômage gezeechenter Géigend net grad wëllkomm sinn.
Den däitsche Thriller ''Freies Land'' ass e Remake vum sechs Joer alen ''La isla mínima'' vum Alberto Rodríguez, dee praktesch Zeen fir Zeen iwwerholl gëtt. A Spuenien gouf deen deemools als beschte Film vum Joer ausgezeechent.
Visuell Änlechkeeten
Vun engem reng visuelle Standpunkt aus gesi mécht d'Transpositioun vun der andalusescher Mouer-Landschaft beim Guadalquivir eriwwer a Mecklenburg-Vorpommern, wou et änlech Panoramae gëtt, duerchaus Sënn.
Wärend beim Original eng eklatant summerlech Sonn zur bedréckender Atmosphär bäigedroen hat, si mer dës Kéier an enger wanterlecher Stëmmung mat duerch an duerch knaschteg-groe Faarftéin. D'DDR, kéint ee mengen, huet eben hier Spueren hannerlooss.
A grad problematesch gëtt et bei der Adaptatioun vum sozio-politesche Kontext. D'Handlung vu ''La isla mínima'' hat 1980 gespillt, fënnef Joer nom Enn vun der Franco-Diktatur, där hier Nowéien thematiséiert goufen: indirekt iwwer e Klima vu Mësstrauen a Geheimniskréimerei; direkt duerch d'Vergaangenheet vun engem vun de Polizisten, dee seng éischter méi rabiat Methoden aus senger Zäit am Repressiounsapparat bäibehalen hat.
DDR = Franco-Diktatur?
''Freies Land'' iwwerhëlt dat Schema, woumat noutgedrongen eng Parallel suggeréiert gëtt tëschent der fréierer DDR an der Franco-Diktatur. Zur Erënnerung: de kommunistesche Staat hat tëschent 1945 an 1989 (jee no Berechnung) ëm déi 500 Doudesaffer ze verzeechnen, gréisstendeels Flüchtlingen, déi bei der Mauer erschoss goufen. Wärend a Spuenien tëschent 1939 an 1975 méiglecherweis iwwer 150.000 Regimmgéigner ''liquidéiert'' gi waren.
Dat entsprécht duerchaus enger Tendenz an der däitscher Fiktioun, déi doranner besteet, op eng ondifferenzéiert Aart a Weis mam ''Unrechtsstaat'' ofzerechnen amplaz déi Vergaangenheet a Perspektiv ze setzen. Als positiivt Géigebeispill kann een ''Das Leben der Anderen'' vum Florian Henckel von Donnersmarck aus dem Joer 2006 nennen, e Film, deen drop verzicht hat, d'Repressioun an der DDR als méi bluddeg duerzestellen, wéi se a Wierklechkeet war.
Als Kompensatioun souzesoen thematiséiert ''Freies Land'' niewelaanscht och d'Aktivitéite vun der Treuhandgesellschaft, déi nom Mauerfall d'Wirtschafts-Infrastruktur an Ostdäitschland zugonschte vu Kapital aus Westdäitschland bradéiert hat, wat bis haut vill Mënschen am Osten net verdaut hunn.
Schwaache Remake
Fir déijéineg, déi ''La isla mínima'' scho gesinn an - wéi a mengem Fall - a relativ gudder Erënnerung behalen hunn, fir déi kënnt ''Freies Land'' am grousse Ganze vill méi schlecht ewech. An dat huet nëmme wéineg domat ze dinn, datt ee scho plus ou moins weess, wou d'Rees hiféiert a se doduerch manner spannend wier.
D'Original war ee bei wäitem méi intensiven, besser interpretéierten an och fotograféierte Thriller ewéi den däitsche Remake, deem een ofgesäit, datt de Realisateur Christian Alvart bis elo haaptsächlech Tatorte gedréint huet a Serien ewéi dës lescht ''Dogs of Berlin''.
Et hëlleft och net, datt déi zwee däitsch Polizisten deelweis ewéi Parodien op hir zwee spuenesch Kollege wierken: den Trystan Pütter als duerchtrainéierten a selbstséchere Wessi mat senge permanent à la Joker eropgezunnen Aperhoer-Wénkelen, an zemools den hei esou ongehuwwelten ewéi ongefleegte Felix Kramer, deem säin décke Schnurres, säin Aviator-Sonnebrëll a seng Béierpanz schonn op honnert Meter de fréiere Stasi-Tortionär ze erkenne ginn.
Dem Lëtzebuerger Marc Limpach kann ee warscheinlech verzeien, datt en a senge wéinegen Zeenen als karikaturale Pressefotograf vläicht eng Grëtz ze déck opgedroen huet. Fazit um Enn: vergiesst de Remake a besuergt Iech d'Original!