Netflix All Verméigen huet säi Präis

Wat maache mat engem Verméigen, dat engem esou an de Schouss fält an een nëmme mat Lige kann halen? Dëse moraleschen Dilemma steet am Mëttelpunkt vum amerikanesche Thriller "Dangerous lies".

Michel Delage

Filmkritik Dangerous lies.jpg
D'Katie (Camila Mendes) an den Adam (Jessie T. Usher) sti virun engem Dilemma

D'Katie an den Adam sinn eng jonk Koppel, déi mat finanzielle Problemer ze kämpfen huet. D'Katie bekëmmert sech elo zënter véier Méint ëm de Leonard, e sympatheschen eelere Rentner, dee keng Famill huet an eleng a sengem groussen Haus an a sengen Erënnerunge lieft. Den Adam, dee sengersäits Krämpes huet, fir eng Aarbecht ze fannen, gëtt vum Rentner als Gäertner engagéiert.

D'Koppel ass zesummen, wat kann do nach schif lafen? Wéi de Leonard stierft, staunt déi jonk Katie net schlecht, wéi hir d'Haus als Ierfschaft an de Schouss fält, nieft enger gréisserer Zomm Boergeld, déi een och nach am Haus entdeckt. Ganz séier schéngt sech deen onverhoffte Seegen awer an e Fluch ze verwandelen...

Moraleschen Dilemma

Jo, wat maache mat enger Fortune, déi engem iergendwéi net zousteet, an déi een nëmmen duerch déi eng oder aner kleng Lige ka behalen ? Dee moraleschen Dilemma bestëmmt de Thriller ''Dangerous lies'', gedréint vum Michael M. Scott, e Realisateur, dee scho vill gemaach huet, haaptsächlech fir d'Tëlee. Deen heite Film ass dann och e gutt Beispill fir déi Zort vun Telefilmer, déi ee viru Joren nach - wéi den Numm et seet - op der Flimmerkëscht zerwéiert krut, a bei deenen et am Fong egal war, ob ee vun Ufank un dobäi war oder en cours de route ageschallt huet - d'Enjeue vum Plot an d'Mise en scène waren do ëmmer séier ze duerchkucken. Elo iwwerschwemmen dës Filmer ebe Streamingplattformen ewéi Netflix.

E gudden oder akzeptabele Thriller léisst sech normalerweis Zäit, fir eng Atmosphär opzebauen. Hei gëtt dogéint zimmlech séier mat der Scheierpaart gewénkt. Alles wierkt ze déck opgedroen, ugefaange mat der inquietanter Musek, déi vun Ufank un ënnersträicht, datt een et hei effektiv mat engem Thriller ze dinn huet.

Louche Personnagen, déi op eemol, ewéi aus dem Näischt eraus, am Liewe vun der Koppel opdauchen, wéi dësen David Beckham-änleche pseudo-Immobilienagent, gi virun där Soundkuliss och direkt als verdächteg entlarvt. Gefilmt gëtt dacks oder ze dacks aus schife Wénkelen, an definitiv ze vill mat enger Dron aus der Luucht. D'Haus vum Rentner, dat gëtt beliicht ewéi e Geeschterhaus - kéint et eventuell sinn, datt do eppes net geheier ass ?

De kuerzen Optrëtt vum Elliot Gould

Iwwerhaapt, de Rentner. De wuelbekannten Elliot Gould, deen een zum Beispill aus Robert Altman-Filmer aus de 70er Joren, ewéi ''M*A*S*H'' oder ''The Long Goodbye'' kennt, ass an Tëschenzäit e respektabele Veteran iwwer 80. Presenz um Ecran huet en duerchaus nach, leider ass seng Roll an deem heite Film op e strikte Minimum reduzéiert : nämlech déi vum Promi, mat deem een hofft, Spectateuren unzezéien.

Alles laascht also op de Schëllere vun der jonker Actrice Camila Mendes, där hiren net ganz iwwerzeegend geschriwwene Personnage Katie sech séier muss froen, wiem een iwwerhaapt nach kann trauen. Ugefaange mam eegene Partner. An der Roll vum potentielle Machiavelli wierkt den Jessie T. Usher wéineg credibel. Als previsibel léisst sech allgemeng den Zenario beschreiwen, wann een déi mat vill Opwand gezeechent falsch Pist bis hannert sech gelooss huet.

Elo dierft dann och dee leschte verstanen hunn : ''Dangerous lies'' ass keen Héichpunkt vu Raffiness. Déi zwou Stonnen investéiert ee vläicht besser an e Spadséiergang an der frëscher Loft... oder a soss eng sënnvoll Aktivitéit.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Frënn iesse Popcorn am Kino
Deconfinement

Theoretesch hätten d'Kinoen hei am Land schonn dëse Freideg dierfen opgoen. Well se awer nach Zäit brauchen, fir d'Schützmesuren ëmzesetzen, si sech d'Kinosbedreiwer op Mëtt Juni eens ginn.

Earthquake bird Filmkritik
Netflix

No sengem Biopic ''Colette'' thematiséiert de Britt Wash Westmoreland och an "The Earthquake Bird" eng Dräiecksbezéiung. Dës Kéier mat verstéierter Sexualitéit an a Form vu psychologeschem Thriller.

L'Agent immobilier Kritik
Serie

Déi villschichteg franséisch Mini-Serie "L'Agent immobilier'', vum Duo Shira Geffen an Etgar Keret, gëtt ënner anerem vun engem iwwerzeegende Mathieu Amalric gedroen. Dës schwaarz Komedie ass op Arte ze gesinn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen