Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Generatioun kritt den Joker, dee se verdéngt!

#Venezia76

All Generatioun kritt den Joker, dee se verdéngt!

An domadder ass et geschitt. De laang erwaarte Joker-Film vum Todd Phillips, mam Joaquin Phoenix an der Haaptroll, hat virgëschter Samschdeg zu Venedeg um Lido mat groussem Pomp seng Première. Den Tom Dockal stoung Moies fréi an enger laanger Schlaang an huet en an der Pressevirstellung gesinn. Hei seng Andréck.

auto_stories

4 min

Zanter den Embargo op de Kritiken opgehuewen ass, ginn d'Meenungen an all Richtungen. An zwar esou richteg. Wat déi meescht verbënnt - virun allem déi vum angelsächsege Bord - ass tatsächlech d'Angscht virun enger kulturkapitalistescher Apokalyps, déi mat dësem Film den Ufank vum Schluss virausseet. Mee eent nom aneren.

"Joker" ass virun allem eppes. Eng origin story. Personnage X geet vun A op B a gëtt Superheld Y. E klasseschen Récit initiatique am Fong. Dofir verwonnert et net, dat deen Exercice och emol beim Antagonist vun de bekannte Superheroes duerchgezu gëtt. A wien ass do méi emblematesch wéi den Joker.

Den Arthur Fleck ass eng aarme Sau. Hie wunnt mat senger Mamm, huet siwe verschidde Medikamenter all Dag ze schlécken an deet sech schwéier am Matenaner mat Mënschen. Hie schafft fir eng Boîte als Clown a stellt sech mat Reklammsschëlder an d'Akafsstroossen a besicht d'Kanner op der Kriibsstatioun. Mee den Arthur huet en Dram. Hie wëllt e grousse Stand-Up-Komiker ginn. Just: hien ass - wierklech - net - witzeg. E laacht op falschen an net ubruechte Plazen a mécht Laachkrisen, wann et him am Fong fir ze kräischen ass.

Wärenddeem geet Gotham City der Däiwel. D'Stad verkënnt an der Kriminalitéit an den Haass op d'Elite klëmmt. No engem Clownen-Job eskaléiert e Konflikt an der Metro an den Arthur erschéisst dräi Mataarbechter vu Wayne Enterprise. Gotham veruerteelt manner, feiert dofir den onbekannte Vigilante. Den Thomas Wayne - Papp vun engem gewësse Bruce Wayne - stempelt d'Prekariat als Clownen of, déi sech net zesummegerappt kréien. An den Arthur Fleck gëtt méi oder wéineger zoufälleg Haaptprotagonist an Dirigent vun deem ganze Chaos.

E Film dee polariséiert

Datt Joker Reaktiounen ervirbréngt, ass net verwonnerlech. Socially awkward, mëssverstanen, vu moies bis owes gerannt an ausgestouss. Dat ass d'Profil vum Joaquin Phoenix sengem Joker. Den Todd Phillips huet de Film an de 1970er situéiert an esou wéi dem Phoenix säi Personnage mam gestréckte wollenen Hiem ouni Äerm duerch Gotham - wat wéi New York ausgesäit - ronderëm stackst, denkt een direkt un déi emblematesch Robert de Niro Prestatiounen aus "Taxi Driver" a "King of Comedy". Total-Loser-Figuren, déi all Zäit vun der Welt hu fir mam Net-Verstoen e Gewaltpotenzial opstauen, dat jee nodeem an déi eng oder aner Richtung kanaliséiert gëtt. Iergendwann. Den de Niro ass iwwregens och an der Distributioun vun "Joker".

Viru bal 20 Joer krut "Fight Club" vum David Fincher faschistoid Zich virgehäit. De Film gouf als geféierlech ageschat an eng Angscht huet sech breet gemaach, datt en eppes géif triggeren, wat nefast Ausmoossen kéint hunn. Den nämmlechten Discours gëtt elo bei der Kritik zu Joker geféiert. Eng gewësse Mass, gëtt gefaart, kéint hei de filmesche Sermon fannen, deen eng Léisung zum Verstane-Gi liwwere soll.

Näischt bleift an der Loft. Alles gëtt erkläert

Mee esou konsequent d'visuell Inzeenéierung vum Todd Phillips ze si schéngt, esou onsubtil ass dann d'Priedegt, wann den Arthur/Joker se am leschten Akt verbaliséiert. Därmoosse banal a simplistesch, datt se all hir Kraaft aus de Seegele geholl kritt. D'sozio-politesch Allegorie bleift wutbürgerlech vag gehalen, datt se sech nees neutraliséiert.

De Film wëllt en eechtzehuelent Psychogramm vun enger verluerener Generatioun zeechnen, bleift awer eng duerch an duerch verdënnte Bickle-Pupkin-Durden-Kopie. Aus Angscht virun Onkloerheete gëtt d'Notioun vu Fiktioun a Realitéit zum Beispill opgedeckt an och déi richteg Irritatioun, déi déi kräischend Laachkrisen mat sech bréngt, ass séier fort - de Phoenix zitt eng Käertchen op där dropsteet, dat wier alles just e Symptom vu senger Krankheet. Näischt bleift an der Loft. Alles gëtt erkläert.

Bei aller Inkonsequenz ass dee minabelen Entitlement vum Joaquin Phoenix senger Witzfigur Joker, deen iergendwann nihilistesch Zich kritt, e Genoss. Kierperlech Kontortiounen, eiskaalt Gesiicht a Danzeinlagen inklusiv. An dank dem Phoenix zitt ee mat. Ouni hie géif d'Kaartenhaus komplett zesummebriechen.

"Joker" wäert bei senger Sortie am Oktober definitiv fir Diskussioune suergen, esouvill ass kloer. Egal wéi déi Diskussioune wäerte goen, Tatsaach: all Generatioun kritt den Joker, dee se verdéngt!