Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Albert Camus - L'exil et le royaume

Een Theema, Ee Buch

Albert Camus - L'exil et le royaume

A sechs Erzielunge stellt den Albert Camus seng Protagonisten op haart Prouwen. Eng Ausenanersetzung mam eegene Liewen, eegenen Iwwerzeegungen, de Grenzen, déi ee sech selwer operleet a sech och domat géint en eegent Paradäis decidéiert. "L'exil et le royaume" (1957), e Recueil vum Albert Camus, stellt d'Valerija Berdi vir.

auto_stories

4 min

D'Janine begleet hire Mann op eng Geschäftsrees. Si sëtzen am Bus a wärend hire Mann nieft hir sëtzt, denkt d'Janine iwwer hir Bezéiung no. Iwwer hir Gefiller fir de Marcel, mat deem si scho 25 Joer zesummen ass an iwwer de Fait, datt si u sech net frou mat him ass, mee datt hie si brauch a si gäre gebraucht gëtt.

De Bus fiert duerch déi algeresch Landschaft, e kale Wantermueren, eng Méck, déi bei all Wandstouss ziddert, verluer, grad wéi d'Janine, wéi déi meescht Figuren an dësen zeg Erzielungen an dësem Recueil vum Albert Camus. An der Nuecht, an engem Hotel, traut sech d'Janine d'Zëmmer ze verloossen an erlieft an der Wüüst eng erotesch Renconter mat der Natur. Si traut sech awer net dës nei Fräiheet ze halen a geet zeréck.

D'Einsamkeet ass ee vun de pertinente Sträng an de Geschichten am "L'exil et le royaume". Den Exil huet ganz ënnerschiddlech Bedeitungen, huet d'Janine an der Wüüst en Exil aus hirem Alldag erlieft a sech doduerch och kuerz an engem besonnesche Royaume gefillt, och wann et net vun Dauer war. "La femme adultère" ass de verfänglechen a signifikanten Titel vun der Geschicht.

Nei literaresch Weeër

"L'exil et le royaume" ass am Joer 1957, kuerz éier den Albert Camus mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf, erauskomm. De Camus, erfollegräich mat senge Romaner, passionéiert vum Theater, huet an de 50er Joren, nieft senge Chroniken an Essaien no neie literaresche Weeër gesicht.

D'Novell "Le renégat ou un esprit confus" ass besonnesch ervirzehiewen. E Missionär ass an engem afrikanesche Land, glécklech fort ze si vun engem Doheem, dat him näischt Schéines bruecht huet. "Mon père grossier, ma mère brute, le vin, la soupe au lard tous les jours, le vin surtout, aigre et froid." Den Dram, ënner der afrikanescher Sonn dem Misère vum Massif central ze entkommen an de "Wëllen", déi richteg Relioun bäizebréngen, ass fatzeg an d'Box gaangen, de Missionär gëtt vun den Indigenë gefoltert a fänkt un all dat ze haassen an ze verfluchen, un dat hie bis dohi gegleeft huet.

De Broch mam Sartre

Den Albert Camus war Atheist, hien hat seng eege Virstellung vum Existenzialismus a war hien an der Nokrichszäit ganz enk ideologesch a frëndschaftlech dem Jean-Paul Sartre verbonnen, sou koum et zu engem radikale Broch, virun allem, well de Camus dem Sartre seng Begeeschterung fir d'Sowjetunioun net gedeelt huet.

All Extremismus war dem Camus suspekt, hien de franséischen Algerier oder algeresche Fransous, iwwerzeegte Pazifist, huet den Algeriekrich natierlech net guttgeheescht, mee hien ënnerstëtzt net d'Onofhängegkeet vun Algerien.

Hie gesäit d'Léisung an engem friddlechen Zesummeliewen, an der Gerechtegkeet fir all Awunner vun Algerien, well d'Majoritéit vun den Algeriefransousen si wéi seng Famill, einfach Aarbechter, Handwierker a kleng Händler. An der Gläichberechtegung a Bildung fir all Mënsch gesäit de Camus d'Léisung, hien, de Fils vun enger Analphabetin, ass senger Mamm a senger Heemecht immens verbonnen.

D'Verbindung mat Algerien

Sou gëtt och dës Novell "Le renégat" als eng Uspillung un de Sartre a seng radikal Iwwerzeegunge gesinn. Datt een, och wann et a beschter Absicht, mat radikalen Ideologien dat Falscht erreecht. De Sartre hat kee Problem domat, wa franséisch Zivilisten an Algerie fir déi sougenannte Gerechtegkeet ëmbruecht goufen, de Camus, dee wärend dem Onofhängegkeetskrich immens Angscht ëm d'Liewe vu senger Mamm hat, hat do eng aner Vue. Et war jo och hien, deen am Géigenzuch zum Sartre, eppes ze verléieren hat.

D'Konditioune vun der Aarbechterklass sinn d'Theema an der Geschicht "Les muets" - si, d'Aarbechter, hunn de Mond net opkritt fir hir Revendicatiounen ze proklaméieren an de Protagonist Yvars dreemt vum sonnegen Algerien, vum déiwen, bloe Mier an der Liewensloscht, déi hie verpasst huet an ni méi wäert fannen.

Dem Camus seng Verbonnenheet mat Algerie kënnt an all Erzielung zum Virschäin. Seng Empathie fir déi einfach Leit, seng Admiratioun fir déi algeresch Landschaft sinn och an dësem Recueil ëmmer mat dran.

Wat ass Exil, wat ass Royaume? En Dram, eng Flucht? Eng Fräiheet? Eng Realitéit? Onméiglech ze erreechen? Oder just eng Saach vum eegene Wëllen an Decisioun? Dem Camus sengem Existenzialismus kënnt een am "L'exil et le royaume" ganz no.