Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Afghanistan, das verwundete Land"

Dokumentarserie

"Afghanistan, das verwundete Land"

Afghanistan ass e Land mat enger laanger Geschicht vu Konflikter. Mee dat war awer net ëmmer esou. An de 1960er Jore war Kabul eng modern an oppe Stad. D'Lara Bousch mat engem Doku-Tipp.

auto_stories

4 min

"Wat e wonnerschéint Land!" Bei deem Saz denkt een net direkt un Afghanistan. An awer fänkt d'Dokumentatioun: "Afghanistan, das verwundete Land" mat deene Wierder un an enger beandrockender Prise op en Dall mat enger grénger Oder gesäumt vu sandege Bierger.

Afghanistan war net ëmmer dat zerbommten a zerstridde Land, wat et elo ze si schéngt. Kabul war an de 60er Joren eng Stad wou Fraen ouni Schleier, mat kuerze Juppen oder Jeans a vill Schmink, zu Jazz oder Rock Musek gedanzt hunn. Et gouf eng Rei international Schoulen an Touristen hunn d'Zitadell vun Herath besicht a sinn duerno weider an Indien gereest.

Hautdesdaags kënnt e groussen Deel vun de Flüchtlingen aus Afghanistan, virun allem Kabul. Wat ass mat Afghanistan geschitt?

Afghanistan am Wandel vun der Zäit

Mat dëser Fro beschäftegt sech d'Dokumentarserie "Afghanistan, das verwundete Land" a véier Episode vu jee 53 Minutten. Et fänkt un an der Glanzzäit vu Kabul an de 60er Jore mat engem Land ënner der afghanescher Monarchie a féiert duerch déi ënnerschiddlech politesch a gesellschaftlech Entwécklunge bis ongeféier haut.

Datt de Schah Mohammed Sahir säi Land an de 60er haaptsächlech der westlecher Welt wollt opmaache war bestëmmt kee schlechten Usaz, a koum zu Kabul och gutt un. Mee fir déi ländlech Bevëlkerung, déi vill méi aarm, immens gleeweg an zum groussen Deel souguer nach analphabetesch war, war dee Wiessel zou enger méi westlecher Liewensweis esou séier net ze verkraaften. Den Afloss vu kommunisteschen a sozialisteschen Iddien huet dobäi net gehollef.

1973 putscht de pro-sowjetesche President Mohammed Daoud sech un d'Muecht. Déi éischt Regierung iwwerlieft net laang a ier se zerfale konnt huet d'Sowjetunioun d'Land besat. Wärend een Deel vun der Bevëlkerung sech un de Kommunismus gewinnt huet, deen all reliéis Praxis verbueden a kriminaliséiert huet, huet e grousse muslimeschen Deel hire Widderstand an de Bierger am Oste vun Afghanistan organiséiert. Dës Gruppen, déi sech als Fräiheetskämpfer bezeechent hunn, goufen och Mudjahedin genannt.

Zäitzeien erzielen

D'Dokumentatioun stécht an hirer Qualitéit vun hiren Temoignagen eraus. Et sinn Zäitzeien aus der éischter Rei, déi haut nach liewen, déi hir Perspektiv erzielen. Sou erzielt de fréiere Mudjahedin Kommandant Gulbuddin Hekmatyār iwwer seng deemoleg Motivatiounen aus Afghanistan en islamesche Staat wëllen ze maachen, wärend op der anerer Säit en deemolege russesche Major erkläert, wéi d'Mudjahedin dem russesche Militär zéng Joer laang d'Liewe schwéier konnte maachen.

D'Serie ass am Ganzen iwwer dräi Stonne laang, an dat gëtt hir d'Méiglechkeet déi eenzel Kapitel vum Land däitlech ze illustréieren. Zousätzlech zu den Temoignagen ënnermole passend Archivbiller d'Erzielunge vun de Protagonisten. Et si Biller vum deemolegen Afghanistan, mat de Mënsche vun deemools a schonn eleng déi ginn eis eng nei Perspektiv op d'Land, dat mir fir seng Attentater an amerikanesch Veterane kënnen.

D'Amerikaner waren net just an den 2000er Jore wärend dem Taliban-Regime op der Platz, am kale Krich hunn si d'Mudjahedin mat Waffen ënnerstëtzt an hinnen erméiglecht d'Sowjetesch Truppen an d'Flucht ze schloen. Och fir dës Zäit gëtt et éischtklasseg Temoignage zum Beispill vum Milton Bearden, engem fréiere CIA-Offizéier oder dem Edward Girardet, ee vun den éischte Journalisten, deen iwwer de Krich am Afghanistan fir westlech Medie bericht huet.

Ee Bléck op d'Fraen

Eppes Besonnesches vun der Dokumentatioun ass hire Bléck op d'Fraen. Hei gëtt d'Geschicht net just aus enger männlecher Perspektiv gezielt, eppes wat bei Dokumentatiounen iwwer Krich rar de Fall ass. D'Frae gi meeschtens als Affer vu Gewalt ernimmt. Mee hei sinn et eng ganz Rei Fraen, déi erziele wéi si de Krich iwwerlieft hunn a wat déi ënnerschiddlech Regimmen d'Fräiheet oder d'Ënnerdréckung vu Frae fir hir politesch Zwecker genotzt hunn. Déi eng waren nach hir Fräiheete gewinnt wéi d'Sin Samar, haut Doktesch a fréier Ministesch, déi aner sinn opgewuess ënner der Repressioun an der Angscht vun de Mudjahedin an den Taliban, wéi d'Shukria Barakzai, eng afghanesch Politikerin a Feministin.

Sou ware Fraen ënner de radikal muslimeschen Taliban oder Mudjahedin meeschtens gezwongen sech komplett ze verschleideren a waren Affer vu Gewalt, wärend se ënner dem Schah oder der Besatzungszäit vun der Sowjetunioun fräi waren op d'Uni a schaffen ze goen. D'Nadia Ghulam erzielt wéi si am Krich ënner den Taliban zu Kabul opgewuess ass a jorelaang als Mann gelieft huet fir, fir hir Famill kënnen ze suergen.

D'Dokumentatioun stellt zwou Saachen niefteneen: déi eenzel geschichtlech Evenementer a parallel subjektiv Erzielung vun Iwwerliewender mat hire Schilderungen a Gefiller. An et ass genau esou, wéi Geschicht net just aus Date besteet, mee se novollzéibar gëtt an als e Resultat vun eenzele mënschlechen Decisiounen entsteet. An dëst mécht d'Dokumentarserie: "Afghanistan, das verwundete Land" zou engem wäertvollen Zäitdokument.