Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ablécker an eng friem Welt

"Les années douces": déi mëll Joren?

Ablécker an eng friem Welt

Léift geet bekanntlech duerch de Mo. Zum Beispill an der Hiromi Kawakami hirem gefeierte Roman "Sensei no kaban", op lëtzebuergesch "Dem Professer seng Mapp", aus dem Joer 2000. D'Kawakami, déi ufanks Science Fiction Erzielunge geschriwwen huet, gehéiert haut zu de bekannste japanesche Schrëftstellerinnen. 2009 huet ee vun de bekannste japanesche Mangazeechner, de Jirô Taniguchi, "Dem Professer seng Mapp" als Graphic Novel erausbruecht. Zanter dësem Joer ass di franséisch Iwwersetzung disponibel.

auto_stories

4 min

D'Tsukiko Omachi ass knapps 38 Joer al a schéngt diskret an der anonymer Mass vun Tokyo ënnerzegoen, net wouer geholl ze ginn. Hiren Alldag ass mat hirer Aarbecht op engem Büro a mam Nohänke vun den eegene Gedanke gutt gefëllt, si huet keen Hobby oder eng Passioun, hält Frëndschaften a Léift aus Onsécherheet a Schei op Distanz. Eenzegen, indirekte, Kontakt zu anere Mënschen: si verwinnt sech regelméisseg mat klengen Delikatessen a Saké a gemittlechen, einfachen, Iess-Caféen, ma natierlech solo, quasi als gro Maus, um Comptoir. An hirem Liblingsbar fält si enges Daags bal vum Hocker, wéi den eeleren Här nieft hier, si uschwätzt. Ass si awer engem opgefall? Et stellt sech eraus, datt de Monsieur si kennt, mat Numm an Alter. An op eemol erkennt si hire Japanesch-Proff aus Lycée-Zäiten, dee si vun deem Ament u just nach mat "Maître" uschwätzt-

Extrovertéiert

Déi Zwee komme sech séier iwwer hire Faibel fir di japanesch Gastronomie méi no, sinn an deem Beräich oppen an experimentéierfreedeg, mee kierperlech trenne si säitelaang op mannst véier japanesch Baguetten. Dorunner änneren och déi ëmmer méi heefeg gemeinsam Excursiounen näischt. Béid siche Proximitéit, schéngen awer an engems och virun hir ze flüchten. An tatsächlech separéiert si méi ewéi si verbënnt, alleng schonn den Altersënnerscheed vun iwwer 30 Joer. D'Tsukiko ass weder an der japanescher Literatur nach an den Tokyoter Muséeën doheem, de Professer huet eng physesch Konditioun, mat där e seng fréier Schülerin bei Trëppeltir permanent ofhänkt an op si waarde muss. An: do ass seng Ex-Fra, déi hie viru 15 Joer verlooss huet a mëttlerweil gestuerwen ass, ma ëmmer nach eng riseg Plaz a sengem Kapp anhëlt. Mat hirer Extrovertéiertheet huet si net just hien, mee och de gemeinsame Fils, dee sech iergendwann ofgesat huet, virun de Kapp gestouss: zum Beispill wéi si bei engem Ausfluch an d'Bierger halluzinogen Pilzer fonnt a viru Papp a Bouf d'Wierkung getest huet.

Lassloossen ass e Schratt an déi richteg Richtung

D'Effeten hunn déi zwee nawell zimlech matgeholl. Oder wéi si sech nom Doud vun hirem Mupp agebillt huet, d'Déier géif an hier viruliewen. Am Buch ass laang net kloer, op de Professer sech mental awer nach net vun hier getrennt huet, op en no dëser Experienz keng weider Bezéiung wënscht, oder op e mat der Tsukiko zesummen eng Aart Deuil ofschléisse wëllt. Deemno d'Rad vun der Zäit zeréckdréinen, sech selwer nach emol wéi mat 40 Joer spieren, an déi Phase vu sengem Liewen nei erliewe wëllt. Während "Les années douces" huet d'Tsukiko Omachi op eemol och Succès bei aneren, méi jonke Männer, mee si decidéiert sech fir "mëll Joeren", uerdnet sech hirem Professer quasi ënner, akzeptéiert seng Rigiditéit, seng net ëmmer fraefrëndlech Usiichten, de Fait, datt hien si nach ëmmer -wéi an der Schoul- korrigéiert. Obschonns et evident schéngt, datt si méi wëllt, léisst si lass, ass prett fir eng dauerhaft platounesch Relatioun. An dat ass dann onerwaart de Schrëtt an déi richteg, déi douce, Richtung.

Géigesäitege Respekt

De Jirô Taniguchi, gebuer 1947/ gestuerwen 2017, war scho mat 19 Assistent bei engem Gekiga-Zeechner. Gekiga si méi eescht, méi erwuessen, realistesch Mangaen, mat engem Lien zu klassesche japaneschen Erzielungen. Enn der 1970eger ware déi fankobelsch Comicen dunn eng wichteg Influenz fir hien. Ëmgedréint ass och gefuer: spéitstens vun 1990 un haten hie Moebius, Enki Bilal, François Schuiten reperéiert, vun 1995 u si seng Aarbechten och vun zwee franséischen Editiounshaiser publizéiert ginn. Dem Sam Gabarski säi Film "Quartier lointain" baséiert op engem Taniguchi-Buch. Seng Aarbechte ginn als "alldagsbezunn, realistesch, roueg" bezeechent, an dat trëfft och op "Les années douces" zou, déi onwahrscheinlech detailléiert, bal scho wéi mam Lineal, architektonesch korrekt, a schwaarz, an d'Comiccase gesat goufen. Am beschte liest een des Graphic Novel net niichter, si mécht definitiv Appetit. Vläicht zum Deel och op méi zeechneresch Fräiheet, wéi se sech zum Beispill an de méi spirituelle Kapitelen, déi tëscht de Welte spillen, wou d'Protagoniste sech verléieren, breet mécht. Eng flott Zugab um Wupp vum Buch ass en Entretien tëscht der Autorin Hiromi Kawakami an dem Zeechner Jirô Taniguchi, an deem kloer gëtt, datt se enorme Respekt ee virun dem aneren hunn, datt d'Kawakami d'Graphic Novel duerchaus réusséiert fënnt, an de Jirô Taniguchi d'Autorin als Modell fir seng Haaptprotagonistin gewielt huet, well e si ëmmer bei der Lektür vun hire Romaner an enger vun hire Figur gesäit. Am allgemenge géif hie sech gären op en Text vun aneren Auteuren, wéi hie selwer baséieren, esou de villfach ausgezechenten Jirô Taniguchi zu Liefzäiten, well en doduerch Ablécker an eng friem Welt kréie géif.