Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wien interesséieren d'Mënscherechter?

Weltausstellung 2020 zu Dubai

A wien interesséieren d'Mënscherechter?

D'Weltausstellung 2020. De jonke Kënschtlerkollektiv Richtung 22 huet e Problem mat der Participatioun vu Lëtzebuerg a si haten am September schonn op verschidden artistesch Manéieren hir Kritik geäussert.

auto_stories

4 min

Elo koum eng weider Aktioun dobäi: Si hunn eng Installatioun virun de Kulturministère opgeriicht, wou dropsteet: "Dem Kulturministère fir säi couragéierten Asaz fir d'Konschtfräiheet a Mënscherechter am Kader vun der Expo 2020 zu Dubai."

D'Statu wier awer net just opgeriicht fir eleng de Kulturministère ze kritiséieren, erkläert e Member vu Richtung 22.

"Mir hunn déi Statu opgebaut fir op dee Widdersproch zeréckzekommen, datt mir op enger Säit eng progressiv liberal Demokratie wëlle sinn an déi Wäerter iergendwéi sollen an der internationaler Weltpolitik op den Dësch bréngen an op der aner Säit bei sou Saache matmaache wéi d'Weltausstellung, déi eng gewëss Legitimitéit an de Grössenwahn si vun engem Scheich, respektiv en Diktator ënnerstëtzt an him och eng Visibilitéit gëtt. De Scheich gëtt jo grad net kritiséiert an der Press, well hien, respektiv d'Vereenegt Arabesch Emirater, 2019 vun der UN bestrooft gi sinn, well si am Prisong Leit vergewaltegt, sexuell mëssbraucht a gefoltert hunn."

Mat der Konscht Brécke bauen

D'Decisioun fir op Dubai matzegoen, gouf an der viregter Regierung getraff. Um Plang vun der Konscht huet dann d'FOCUNA, den nationale Kulturfong, d'Initiativ ergraff fir e Kënschtlerkollektiv op Dubai ze schécken. Wa Lëtzebuerg schonn zu Dubai matmécht, wieren och Kënschtler op dëser Plaz wichteg, seet d'Kulturministesch Sam Tanson.

"Et huet een d'Optioun, mat Länner, déi zemools a Punkto Mënscherechter wierklech net konform mat den internationale Konventiounen: Ignoréiert een déi, oder ignoréiert ee se net? Ech fannen dat ass eng Fro, déi wichteg ass, an déi ee sech an deem Kontext muss stellen. Ech sinn der Meenung, datt zemools d'Kultur ëmmer kann dozou genotzt gi fir awer Brécken oprechtzeerhalen, fir awer Sujeten ze thematiséieren eben och subversiv Manéieren, wéi dat lo gëschter Moien de Fall war. Datt ee grad d'Kultur net soll aus deene Länner eraushalen an och de kulturellen Echange mat deene Länner wichteg ass. Dat ass meng fundamental Iwwerzeegung. Ech kann awer verstoen, datt een dat anescht gesäit."

D'Sam Tanson huet op d'Monument vu Richtung 22 regéiert, andeems si déi kritesch Installatioun gerett huet.

"Ech sinn eigentlech ëmmer Fan dovunner, wann ee subversiv Messagen op eng kënschtleresch Aart a Weis zum Ausdrock bréngt. Wéi ech dat gëschter Moie gesinn hunn, do hunn ech dat ganz sympathesch fonnt an dofir hunn ech dann och decidéiert, mir géifen dat Monument eranhuelen an et steet lo am Hall vum Kulturministère."

"D'Konscht wäert als Legitimatioun benotzt ginn"

D'Richtung 22 ass frou, datt net wéi gewinnt d'Police geruff gouf, mee domat ass fir de Kënschtlerkollektiv de Problem net geléist.

"Mee dat ass en Dialog, deen net stattfanne kann. Éischtens de Kulturministère kann net iergendwéi seng Kënschtlerinnen do virdru schützen, datt hir Konscht wäert korruptéiert ginn. Si wäert als Legitimatioun fir e Regime benotzt ginn, punkt fäerdeg aus. Vun deem Moment un, wou mir dat matmaachen, legitiméiere mir dat Ganzt. D'KënschtlerInne sinn net fräi. Si kënnen net dat ausstellen, wat si wëllen. Et gëtt eng Preselektioun zu Lëtzebuerg, fir datt mer net an déi onangeneem Situatioun kommen, datt mer dono an den Arabeschen Emirater zenséiert ginn. Mir solidariséieren eis och net, weder mat Bevëlkerung nach mat Leit, déi ënner deem Regime sinn, nach hëllefe mir iergendwellechen Aktivistinnen, déi probéieren do hanne politesch Gefaangener fräizekréien oder fir Rechter ze kämpfen. Et ass eng wirtschaftlech Missioun fir der Welt ze weisen, wéi gutt et Lëtzebuerg geet, wéi vill Kultur mir hunn, wéi kënschtleresch mir sinn, wéi vill Räichtum mir hunn, wat mir eise Cliente kënne bidden. An dat huet näischt mat Konscht ze dinn."

D'Kulturministesch gesäit awer grad an den Artisten eng Méiglechkeet duerch d'Konscht sech engem restriktive Regime ze widdersetzen.

"Ech hoffen och, datt déi eenzel Artiste sech kritesch mat deem ausenanersetzen, wat do ofleeft. Et schéngt mir schonn evident, datt dat bei deem engem oder anerem en Thema wäert sinn. Mäi perséinleche Wonsch ass, datt sech do natierlech iwwerhaapt net zenséiert gëtt par Rapport zu dem Pays de destination."

Op alle Fall: Dubai 2020 an déi kritesch Approche: Affaire à suivre.