Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 5 Milliounen Euro fir de Kultursecteur

Deconfinement

5 Milliounen Euro fir de Kultursecteur

Mat zousätzleche fënnef Milliounen Euro wëllt d'Regierung de Kultursecteur an der Period vum Deconfinement ënnerstëtzen. Grad wéi am Horeca-Secteur däerfen och kulturell Institutiounen hir Dieren nees vun dësem Freideg un opmaachen - ënner verschiddene Konditiounen a bis op Weideres.

auto_stories

3 min

D'Kulturministerin Sam Tanson bei der Presentatioun vun den neien Hëllefen

D'Erklärunge vum Michel Delage lauschterenplay_arrow


Déi verschidde kulturell Infrastrukturen hätte wéinst dem Confinement e Manque à gagner vu 15 bis 30 Prozent vun hirem Chiffre d'affaire ze verzeechne gehat, sot d'Kulturministerin Sam Tanson dëse Mëttwoch virun der Press.

1,2 Milliounen Euro ëffentlech Gelder si bis elo schonn u fräischaffend Kënschtler gefloss. Elo soll eng zousätzlech Enveloppe vu fënnef Milliounen Euro dobäi kommen. 1,5 Milliounen Euro ginn u konventionéiert Institutiounen an ASBLen.

Nohaltege Schued verhënneren

Et wéilt ee geziilt déi Institutiounen ënnerstëtzen, déi wierklech gelidden hunn, seet d'Sam Tanson. "Et geet drëms, déi ekonomesch Konsequenzen anzedämmen, en nohaltege Schued bei den eenzelen Haiser ze verhënneren a weiderhin eng Diversité culturelle bäizebehalen."


Eis Kulturjournalistin Valerija Berdi huet als Invité am Moies-Magazin weider Erklärunge ginn:

Lauschterenplay_arrow


Weider 1,5 Milliounen Euro staatlech Hëllef sinn u Projete gebonnen, Secteur-iwwergräifend. D'Regierung ënnerstëtzt zum Beispill e Poste fir ''artistes associés en résidence'', esou d'Ministerin Sam Tanson. All Etablissement kéint tëschent 15.000 an 30.000 Euro kréien, wann en Artist oder Kollektiv wärend sechs Méint en résidence ass.

"Doduerch kann de Kënschtler e Projet mat deem Haus maachen a kritt dofir déi raimlech Méiglechkeeten. Och hei geet et ëm eng direkt Ënnerstëtzung fir d'Artisten, och vun hirem professionelle Parcours, an natierlech och fir d'Etablissementer, déi hire Programm heimat kënne spillen."

Hirersäits kréien déi regional Muséeë respektiv déi touristesch an archeologesch Sitte mat allkéiers enger Millioun Euro ënner d'Äerm gegraff.

Ënner Konditiounen erëm opmaachen

Vum Freideg 29. Mee un dierfen Theateren, Kulturhaiser, Concertssäll a Kinoen nees Publikum ëmfänken - ënner der Konditiounen, datt zwee Meter Distanz tëschent de Spectateuren oder Gruppe vu Spectateuren, déi ënner engem Daach liewen, agehale ginn.

Maske musse si nëmmen droen, wa si sech deplacéieren, net wa si sëtzen. Bibliothéiken a Muséeë si jo schonn zanter dem 11. Mee op. Ob all déi annoncéiert Mesurë bäibehalen, oder ob se méi respektiv manner restriktiv gemaach ginn, hänkt vun der weiderer Evaluatioun vun der Verbreedung vum Coronavirus an zwou bis dräi Wochen of, esou d'Kulturministerin.

Neien Direkter fir d'Nationalbibliothéik

Dës weideren huet d'Sam Tanson den neien Direkter vun der Nationalbibliothéik virgestallt. De Claude D. Conter, bis elo Direkter vum Centre national de littérature (CNL), ass virum leschte Weekend genannt gi fir d'Joanne Goebbels ze ersetzen. D'Joanne Goebbels, déi eigentlech de Poste vun der pensionéierter Monique Kieffer sollt iwwerhuelen, huet sech no Polemiken zeréckgezunn.

D'Sam Tanson sot, si hätt de Claude D. Conter schonn eng éischte Kéier gefrot, nom éischten Appel à candidature, bei deem kee valabele Kandidat konnt zeréckbehale ginn. Deen hätt d'Offer deemools awer refuséiert, well hien nach Projete fir den Nationale Literaturzenter zu Miersch gehat hätt.

Bei der Nationalbibliothéik wéilt hie sech an nächster Zäit ënner anerem Gedanke maachen iwwer de Beräich Numerisatioun. Als perséinlechen Atout huet de Claude D. Conter seng Kontakter am Bibliothéikswiesen, déi hien als CNL-Chef geknäppt huet, ervirgehuewen. "Ech hunn ëmmer an de leschte Joren eng grouss Freed gehat, zesumme mat de Leit Iddien ze entwéckelen, se net forcement ze imposéieren", sot den neien Direkter vun der BNL.