Radioen

On air

Notturno  |  Sparklehorse - Gold Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Tarlabasi

Postkaart vum Guy

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Tarlabasi

De Schrëftsteller Guy Helminger ass no senger Rees an Anatolien erëm an der tierkescher Haaptstad ukomm. Zesumme mat enger Dolmetscherin schwätzt hie Leit op der Strooss un a léisst si erzielen, iwwer hir Situatioun, iwwer d'Politik, iwwer hiert Liewen. An esou e Liewen ass net ëmmer glécklech.

auto_stories

5 min

Schonn eng Woch no der Bommenexplosioun an der Foussgängerzon zu Istanbul huet näischt méi un d'Attentat erënnert. D'Istiklal war voll, déi futtis Vitrinnen ersat. An och déi Damë mat der Plooschter op der geschwollener Nues oder di Häre mat de bluddegen Tamponen um Kapp haten déi Blessuren net vum Terror, mee vun de Schéinheets-Operatiounen an den Hoertransplantatiounen, eng Tourismusbranche, déi hei zu Istanbul méi a méi expandéiert.

Ech selwer hat d'Ouere wéi a sinn an d'Éisträichesch Spidol gaangen, well dat bei mir em den Eck läit. Éisträichesch konnt keen an der Receptioun, Englesch och net, mee glécklecherweis hat e Student och grad Problemer an huet iwwersat, dat den Dokter eréischt géif um eng Auer mëttes opdauchen, ech soll dann erëmkommen.

Ech also erëm heem an um eng erëm zeréck.

Nee, huet et do geheescht, haut kéim keen Dokter méi.

Penurie bei ganz ville Medikamenter

Wou ech mech do liicht echaufféiert hunn, huet de Mann an der Receptioun geruff: Noutdéngscht! Noutdéngscht! Esou schlëmm ass et net, sot ech, mee wann et net anescht geet. 450 TL hunn ech do bezuelt, also eng 25 Euro a kuerz gewaart. Den Dokter war schnell do a konnt och just Tierkesch. Wou ech mech verständlech gemaach hat, huet hien eng Kéier an d'Ouer gekuckt an eng Mittelohrentzündung diagnostizéiert. Jiddefalls huet d'Iwwersetzung um Handy mer dat matgedeelt. Ech krut e Rezept mat 3 Medikamenter a sinn an eng Apdikt gaangen, déi keent vun de Medikamenter hat. Och an der zweeter war näischt do. An der drëtter krut ech e vun den Antibioticken. An der véierter war en Apdikter, dee wonnerbar Englesch geschwat an erkläert huet. am Moment géife ganz vill Medikamenter feelen, well d'Bestanddeeler am Akaf ze deier wieren, wéinst der Inflatioun. Dofir géing keng tierkesch Firma méi eppes akafen an deementspriechend och vill Medikamenter an der Tierkei net méi produzéiert.

De Selahattin gesäit säi Liewe méi wéi schwaarz

Wat een och mécht, wat een och huet, et geréit een hei ëmmer an d'Politik, duecht ech.

Schonn den Dag virdrun hat ech just wollten e puer Leit am Tarlabaşi-Véierel interviewen, en Deel vun Istanbul, wou fréier vill Griichen an Armenier gewunnt hunn, déi an de 60er Joren all no an no gezwonge goufen, d'Land ze verloossen, e wierklecht schéint Véierel wat d'Architektur ubelaangt, leider sinn d'Haiser net an engem gudden Zoustand an nodeems se eng 40 Joer eidel stoungen, sinn elo do vill Refugiéen aus Syrien an Afghanistan ënnerbruecht. An d'Haiser ginn natierlech net restauréiert. Awer et liewen och nach Leit hei, déi hei gebuer goufen ewéi de Selahattin, deen ech an engem Haus treffen, dat zwee Stäck huet, wouvun den ieweschten Deel komplett baufälleg ass an den ënneschten Deel aus engem Raum besteet, dee voll al Kleeder, Wallissen an aner Saache läit, déi de Selahattin un nach méi aarm Leit, wéi hie selwer, wéi hie seet, verkeeft. Virun deem Bierg u Kleeder steet en ale Kannapee, op deem hie nuets schléift. 350 TL kritt hie pro Mount un Ënnerstëtzung vum Staat, ëmgerechent 19 Euro. Hien huet elo 70 Joer a gesäit seng Zukunft méi wéi schwaarz. Hien hat eng Fra bestuet, déi méi wéi 30 Joer méi jonk war wéi hien an dat ass schif gaangen. D'Fra ass mat hirem behënnerte Kand an eng aner Stad geplënnert. Mee all 6 Méint kennt de Bouf fir en halleft Joer zeréck an da liewen se zu zwee an der Garage.

E Klima vun der Angscht

Tarlabaşi ass kaum ze retten. Déi schéin Haiser verfalen esou laang, bis een se bëlleg keeft an dann ofrappt, fir e Klotz aus Bëton dohin ze setzen. Do wunne kënnen dann nëmme Leit mat Goss. Ee wéi de Selahattin kënnt sech emol net de Loyer fir am Gank ze schlofen, leeschten.

E bëssche méi wäit schwätzen ech mat engem anere Mann, deen och hei grouss ginn ass an deen am meeschte stéiert, dat di Jugendlech aus Anatolien, déi heihi geplënnert sinn, owes mat Revolveren a Gewierer am Véierel ronderëm schéissen, just aus Spaass, well se dat esou vum Land kennen. Déi déi nuets nach virun d'Dier ginn, wieren der, déi entweder Droge verkafen oder kafe wëllen, seet hien. Déi aner hätten Angscht.

An dann erzielt hien, wat hie vun der Politik vun der Regierung hält. Allerdéngs vill méi lues wéi virdrun. Well iwwerall géif et Police an Zivil hei ginn an et wier ee méi schnell am Bing wéi ee kënnt kucken. Awer senger Meenung no hätt d'AKP vum Erdoğan bei de nächste Wale keng Chance méi. D'Leit hei géife leiden, an dat hätt kee gären. Mee hien hätt héieren, datt seng Landsleit, déi an Däitschland wunnen, de Präsident ëmmer géifen ënnerstëtzen. Deene géif hie gäre soen, datt se dach kéinten hei an d'Tierkei zeréck kommen, wann et hei esou schéi wier. An den Ierger léisst d'Oderen däitlech a sengem Gesiicht schwëllen.

Um Enn vun eisem Gespréich froen ech hien, ob ech hien dierf fotograféieren an hie seet, net nodeem wat ech der grad erzielt hunn. Dann iwwerleet hie kuerz a seet: OK du däerfs, awer dat Bild gëtt net verëffentlecht.

Ech verspriechen him dat.

Wéi hie sech dunn d'Foto um Apparat ukuckt, seet hien: Nee, net esou. Ech ginn eppes anescht undoen.

An dunn hunn ech en nach eng Kéier fotograféiert. Awer net verëffentlechen!