Radioen

On air

Notturno  |  Ed Dowie - Red Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freideg, den 13., Pizzlyen an d'Porta Nigra zu Tréier

Kannerkëscht

Freideg, den 13., Pizzlyen an d'Porta Nigra zu Tréier

Dat neit Joer ass nach keng zwou Wochen al, a schonn hu mir Freideg den 13. - en Onglécksdag, oder awer net?

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Salut alleguerten! Et gi vill Leit, déi soen, datt Freideg den 13. en Onglécksdag ass. Dat hutt dir bestëmmt och schonn héieren. Mee stëmmt dat? Oder nach besser, vu wou kënnt deen Awerglawen hir? De Jean Claude huet sech fir iech informéiert.

Wann dir héiert "Äisbieren" oder "Grizzlyen", da wësst dir bestëmmt, wat dat ass. Mee hutt dir schonn eng Kéier eppes vu Pizzlyen héieren? D'Françoise aus dem Natur Musée erkläert, wat oder wien déi Pizzlye sinn.

An um Enn maache mir e klengen Tour op Tréier - dir kennt bestëmmt dës Stad hei vir an Däitschland. Wann dir schonn eemol zu Tréier waart, dann hutt dir dach sécher um Wupp vun der Akafsstrooss esou e schwaarze Bau gesinn; eng schwaarz Paart. Ma genee dat ass d'Porta Nigra: eng Paart, déi zanter der Zäit vum réimesche Räich zu Tréier steet.

Vill Spaass iech alleguerten!