Léif Kanner! Wann dir emol an der Famill esou duerch de Bësch trëppelt, dann hutt dir bestëmmt scho Gequaaks héieren, besonnesch bei engem Weier. Jo, richteg, dat si Fräschen, well déi quaken.
Ma éier e Fräsch awer e Fräsch gëtt, ass en e Kauzekapp. D'Katharina Kurt an de Jean-Claude Majerus erzielen iech déi Kéier d'Geschicht, wou e Fräsch an e Kauzekapp sech begéinen. Vill Spaass!