Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search

/ D'Sesamstrasse,"Machmath", Schnéi an Klasséieren am Musée

Kannerkëscht

D'Sesamstrasse,"Machmath", Schnéi an Klasséieren am Musée

Dir hutt der bestëmmt schonn eng Kéier eng Episod vun der Sesamstrasse op der däitscher Televisioun gesinn. D'Sesamstrasse gëtt et elo ewell schonn 50 Joer, an haut erzielen mer iech, wou déi Seamstrasse iwwerhaapt hierkënnt.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Är Elteren oder Grousselteren hunn d'Sesamstrasse och vläicht scho gekuckt wou si kleng waren. Also sot hinne Bescheed, datt mir an dëser Kannerkëscht iwwer d'Sesamstrasse schwätzen.

D'Nathalie stellt iech e Concours vir, wou et ëm Rechne geet, an dee Concours heescht "Machmath".

De Joseph huet dann e ganz witzegt Experiment derbäi, an zwar weist hien iech, wéi der selwer kënnt Schnéi maachen an och wéi Äis nach méi kal ka ginn, wéi et schonn ass.

An um Enn erkläert de Patrick iech wéi wichteg et ass, datt an engem Musée alles richteg klasséiert gëtt, well wann net, da kritt ganz sécher en immense Chaos.