Et géif scho bal u Mobbing grenzen, heescht et nach weider am Facebook-Post. An de Kommentare gëtt souguer vun Dreeungen an Diffamatioun geschwat. Detailer, wat geschitt ass, ginn et keng.
Op eis Nofro hi wollt sech d'Verfaasserin vum Facebook Post, Angelica Dasbach, net äusseren. De Spëtzekandidat aus dem Norden, de Steve Schmitz, huet d'Reprochen zréckgewisen. Detailer zu den Onstëmmegkeeten wollt och hien net ginn: dat wier him "ze kannereg" an hie wéilt sech net op deen Niveau erofloossen, esou de Steve Schmitz nach weider.
"Ech soe mol sou: d'Wieler sollen, si musse verstoen, datt mir a kuerzer Zäit eis zesumme geraf hunn, 60 Mann, dat war wierklech an aller kierzter Zäit. An do kommen natierlech ëmmer Spannungen, an datt deen een net sou eens gëtt mat deem aneren, wéi dat soll sinn. Mee eis Wieler sollen dobausse verstoen, de Gros vun eiser Ekipp hält zesummen a wëll sech och fir d'Leit asetzen, och déi dräi Dammen natierlech wëlle sech fir d'Leit asetzen."
Mat Konsequenzen ass ze rechnen
Spannunge géing et net nëmmen an hirem Mouvement ginn, mee och an anere Parteien, esou de Steve Schmitz weider. Déi géingen dat just net ëmmer no baussen hindroen. D'Affär misst elo intern gekläert ginn.
"Bon, déi Madamm vun Dikrech huet alt gemengt, si misst dat esou maachen, well si keng Kritik verdréit, an och net d'Wourecht well verdroen, da muss si dat maachen. Mat de Konsequenzen muss si dann awer spéiderhin och rechnen."
Och juristesch Konsequenzen schléisst hien net aus.
"Et ass ni gedreet ginn. Déi Damme krute just gesot, datt hiert Handele schlecht wier fir eis Beweegung. Wat mir net hoffen a mir wäerten de Leit och ze verstoe ginn, datt dat wat si do behaapten, net der Wouerecht entsprécht."
Nach kee Kommentar vum Roy Reding
D'Kandidatin Jessica Schiltz vun der Nord-Lëscht vun Liberté-Freiheet hat scho virun enger Woch op sech opmierksam gemaach, andeems si op Facebook dozou opgeruff hat, si net sollen ze wielen: si géif als "roueg Kandidatin" mat an d'Wale goen. Dee Post ass an Tëschenzäit awer nees geläscht.
D'Satiresäit "Delpësse vun Ausseriets" haten iwwerdeems och opgedeckt, datt d'Kandidatin vun der Beweegung Liberté-Fräiheet e Songtext vun enger rietsradikaler Band op Facebook gedeelt hat.
De Grënner vun der Beweegung, de Roy Reding, war bis elo fir eng Stellungnam net ze erreechen.