Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oktav, ee liewegt immateriellt Kulturierwen

Simone Beck

Oktav, ee liewegt immateriellt Kulturierwen

D'Eemaischen, d'Oktav, d'Sprangprëssessioun an d'Schueberfouer stinn op der Lëscht vun der Unesco als immateriellt Kulturierwen. Wéinst der Pandemie goufe verschidden Evenementer ofgesot. D'Oktavpriedegten a Masse ginn iwwer den Internet iwwerdroen. Mat der Initiativ "Digital IKI" wëllt d'UNESCO-Kommissioun déi aner Gebräicher um Liewen halen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Zum immaterielle Kulturierwe gehéiere festlech oder reliéis Gebräicher, Rezepter, Musek, an all déi Saachen, déi aus enger Vergaangenheet kommen an déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi ginn a vun de Generatioune vun haut um Liewe gehale ginn, erkläert d'Simone Beck, d'Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

Fir datt déi traditiounsräich Ausdrocksforme vum liewege Kulturierwen trotz allem och dëst Joer kënne bäibehale ginn, gouf d'Initiativ "Digital IKI" an d'Liewe geruff. De Kulturministère, d'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, d'UNI an den CNA hunn zesummen un deem Projet geschafft, preziséiert d'Simone Beck,

"Mir sinn der Iwwerzeegung, datt et wichteg ass Traditiounen a Gebräicher um Liewen ze halen a vläicht och grad an dësen onsécheren Zäiten de Leit e Gefill ze gi vun Zesummenhalt, Kontinuitéit an Identitéit."

Digital Oktav, Mäertchen a Prëssessioun

D'Eemaische wier scho laanscht, et kéim een net op déi zeréck. D'Initiativ "Digital IKI" befaasst sech elo mat verschiddenen Aspekter vum Patrimoine, déi d'Oktav betreffen.

"D'Massen an d'Andachten, déi gi jo vum Bistum aus der Kathedral iwwerdroen, leider och ouni d'Presenz vun deene gleewege Leit. Mir këmmeren eis ëm d'Oktav, dat heescht de Mäertchen, d'Glaciskapell, där hir Geschicht och zum Patrimoine immateriell gehéiert. Derbäi kommen d'Schlussprëssessioun an d'Prëssessiounen am Allgemengen."

"Digital IKI" presentéiert als éischt de Mäertchen, mat sengen Originnen a wéi e sech an der Zäit entwéckelt huet. Derbäi ginn et Spiller a Quizzen.

"Iwwer de Laf vun der Zäit setze mer och op de Site vun IKI.lu (immateriellt Kulturierwen) weider Elementer. Dat erstreckt sech iwwer déi ganz 14 Deeg, mat Quizzen, Portraiten a Spiller zum Theema Oktav, Mäertchen, Glaciskapell, Prëssessioun, Pilgeren asw."

Sprangprëssessioun mol anescht

Zesumme mat der UNI a mat Luxatlas wéilt een dem Kënschtler Michel Engels seng Zeechnungen iwwer d'Sprangprëssessioun weisen, sou datt d'Leit op enger Kaart kënne kucken, wou de Michel Engels gezeechent huet a wéi eng Haiser a Gebaier op deene Plaze stinn.

Et ass och den Opruff un d'Leit hir Fotoen a Filmer oder Souveniren ëm de Mäertchen, der Oktav oder der Sprangprëssessioun matzedeelen. All Informatioune ginn et um Site IKI.lu