déi Konservativ: Traditioune solle weiderliewen
Als eng "léif Kulturmetropol" wëllen déi Konservativ Lëtzebuerg an der Zukunft gesinn. Eng Zukunft, déi sech awer virun allem op d'Vergaangenheet baséiert. Traditiounen, Legenden a Bräich solle weiderliewen, eis Buergen, Schlässer, Kierchen, Grafstied a d'Ierfschaft aus der Kelten a Réimerzäit gehéieren ënner en éierbare Kultur- an Denkmalschutz, soen déi Konservativ.
Am Wahlprogramm steet eng Oplëschtung vun alle méigleche Konschtrichtungen, déi verstäerkt gefërdert, ënnerstëtzt a vermaart misste ginn: "D'Rockhal, d'Kulturfabrik, d'Philharmonie, de groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, d'Rotonden, d'Jugendhaiser asw., sinn ideal Plaze fir all Stil vu Kulturprogramm", esou déi ofschléissend Erkenntnis.
déi Lénk: Kultur als Staatszil an der Verfassung
An d'Geschicht ginn och déi Lenk kulturpolitesch an hirem Wahlprogramm. Net esou wäit wéi déi Konservativ, mee dofir zéie si de Bilan vun der Kulturpolitik vun der aktueller Regierung, virun allem der DP, déi am Ufank "wie ein Elefant im Porzellanladen herumpolterte". Weider heescht et "die Ernennung des Premierministers zum Kulturminister, mit dem Kultur- und Selbstverständnis eines Renaissancefürsten, hat nicht zu einer Besserung beigetragen."
Da ginn déi Lenk awer konkret an nennen d'Saach beim Numm: Si plangen d'Grënnung vun enger Konschthéichschoul, d'Aschreiwe vun der Kultur als Staatszil an d'Verfassung, eng Erëm-Aféierung vun engem Congé culturel, d'Iwwerwaachung vum Anhale vun der Investitiounsregel vun engem Prozent a Kulturgéigestänn fir ëffentlech Ariichtungen an d'Zoumaache vum Freeport. déi Lénk schwätzen och dovunner, datt d'Literatur, genee wéi d'Lëtzebuerger Musek, an den Enseignement agebonne soll ginn. Där Meenung ass och d'CSV.
déi Gréng: Méi Präsenz vu Fraen
Grad wéi déi Lénk plädéieren déi gréng fir d'Präsenz vu Fraen an der Kultur. déi gréng wëllen d'Fraen an der Kultur "sichtbar" maachen. Fir déi gréng geet dat vun der Konscht, déi vu Frae geschafe gëtt, bis zu wichtege Posten a kulturellen Ariichtungen an Institutiounen.
Bei déi gréng sinn Esch 2022, de Kulturentwécklungsplang an d'Kulturassisen e relevant Thema, wéi bei der Majoritéit vun den anere Parteien och. Den Denkmalschutz, d'Digitaliséierung an den Archivage sinn och Themen am grénge Wahlprogramm. E Congé culturel wëllen déi gréng iwwerdeems iwwerdenken.
LSAP: Kulturfërderung nei ausriichten
Stäerken a Fërdere sinn net just bei de Grénge beléifte Wierder am Bezuch op de Kulturprogramm. D'LSAP wëllt d'Kulturfërderung nei ausriichten, "Fördersysteme" upassen a gesäit d'Kulturfërderung net just als Subventionéierung, mee als Investitioun an d'Zukunft.
En Zesummeschaffen tëschent de Gemengen an dem Staat, tëschent de Konschtschafenden an den Institutiounen, Participatioun, Kreatioun vun enger nationaler Agence fir kreativ a kulturell Beruffer a Vereenegunge si bei der LSAP Programm, a si wëllt Kënschtlerinnen a Kënschtler an d'Vermëttlung vun der Kultur an de Mëttelpunkt vun der Kulturpolitik stellen.
"Kultur für alle", seet d'LSAP. "Kultur für alle", seet och d'KPL, "Konscht fir Jiddereen" schreift d'ADR. "Kulturelle Teilhabe für alle", mengt d'DP. "Kultur für alle", en emanzipatoresche Slogan aus de 70er Joren.
CSV: Statut vum Kënschtler iwwerschaffen
Ënnerstëtzung vun der Filmindustrie ass e weidere Punkt, dee sech bal all Parteien deelen, sou och d'CSV, déi d'Gesetz iwwer den Statut vum Kënschtler iwwerschaffe wëllt an eng "Anschubfinanzierung"vu professionelle jonke Kreativen anzeféiere versprécht.
D'Lëtzebuerger Sprooch ass och ëmmer erëm ënner dem Kapitel Kultur ze fannen, sou wëllt d'CSV aus Lëtzebuerg net just eng Kulturnatioun maachen, mee och eng "Charta der luxemburgischen Sprache" ausschaffen.
ADR: Historesche Patrimoine erhalen
D'ADR erënnert drun, datt d'Zäitzeien aus dem Zweete Weltkrich ëmmer méi rar ginn a wëllt d'Erënnerung un d'Schrecke vun der Nazi-Occupatioun an de Widderstand vun de Lëtzebuerger "wakereg halen". D'Erhale vum historesche Patrimoine ass e relevante Punkt am Wahlprogramm vun der ADR, awer och d'Aféiere vun engem Kulturpass fir all Resident an dat ze engem verstännege Präis.
KPL: Zougang zu kulturellen Institutioune fërderen
Den antifaschistesche Widderstand wëllt d'KPL verstäerkt an d'Bewosstsinn réckelen an d'Erhale vu spezifesch lëtzebuergescher Kultur läit hir um Häerz. Den Zougang zu kulturellen Institutiounen a Manifestatioune fir all Bierger wëllt d'Kommunistesch Partei villschichteg fërderen.
Piraten: Meenungsfräiheet ass eng Viraussetzung
Fir d'Piraten ass d'Meenungsfräiheet d'Viraussetzung fir fräi Konscht a wëllt Konschtfräiheet, soulaang se net géint Gesetz verstéisst, virun der Zensur vum Staat schützen. Weider plangen d'Piraten eng "gemeinsam Konscht-Marque", also eng Zort Marque nationale fir Kënschtler anzeféieren, fir datt si international méi einfach zesumme kënnen optrieden.
E-Books solle steierrechtlech mat Pabeierbicher gläichgestallt ginn an d'Pirate wëllen och Veräiner besser ënnerstëtzen a Lëtzebuergesch als Sprooch an der Verfassung verankeren.
DP: Kulturell Diversitéit a Wäertschätzung vu Kulturschafenden
Fërderung vun der kultureller Diversitéit an d'Wäertschätze vun de Kulturschafenden an hire Wierker sinn déi zentral Piliere vun der Kulturpolitik, schreift d'DP an hirem Wahlprogramm. D'Demokratesch Partei deelt mat den anere Parteien d'Wäertschätze vu kulturellem Patrimoine, Digitaliséierung Integratioun duerch Kultur a gratis Musekscoursen.
A si wëllt, nieft engem Bicherbus, d'Villa Louvigny, dat aalt Gebai vun der Nationalbibliothéik an eidel Flächë fir kulturell Zwecker benotzen. Esch 2022, de Kulturentwécklungsplang an d'Kulturassisë si fir d'DP konsequent ëmzesetzen.