Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net genuch Reen: Landwirtschaftlech Kulturen hu gelidden

Meteo

Net genuch Reen: Landwirtschaftlech Kulturen hu gelidden

D'Fréijoer war ze dréchen, dat weist de Bilan vum meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère. Vu Mäerz bis Mee huet et net genuch gereent - vill landwirtschaftlech Kulture konnte sech dowéinst net optimal entwéckelen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ze héich Temperaturen am Mäerz, een ze kalen an dréchenen Abrëll an een ze waarmen an dréchene Mee: dat ass am Resumé de Bilan vun der Analys vun den Donnéeën aus 36 Meteos-Statiounen uechtert d'Land.

Problemer an der Landwirtschaft

Landwirtschaftlech Kulturen hätten ënner der Dréchent gelidden, seet den Andrew Ferrone, Chef vum Meteosservice bei der ASTA. Besonnesch de Wanterweess hätt "zimmlech staark" gelidden.

Wann et an den nächste Woche genuch reent, da kéinten d'Problemer an der Landwirtschaft wéinst der Dréchent nach kompenséiert ginn, esou den Expert.

D'Wiedersituatioun an dësem Fréijoer huet verschiddenen Zorten awer och gutt gedoen, gëtt den Andrew Ferrone ze bedenken: "De Mais huet éischter profitéiert vun der Wäermt, déi mer am Mee haten."

Et brauch Reen an den nächste Wochen

Am Wäibau huet d'Dréchent am Fréijoer dofir gesuergt, datt et net vill Krankheeten un de Riewe ginn hätten, erkläert de Chef vum Meteoservice bei der ASTA.

Dat wier "u sech" positiv: d'Riewen hätten am Allgemengen net ënner der Dréchent gelidden - ausser déi ganz jonk Riewen. Déi bräichten an den nächste Woche Waasser, esou den Andrew Ferrone.

Och am Geméisbau hätt vill misste bewässert ginn. Bei den Uebstbeem hätt et dëst Fréijoer wéinst dem Spéitfrascht a verschiddene Regioune Schued ginn.