Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Soccer Mommy - Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir brauchen eng Debatt iwwer de kulturelle Patrimoine

Fräie Mikro

Mir brauchen eng Debatt iwwer de kulturelle Patrimoine

Lëtzebuerg brauch eng méi nuancéiert Approche fir säi kulturelle Patrimoine an de Regiounen. Där Meenung ass den Denis Scuto. Am Fräie Mikro schléit den Historiker a Vizedirekter vum C2DH (Centre for Contemporary and Digital History) eng ëffentlech Debatt iwwer de Sujet vir.

auto_stories

3 min

Den Historiker Denis Scuto ass Vizedirekter vum C2DH. Foto: Archiv

Ech wollt dëse Fräie Mikro mat engem Kompliment un eng Ministerin ufänken. Wat fënnef Kulturminister a -ministerinnen a bal 20 Joer net fäerdegbruecht hunn, huet déi nei Kulturministerin Sam Tanson a manner wéi engem Joer duerchgesat. Am August lescht Joer gouf de Projet de loi relatif au patrimoine culturel deposéiert. Mëttlerweil ass eng Rapportrice designéiert a mer waarde just nach op den Avis vum Staatsrot, deen hoffentlech gläich virläit.

Dat heescht net, datt mer eis keng Suerge maachen iwwer d'kulturell Schätz, also d'Séil vun dësem Land, déi weiderhin an akuter Gefor sinn. Och an der leschter Zäit goufen nees Deeler vun deem Patrimoine futti gemaach - Stéchwuert Siloen zu Miersch - well se net mat Zäite geschützt goufen. Et dierf een dofir gespaant sinn, ob e weidert eenzegaartegt industriellt Gebai wéi d'Keeseminnen zu Esch dës Kéier mat Zäite klasséiert gëtt an domat en Zeeche géint de bauleche Vandalismus zu Lëtzebuerg gesat gëtt.

Regional markéierte Patrimoine

Ech wéilt awer haut virun allem op eng aner Erausfuerderung hiweisen, wann et ëm de Schutz vun eisem kulturelle Patrimoine geet. Dee Patrimoine gëtt am Projet de loi definéiert als "en Ensembel vun aus der Vergaangenheet geierfte Ressourcen, déi d'Mënschen, iwwer de Régime de propriété eraus als Spigel an Ausdrock vun hire Wäerter, Iwwerzeegungen, Kenntnisser an Traditiounen, déi permanent evoluéieren, ugesinn".

Dës Erausfuerderung besteet doran en Trend an der Denkmalschutzpolitik ze stoppen, dee sech ageschlach huet, ouni datt dofir onbedéngt iergend een Acteur responsabel wier. Den Trend, datt an de leschte Joerzéngte regional markéiert Denkmalschutzpolitike sech duerchgesat hunn, déi, fir et ze karikaturéieren, eise vun der Vergaangenheet geierfte Patrimoine esou interpretéieren, datt de Süden de Raum vum industrielle Patrimoine ass, d'Stad dee vum urbanen, biergerlechen, voire Festungspatrimoine, an d'Land dee vum ruralen a Buergepatrimoine.

Déi kleng, mëttel a grouss Industrie

Huet Vergaangenheet eis dëst wierklech verierft? Ee Beispill: Virun 150 Joer war déi gréissten Industriestad am Land d'Stad Lëtzebuerg. An allen industriellen Enquêten och nach virun 100 Joer waren d'Stad, respektiv d'Viruerter vun der Stad wéi Hollerech, Eech, Dummeldeng, Clausen, Gronn, Pafendall, nieft de Stied am Minett, mee och Wolz, Ettelbréck, Dikrech oder d'Fiels derbäi.

Erausfuerderung vun enger Denkmalschutzpolitik an der Haaptstad an an anere Stied ausserhalb vum Süde wier also grad d'Ierwe vun der klenger, mëttlerer a grousser Industrie ze schützen an ze fleegen, amplaz seng weider Zerstéierung ze toleréieren (Stéchwuert Paul Wurth zu Hollerech).

En anert Beispill: Éier d'Stolindustrie an de Süde koum, war se uechter d'ganzt Guttland verspreet am ländleche Raum. Oder: Fënnt ee keen urbane, biergerleche Patrimoine an de klenge Stied am Norden an am Oste vum Land? A kee schützenswäerte ländleche Patrimoine an de sougenannten Industriestied vum Süden, déi virun 150 Joer nach wéi de Rescht vum Guttland haaptsächlech vun der Landwirtschaft gelieft hunn?

Wéi schütze mer de kulturellen, aus der Vergaangenheet geierfte Räichtum vum Land a senger ganzer Diversitéit a Komplexitéit, och mat sengen historesche Verännerungen? Esou en Debat géif ech mer parallel mam Vott vum neien Denkmalschutzgesetz op jiddwer Fall wënschen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.