Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt eng éierlech Diskussiounskultur"

LSAP

"Et feelt eng éierlech Diskussiounskultur"

D'Deputéiert Taina Bofferding, Franz Fayot, Tess Burton a Claudia Dall'Agnol, esou wéi sechs weider Parteimembere fuerderen, datt sech d'Sozialisten un der Spëtzt vun der Partei fir Jonker a Fraen opmaachen. D'LSAP misst sech och erëm nees op hir traditionell, humanistesch, kulturell a sozial a Wäerter beruffen.

auto_stories

2 min

"Et feelt un enger éierlecher Diskussiounskultur an der LSAP", seet de Franz Fayot. Jiddereen an der Partei misst sech dru bedeelegen. Och d'Parteispëtzt. "Do muss geliwwert ginn. Wann déi Leit dat net bréngen, da mussen eben nei Leit hin", esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot am 100,7 Interview. An engem Artikel am Tageblatt hunn zéng LSAP-Memberen en Appell un hir Partei lancéiert, fir sech z'erneieren.

Recommandatioune fir Erneierung

2014 hat de Franz Fayot, zesumme mam Marc Limpach a Christophe Schiltz, am Kader vun der Fondatioun Robert Krieps e Pabeier ausgeschafft, mat Virschléi, fir d'Partei nei opzestellen. Dorausser wär awer näischt Wesentleches entstanen, seet de Franz Fayot. De Recommandatioune wär keng Rechnung gedroen ginn. Dozou zielen: D'Organisatioun vun de Kongresser, d'Bedeelegung vu Jonken a Fraen an der Parteispëtzt, eng besser an éierlech Diskussiounskultur an der Partei, op d'Leit lauschteren an de soziale Profil vun der LSAP nees schäerfen.

De Grupp vun den zéng kriteschen LSAP-Membere wëllt sech deemnächst treffen, fir Reflexioune fir de Wahlprogramm auszeschaffen a fir eventuell weider Aktiounen ze plangen.


Den Interview mam Franz Fayot lauschterenplay_arrow