Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eis Gebuertskultur brauch Feminismus

Fräie Mikro

Eis Gebuertskultur brauch Feminismus

"D'Haaptsaach d'Kand ass gesond!" kréie jonk Elteren ze héieren, wa si sech trauen iwwert negativ Erfarungen oder souguer traumatesch Erliefnisser an der Maternité ze schwätzen. Eng mënscherechtsbaséiert Gesellschaft ass jonke Mammen a Puppelcher méi schëlleg, fënnt d'Isabelle Schmoetten.

auto_stories

6 min

D'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. Foto: Archiv

Virun zwee Méint - de 25. November 2021 - huet zu Lëtzebuerg fir d'Fënneft d'Initiativ vun der Rouserevolutioun ("Roses Revolution") stattfonnt. Fraen, déi ënner der Gebuert an/oder am Wochebett Gewalt erlieft hunn, ginn den Dag opgefuerdert eng Rous virun der Entrée vun "hirer" Maternité nidder ze leeën.

Gewalt am Gebuertskontext kennt vill Gesiichter:

  • Respektlos an autoritär Kommunikatioun (vun der Fra gëtt just an der drëtter Persoun geschwat, et gëtt iwwer si ewech decidéiert, ouni si opzeklären oder hiren Avis ze froen)
  • D'Opdränge vu bestëmmte Positiounen (déi meescht Fraen accouchéieren um Réck. Dës Positioun erlaabt et dem medezinesche Personal, méi einfach a bequeem "schaffen" ze kënnen. Etüde weisen awer, datt d'Gebuert doduerch méi laang a méi schmäerzhaft ass.)
  • Ënnersichungen an Interventiounen ouni Konsens an ouni doriwwer ze informéieren
  • Dammschnëtt - wou kee néideg wier
  • Fest op de Bauch drécken (de sougenannte Kristeller-Grëff gëtt nach ëmmer ugewannt, fir dass d'Kand wärend de Presswéie méi séier soll erauskommen. D'WHO ënnerstëtzt dës Praxis net a réit dovun of)
  • Un der Plazenta zéien (am Normalfall léist sech d'Plazenta an deenen éischten 20 Minutten no der Gebuert vun eleng)
  • D'Mamm wärend der Gebuert unhalen oder ustrécken

Dës Opzielung ass net ofschléissend.

D'Erfarungsberichter, déi een.t op der Facebook Säit vun der Initiativ "Roses Revolution" liese kann, si fir ze kräischen. Oder fir aus der Haut ze fueren. Wou kënnt dës Gewalt hir a wisou gëtt se vill ze oft verharmloost an als normalen Deel vu Gebuerten duergestallt?

D'Gebuertskultur ass net mammenzentréiert oder mënscherechtsbaséiert

D'Ursaache vun all de genannte Gewaltforme sinn d'Spuere vun Zäit an d'Spuere vu Geld. Duerch déi héich medikaliséiert a standardiséiert Ofleef, déi net zu lescht e lukratiivt Geschäft fir d'Dokteschen an d'Doktere sinn, bleift eng mammenzentréiert a mënscherechtsbaséiert Gebuertskultur op der Streck.

Do gehéieren ageleete Gebuerten, well et besser an der Gyneko hiren Agenda passt (an net well et eng medezinesch Indikatioun gëtt) grad sou dozou wéi d'Sprëtze vun Oxytocin no der Gebuert, fir datt d'Plazenta méi séier kënnt. Déi meescht Frae ginn dat lescht ni gewuer, well si et de Moment selwer net matkréien a net doriwwer opgekläert ginn.

Dobäi kënnt, datt an eisem staark hierarchiséierte Spidolswiese Patientinnen a Patienten dacks entmëndegt a net méi als vollwäerteg Mënsche behandelt ginn.

Méi wéi just Iwwerliewen

Etüden aus de Nopeschlänner weisen iwwerdeems, datt schwaarz Fraen a Frae mat Migratiounsgeschicht besonnesch heefeg Affer vu Gewalt ënner der Gebuert ginn. Do iwwerschneide sech Misogynie, Sexismus a Rassismus.

Aussoe wéi: "Mee eis geet et dach hei sou gutt an Haaptsaach d'Kand ass gesond" si vläicht gutt gemengt, tréischten awer sécher keng Mamm, déi nach Joren no der Gebuert vun hirem Kand u Panikattacke leit oder mat enger posttraumatescher Stéierung liewe muss. Et ass ausserdeem kee Geheimnis, datt et Kanner am beschte geet, wann et hiren Eltere gutt geet. Fraen, déi schlecht Erfarunge maachen oder souguer en Trauma behalen, leiden dacks jorelaang dorënner.

Jo, hei am Land stierwe glécklecherweis just nach wéineg Fraen a Bëbeeë bei oder no engem Accouchement. Ech erwaarde mir vun eiser Gebuertskultur awer méi, wéi datt ech a mäi Kand iwwerliewen.

Och den zweeten Elterendeel - meeschtens d'Pappen - erliewen d'Zäit an der Maternité iwwregens dacks als negativ. Wa si net grad finanziell privilegéiert sinn an eng éischt Klass hunn, gi si just als Besuch ugesinn an och esou traitéiert. Mee och d'Pappen, déi bei der Mamm an dem Kand dierfe schlofen, kréie kloer ze verstoen, datt si zweetrangeg sinn. Aus medezinescher Siicht ass dat novollzéibar, aus sozialer Perspektiv ass et réckstänneg an zementéiert klischeehaft Rollestereotypper.

Eng feministesch Gebuertskultur

Ënner dem beschriwwene System leiden awer net nëmme jonk Familljen, mee och vill Hiewannen, déi hire Beruff net sou kënnen ausüben, wéi si e geléiert hunn - nämlech de natierleche Gebuertsvirgang sou zeréckhalend, empathesch an douce wéi méiglech ze begleeden - an zwar vun Ufank bis Enn. An Däitschland ass et zum Beispill üblech, datt déi selwecht Hiewan Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett begleet.

Wéi géif dann eng feministesch Gebuertskultur ausgesinn? Déi brittesch Journalistin Milli Hill* faasst dat folgendermoossen zesummen:

  • D'Fraen accouchéieren do, wou se wëllen, also doheem, am Spidol oder an engem Gebuertshaus.
  • D'Frae kennen hir Choixen - an zwar baséierend op Fakten, an net op Ängschten.
  • De Frae gëtt nogelauschtert, si gi mat Respekt an Dignitéit behandelt.
  • Mammen erënnere sech gär an houfreg un d'Gebuert vun hirem Kand/hire Kanner.

Ech géif nach gär ergänzen: Den zweeten Elterendeel kritt d'Méiglechkeet d'Gebuert aktiv mat ze erliewen a sech vun Ufank un als vollwäertegen Elterendeel ze fillen.

Eng feministesch Gebuert ass eng selbstbestëmmt Gebuert. Egal, ob Cesarienne oder vaginal, ob mat Péridurale oder per Hypnobirthing, ob am Waasser, am Spidol oder Doheem. Awer d'Frae mussen de Choix hunn, hir Optioune kennen an dozou ermächtegt ginn.

Glécklecherweis deet sech eppes hei am Land. Feministinnen a Gebuertsrechtsaktivistinnen** ginn ëmmer méi haart a méi visibel an och d'Rechter vun de liberalen Hiewanne gi lues a lues gestäerkt. Och ginn et engagéiert Journalist*innen déi sech dem Sujet unhuelen.

Doriwwer eraus kann all Mënsch zu engem Wandel bäidroen, andeems jonk Elteren - besonnesch jonk Mammen, an hirem Erliewen a Fillen eescht geholl ginn a mir ënnerteneen empathesch a solidaresch sinn.


* D'Buch "Give Birth Like a Feminist" vun der Milli Hill kënnt Dir an der Bibliothéik vum CID | Fraen an Gender ausléinen

Initiativen, déi sech fir eng besser Gebuertskultur zu Lëtzebuerg asetzen:

Dës Opzielung ass net ofschléissend.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.